Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster
International Neiegkeeten

Evaluéierung vun ausgewielte Fläche vum Biotopkataster

Déi geschützt Biotopen a Liewensraim sinn an de Joren 2007

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten

Zeréck an d’Normalitéit: Zum Verhalen am ëffentlechen Transport

Lëtzebuerg wot éischt Schrëtt zeréck an d’Normalitéit. Ab e Méindeg,

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
International Neiegkeeten

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

Tëschefäll un de Grenze vun Europa

Tëschefäll un de Grenze vun Europa

Nach ëmmer hoffe vill Flüchtlingen an der Tierkei sech iwwert déi „oppe“ Grenze schloen ze kënnen. Beim Versuch ee Grenzzonk a Griicheland ofzerappen ass zu Ausenanersetzungen tëscht tierkeschen a griichesche Poliziste komm.

An der Nuecht zum Mëttwoch koum et un der tierkesch-griichescher Grenz zu enger zolitter Ausenanersetzung, wéi eng ronn 500 jugendlecher versicht hunn de Grenzzonk um Iwwergank Kastanies/Pazarkule néierzeräissen. Aenzeie beriichten, datt dobäi vun tierkescher Säit mat Tréinegasgranaten a Steng op d‘Beamte vun der griichescher Police an der Frontex geworf goufen.

GrenzeLaut dem griichesche Staatsfernseh hunn d‘Sécherheetskräfte staark Ventilatoren agesat, fir de Gas nees op déi tierkesch Säit eriwwer ze blosen. Och déi griichesch Police a Frontex hunn sech mat Tréinegas „revanchéiert“. Déi ganz Aktioun huet gutt annerhallef Stonn gedauert. Géint 4 Auer hunn sech d‘Flüchtlingen dann nees an d‘Lager vu Pazarkule zréckgezunn. Aktuell ass et roueg.

Dobäi hat d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel um Dënschdeg dem Sultan vun Ankara eng ganz Rëtsch Zougeständnesser gemaach. Esou beispillsweis d‘Opstockung vun den EU-Mëttel fir d‘Versuergung vu syresche Flüchtlingen. Un dësem Gespréich haten sech de franséische President an de britescher Premier bedeelegt. Si hätten sech zum Flüchtlingspakt bekannt, heescht et.

An dësem Pakt aus dem Joer 2016, ass sech drop verstännegt ginn, datt d‘Tierkei géint illegal Migratioun virgeet, firwat et Geld zur Versuergung a Betreiung soll ginn. Elo werft den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan der EU vir, net déi versprache sechs Milliounen Euro fir déi 3,6 Millioune Flüchtlingen iwwerwisen ze hunn. Enn Februar huet hien dunn d‘Grenzen opgemaach.

Grenze

Zanterhier sinn se zu dausenden un d‘Grenze vun Europa gezunn (oder gefouert ginn) a waarden op déi richteg Geleeënheet, sech op de Wee ze maachen. Fir de Sultan, dee vun engem osmanesche Räich dreemt, en Ugrëffskrich mat Syrien verschëllt huet an och a Libyen militäresch ënnerwee ass, ass d‘Erpressung also opgaangen. Am Kontext vun der Kris mam Coronavirus, kee gutt Zeechen…

mat indymedia/ath

Foto: Laut der tierkescher Noriichtenagence Anadolu, hätten 140.000 Migranten/Flüchtlingen elo d‘Grenz iwwerschratt. Dat stëmmt allerdéngs net an ass bëlleg Propaganda säitens dem President, dee senge Landsleit wëll weisen, datt hien nach ëmmer d‘Soen huet. © Anadolu

Ähnlech Sujeten Coronakris, EU, Flüchtlingen, Griicheland, Migranten, Pandemie, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel