Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi
International Neiegkeeten

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi

Italien kënnt net wierklech aus senger politescher Kris eraus. Gëschter

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock
International Neiegkeeten

No de Wahlen an Italien geréit de Matteo Renzi ënner Drock

An de Reie vun der Demokratescher Partei an Italien rumouert

De Problem mat Social Media, erkläert a 34 Sekonnen
International Neiegkeeten

De Problem mat Social Media, erkläert a 34 Sekonnen

De ProZD ass bekannt dofir, kuerz a witzeg Videoen ze

Ee grénge Rettungsplang zur Bekämpfung vun der Covid-Kris?

Eis Wirtschaft fir eng nohalteg Zukunft nees undreiwen

Ee grénge Rettungsplang zur Bekämpfung vun der Covid-Kris?

COVID-19 – zur Zäit d’Top-Thema. Et gëtt quasi vun näischt Anerem méi bericht, all aner Themen a Prioritéite si bannescht der éischter Woch an den Hannergrond gedréckt ginn. Dëst zum Deel zu Recht – et muss mat dem néidegen Eescht an der erfuerderter Schnellegkeet gehandelt ginn, wann et d’Regierung an de Staat och maachen.

Mee déi aner béid Krisen – d’Biodiversitéits- a Klimakris – si weder verschwonnen, nach wäert d’Gesamtsituatioun sech no der Corona-Kris op wonnersam Aart a Weis spierbar an nohalteg gebessert hunn. Sou wéi d’Corona-Kris sinn och si eng Bedreeung vun der ëffentlecher Sécherheet a Gesondheet.

Doriwwer hannenaus sinn si säit Joerzéngten ofzegesinn. Mir kënnen an dierfen also net méi dulden, datt d’Politik, d’Industire an d’Gesellschaft sech hirer Verantwortung entzéien, sech enger systematescher a struktureller Verantwortung ze ënnerstellen. D’Zäit fir eng ganzheetlech Neigestaltung ass komm.

grénge Rettungsplang

© Bill Oxford / Unsplash

An dësem Kontext begréisst natur&ëmwelt ausdrécklech de Plang an d’Entschlossenheet vun der Lëtzebuerger Regierung gréng Corona-Rettungspäck ze schafen. An engem Mobiliséierungsopruff, de vill Entreprise, Minister, Europadeputéiert an Netregierungsorganisatiounen ënnerzeechen hunn, gëtt gefuerdert d’Wirtschaft an eng nei an nohalteg Richtung ze orientéieren an op esou engem Modell ze verankeren.

Esou sollen d’Gelder déi zur Rettung vun der europäescher Wirtschaft ubruecht ginn, gläichzäiteg dem Iwwergang zu engem klimaneutrale Wirtschaftssystem, dem Schutz vun der Aartevillfalt an der Ëmsetzung vun enger méi widderstandsfäeger an nohalteger Wirtschaft vun eisem Iessen déngen.

natur&ëmwelt stëmmt dem Kommentar vun hirer Partnerorganisatioun BirdLife zou:

„Onbestreitbar ass d’Potential, dat d’Europäesch Unioun ze bidden huet, mat Solidaritéit an immense Ressourcen d’Trauma vun der Corona-Kris fir d’Gesondheet, d’Wirtschaft an d’Psych ze iwwerwannen. Genau esou wéi versicht ginn ass, aus den Trëmmer vun de Weltkricher eng besser Gesellschaft ze erriichten, sinn och mir elo zum Handelen opgeruff.

Mir sinn dofir héich erfreet, eis dem Ruff vu MinisterInnen aus 11 Memberstaaten (dorënner d’Ministesch Carole Dieschbourg, sou wéi de Minister Pierre Gramegna, Claude Turmes a Franz Fayot), vu 79 Europadeputéierten aus verschiddene politesche Lageren a 17 EU-Memberstaaten, vu 37 Féierungsperséinlechkeeten vu verschiddenen Entreprisen a vun enger beandrockender Lëscht vu bedeitenden InteressevertriederInnen uschléissend ze kënnen.

grénge Rettungsplang

Zesumme maache mir däitlech, datt déi géigewäerteg Erausfuerderung ontrennbar ass vun dem genau esou dréngende Kampf géint de Klimawandel an de Verloscht vun der Biodiversitéit.

COVID-19 huet de schnellen an haarde Verlaf vun dëse béiden existentielle Krise leider net gestoppt. Tatsächlech huet de Virus de Schleier gelëft a brutal presentéiert, datt et eis u sozialer, ekologescher a wirtschaftlecher Gläichheet, Gerechtegkeet a Widerstandsfäegkeet feelt. Mir mussen eis nei Solidaritéit mat ähnlechem Enthusiasmus och der Bekämpfung vun dëser Kris widmen, hin zu enger fairer Gesellschaft.

Wann d’Corona-Kris eis eent léiert, dann ass et Folgendes: zesumme packe mir et, schnell, effektiv a massiv a Froe Liewen an Dout ze mobiliséieren. D’Wëssenschaft beweist, datt dat mënschlecht Iwwerliewen dovunner ofhänkt, datt mir ähnlech dramatesch Moossname géint d’Klimakris an den Aartekollaps aleeden.

Mir dierfen d’Chance net verpassen, déi gewalteg Opbauprogrammer zu Gonschten vun eiser Wirtschaft an de Schwächsten ënnert eis ze vereenen mat der Fuerderung no transformativem Wandel an der Grondiddi vum Europäesche Green Deal. Dëst ass een onverzichtbare Schrëtt hin zu der batter néideger Nohaltegkeet vun eiser Gesellschaft. Dëst kéint eis och aus der festgefuerener Situatioun beim Klima- an Naturschutz féieren. Wahrscheinlech wäerte mir de Virus besigen, mee wann mir d’Äerd aus hirem Gläichgewiicht an zum Zesummebroch bruecht hunn, gëtt et keen Enn vun enger Ausgangsspär, keen Opbau, keng Genesung“, sou den Ariel Brunner, Senior Head of Policy, BirdLife Europe and Central Asia.

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherbild: © Markus Spiske / Unsplash

Ähnlech Sujeten Aartekollaps, Biodiversitéit, BirdLife International, Coronakris, Covid-19, Green Deal, grénge Rettungsplang, Iwwerliewen, Klimakris, natur&ëmwelt, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel