Search

You may also like

D‘Nationalbibliothéik soll eng nei Directrice kréien
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik soll eng nei Directrice kréien

Nieft villen aneren Themen, zu deenen de Regierungsrot no senger

money
ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden
Neiegkeeten

ArcelorMittal dierf de Standuert Diddeleng u Liberty House oftrieden

Nodeems zu Bréissel d‘EU-Kommissioun seng „Enquête“ zum Verkaf vun enger

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss
Neiegkeeten

US-Dron un der iranescher Küst ofgeschoss

D‘Amerikaner schécken eng Dron iwwert den Iran fir ze spionéieren

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie

Nodeems Lëtzebuerg nees als Risikogebitt gëllt, muss sech op nei Moossnamen a Reegelen un de Grenzen agestallt ginn

De Grenzverkéier an d‘Covid19-Pandemie

Zanter leschtem Freideg gëllt Lëtzebuerg nees als Risikogebitt, datt well d‘Zuele vun de Covid19-Neiinfektiounen nees staark ugezunn hunn. Et ass allerdéngs net dovunner auszegoen, datt et op eise Grenzen zum schonn emol erliefte Chaos kënnt. Nach hunn déi sëllegen Ausname mat den ugrenzenden däitsche Bundeslänner Bestand, mee et sollt een uecht dinn, wëll Reegele gëtt et awer.

Esou heescht dann och weiderhin, datt Residenten aus Lëtzebuerg, déi an Däitschland areese wëllen entweder en negative Covid19-Test (dee maximal 48 Stonnen al ass) virweise kënnen, oder sech a Quarantaine musse beginn. D‘Grenzgänger, egal a wéi eng Richtung, sinn allerdéngs vun dëser Mesure befreit. Fir Rheinland-Pfalz an d‘Saarland heescht et zudeem, datt wien sech net méi laang wéi 72 Stonnen zu Lëtzebuerg opgehalen huet, sech och net muss a Quarantaine beginn.

Zimmlech änlech verhält et sech mat eise belschen Noperen. Residenten déi also an d‘Belsch wëllen, dierfen sech do maximal 48 Stonnen ophalen. Ausname gëtt et dann awer och nees fir Grenzgänger, Studenten a sougenannt Noutfäll. An dësem Fall brauch een dann awer ee speziellt Formular. Den eegene Leit roden déi belsch Autoritéiten, sech no engem Besuch zu Lëtzebuerg eegestänneg testen ze loossen a sech bis zur Virlag vum Resultat vun aneren ze isoléieren.

A wann eis franséisch Noperen elo nach keng Moossnamen an/oder Aschränkunge beschloss hunn, esou hunn och d‘Eedgenosse Lëtzebuerg zum Risikogebitt erkläert. Residenten déi an d‘Schwäiz wëllen, mussen sech do 10 Deeg a Quarantaine beginn. Hei kann een negative Covid19-Test dës Quarantaine weder verkierzen nach verhënneren. Woubäi eng kleng Ausnam gëtt et schonn: wien sech mann wéi 24 Stonnen zu Lëtzebuerg opgehalen huet, ass vun dëser Mesure ausgeholl.

Vum Ausseministère heescht et, datt een a stännegem Kontakt mat den zoustännegen Autoritéiten ass, an sech zäitno iwwert d‘Evolutioun vun der allgemenger Lag um Lafenden hält. Dobäi huelen d‘Infektiounszuelen net eleng zu Lëtzebuerg zou. Och an deene Länner, déi eis elo nei Reegele virleeë klammen d‘Neiinfektiounen. Erschwéierend kënnt derbäi, datt et elo och op déi alljärlech Wantergripp zougeet. Hei wier ee gutt beroden, sech impfen ze loossen, mee interesséiert et een?

Illustratioun: © Tamas Tuzes-Katai / unsplash

Related topics Belsch, Beruffspendler, Covid19-Pandemie, Däitschland, Frankräcih, Frontalieren, Grenzgänger, Grenzverkéier, Risikogebitt, Schwäiz
Next post Previous post