Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen
International Neiegkeeten

Äerderwiermung: mat héije Kuelestoffpräisser ausbremsen

Op mannst bei 40 bis 80 Dollar soll bis 2020

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)
International Neiegkeeten

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)

Vum Samschdeg, den 23. Mee bis Méindes, de 25. Mee

GARDEN SOUNDS mam Maxime Bender Quartett um 5. September
International Neiegkeeten

GARDEN SOUNDS mam Maxime Bender Quartett um 5. September

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN SOUNDS eng

Grenzkontrollen an der EU stelle Schengen-Raum a Fro

Grenzkontrollen an der EU stelle Schengen-Raum a Fro

D‘Verlängerung vun de Grenzkontrollen innerhalb vun der EU ass noutwenneg, ugesicht der terroristescher Bedreeung. Esou de Plaidoyer vu Paräis a Berlin géintiwwer de Länner déi sech besuergt weisen, am Bezuch op ëmmer méi laang unhalend Derogatioune géint de fräie Verkéier am Schengen-Raum.

Den Debat huet zu Lëtzebuerg stattfonnt, wou sech d‘Inneminister vun den 28 getraff haten. Déi sechs Länner déi zanter 2015 erëm Grenzkontrollen agefouert hunn, bestätegen dann och hire Wëllen d‘Moossnam ze verlängeren. Hir Ausname kéimen u sech un d‘Enn: Oktober fir Frankräich, Mëtt November fir Däitschland, Éisträich, Dänemark, Schweden a Norwegen.

Mam Hiwäis op déi terroristesch Bedreeung, muss hinne Bréissel dann d‘Moossnam fir weider sechs Méint erlaben. „Mir deelen d‘Suerge vu verschidde Memberlänner aus Sécherheetsgrënn“ mee „Schengen ass lieweg a muss lieweg bleiwen“, esou den EU-Kommissär Dimitris Avramopoulos.

„Wa Schengen stierft, stierft Europa“

D‘Kommissioun huet an de leschte Méint widderholl matgedeelt, datt si ab November net méi gewëllt ass den aktuelle Kontrolle gréng Luucht ze ginn. D‘Kontrolle wieren opgrond der Migratiounskris an dem griichesche Grenzchaos vun 2015 agefouert ginn. En Argument dat haut net méi vertrietbar ass.

Mee d‘Länner kennen hir Texter gutt an esou baséieren hir „Fuerderungen“ op enger anerer legaler Basis, esou wéi dat vu Paräis virgemaach ginn ass. Déi terroristesch Bedreeung gëtt de Länner méi Fräiheeten op juristeschem Niveau, an et muss och net op d‘Zoustëmmung vu Bréissel gewaart ginn, fir Kontrollen duerchzesetzen.

Den Avramopoulos mengt awer: „Mir wäerten zukünfteg all Notifikatioun bewäerten, déi eis vun deene sechs Länner virgeluecht ginn“. Leider war den EU-Kommissär net an der Lag eis matzedeele wat d‘Kommissioun da géif ënnerhuelen, de Fall gesat zu Bréissel géif een d‘Situatioun anescht aschätze wéi d‘Länner. Den Avramopoulos bleift haart a mengt: „d‘Kontrolle kënnen net d‘Reegel ginn“.

National Souveränitéit

D‘EU-Kommissioun huet awer erënnert, datt si de Prinzip vun enger Reform vun de Reegelen am Code Schengen ugeholl huet. Dat, eng Fuerderung vu Paräis a Berlin, fir Kontrolle méi laang kënnen opriicht ze halen, wéi dat aktuell de Fall ass.

Bréissel hat dann och Enn September virgeschloen, d‘Perioden déi als Sécherheetsbedreeung kënnen ugesi ginn, vu sechs Méint op ee Joer ze verlängeren. D‘Kommissioun wier esou bereet den Zäitraum vun de Kontrollen op bis zu zwee Joer auszebauen, mee an deem Fall missten déi aner Memberlänner deem zoustëmme.

Frankräich an Däitschland awer verlaange grondsätzlech méi laang „Perioden“ a gesi kee Grond firwat déi aner Länner deem zouzestëmmen hätten. De franséischen Inneminister Gérard Collomb erkennt un, datt de Virschlag vun der Kommissioun e wichtege Schratt ass, mee: „Mir wëllen déi national Souveränitéit erhalen, fir alles wat e fundamentale Problem fir all Land ass, den Terrorismus“.

Op der aner Säit

Géintiwwer de Positioune vu Frankräich an Däitschland, hu vill Länner d‘Verlängerung vun de Kontrolle bedauert. Bedauert gëtt dann och d‘Perspektive, datt et ëmmer méi einfach gëtt d‘Kontrollen anzeféieren. De fräie Verkéier fir Mënsch a Wueren am Raum Schengen wier domatter a Fro gestallt.

De slowakeschen Inneminister Robert Kalinak bréngt et op de Punkt: „Dës Propose maache mech traureg. Mir mussen zréck an d‘Realitéit fannen a Schengen vun eise Baussegrenzen aus schützen, an net vun de Bannegrenzen. Och Polen, Ungarn a Slowenien hunn hir léif Méi a maachen drop opmierksam, datt dee ganzen Zauber eng wirtschaftlech Katastroph ass.

Aus Estland, dat aktuell d‘Presidence vun der EU huet, d‘Wuert vum Minister Andres Invelt: „Op Schengen verzichte wär en historeschen an onberechenbare Verloscht fir d‘EU“. Hie rifft d‘Länner op e Kompromëss ze fannen, dee Sécherheet mat fräiem Verkéier gläichermoosse berécksiichtegt.

mam Cédric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Europa, Frankräich, Grenzkontrollen, Schengen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel