Search

You may also like

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit
International Neiegkeeten

MELLIS – Een Hommage un ee Lëtzebuerger Traditiounsproduit

Eng Fläsch mat nostalgeschem Design a flëssegem gëllenen Inhalt strahlt

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch
International Neiegkeeten

Nom Referendum: Neikaledonien bleift franséisch

De franséische Premierminister Édouard Philippe huet sech e Méindeg a

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée
International Neiegkeeten

De Logement, en zentrale Sujet vun der sozialer Rentrée

Am Kontext vum Logement an dem Accès zu Wunnraum, huet

Wa sech d‘Grenzen nees schléissen

Dänemark a Finnland hunn Areesbeschränkunge virgeholl, Ungarn d‘Grenz ganz Dicht gemaach

Wa sech d‘Grenzen nees schléissen

Zanter dem 1. September Mëtternuecht sinn d‘EU-Grenzen zu Ungarn nees zou. Areesen ass elo nëmmen nach méiglech wann ee gewësse Krittären erfëllt. Bannent der EU huet dat elo zu Kritik gefouert. Woubäi schonn Dänemark a Finnland, fir eng Rei EU-Länner stramm Beschränkungen agefouert haten. Mee och aner EU-Memberlänner hu längst änlech Mesuren ergraff.

Dës Entwécklung stéisst bei der EU-Kommissioun op Onverständnis an et heescht elo, datt ee sech wëll beméien d‘Länner zu enger besser Koordinéierung bannent der Unioun ze beweegen. Et hätt ee proposéiert fir Beuerteelung vun der pandemescher Situatioun, gemeinsam Krittären ze schafen, wat ënnert anere kéint derzou féieren, datt et een eenheetlecht Faarfsystem fir Risikogebidder gëtt.

Zu Bréissel huet een anscheinend nach gutt an Erënnerung, wéi eng chaotesch Situatioun déi am Mäerz quasi iwwer Nuecht geschlosse Grenzen erbäigefouert haten. Vun der EU-Kommissioun heescht et dann och, datt et nëmme sollt Aschränkunge vun der Fräizügegkeet an der europäescher Unioun ginn, wann dat zur Andämmung vu Gesondheetsrisiken zwéngend noutwenneg ass.

Et sollt zudeem ëmmer eng koordinéiert Aktioun sinn, déi esouwuel verhältnesméisseg muss sinn, wéi se keen dierf diskriminéieren. Éischt Gespréicher mat Experten hat et leschte Freideg ginn an elo solle weider Reunioune follegen. Esouguer d‘Britten, déi jo geschwënn nees op sech gestallt sinn, drängen drop alles an d‘Wee ze leeden, fir de Chaos un den EU-Bannegrenzen ze vermeiden.

Zudeem schéngt ee sech elo och endlech emol doriwwer eens ze sinn, datt intensiivt Testen och méi nei Fäll un d‘Dagesliicht féiert. Et misst een d‘Fallzuelen entspriechend bewäerten. Teste wier jo och wichteg, an oniwwerluechten eesäiteg Decisioune géifen eng Auswäitung vun eben dësen Tester méiglecherweis a Fro stellen. Eng fir déi ganz Unioun gülteg Reegelung wier elo ugeroden.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Raquel Garcia / unsplash

Related topics Bannemaart, EU, EU-Kommissioun, Grenzen, Grenzschléissung, Ungarn
Next post Previous post