Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Europäesch Zentralbank: Bis 2020 keng Zënserhéijung
International dating portal regensburg catfishing dating stories

best dating website free uk

En Donneschdeg huet déi europäesch Zentralbank (EZB), déi vum fréiere

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!
International dating portal regensburg catfishing dating stories

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen.

Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…
International dating portal regensburg catfishing dating stories

Stock-Car: Wann engem e Rad ewech fiert…

An der Stock-Car Saison war den 22. Juli Halbzeit ugesot,

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält

Op den Dag genau ass et ee Joer, datt d’Greta Thunberg eng Well ëm Klimadiskussiounen an Zukunftsvisiounen a Beweegung gesat huet. Wat mat engem individuelle Schoulstreik um Freideg virum schwedesche Parlament ugefaangen huet, konnt sech rapid zu enger weltwäiter Beweegung entwéckelen, déi d’Politik an d’Gesellschaft kritiséiert, erausfuerdert a Léisunge verlaangt.

Mat jonke 15 Joer hu mir net dru geduecht, d’Welt beweegen ze kënnen. Wat kann ee klenge Mënsch eleng scho maachen? Polariséieren! A genau dat huet d’Greta Thunberg a kierzester Zäit fäerdeg bruecht. Fir déi jonk Generatiounen ass et vu Bedeitung, datt een d’Wuert ergräift a sech fir eng liewenswäert Zukunft asetzt. An hei huet d’Meedche mat den Trëtzen d’Zepter ergraff.

Um 20. August 2018 huet hatt eng éischte Kéier eleng virum schwedesche Parlament fir méi Klimaschutz protestéiert. Et sollt net laang daueren, bis sech SchülerInnen, Jugendlecher a jonk Erwuessener weltwäit dem Fridays for Future-Mouvement ugeschloss hunn. An 365 Deeg konnten nach ëmmer keng konkret Léisunge géint d’Äerderwiermung fonnt ginn, woubäi de bloe Planéit mam Greta awer wuel eng méi staark Stëmm gewonnen huet, wéi et sech bekannte Politiker fir hir eege Karriär wënsche kéinten.

Greta

Am Abrëll gouf zu Stroossbuerg schonn diskutéiert © EU Council

Ee klenge Schrëtt fir d’Greta, ee grousse Schrëtt fir d’Mënschheet?

Equipéiert mat engem Schëld mat der Opschrëft „Skolstreijk för klimatet“ ass de Grondstee fir d’Symbolfigur gesat ginn. Knapp dräi Woche méi spéit ass een neit Parlament gewielt ginn, dräi Wochen an deenen dat 15 Joer jonkt Meedche streike wollt. Nëmmen een Dag méi spéit ass de Grupp scho gewuess. Enn August ass d’Noriicht vum Schoulstreik och an eiser Géigend ukomm, d’Gedanke bei de Jugendlechen hunn ugefaangen ze kreesen.

Een Dag virun de Walen deelt d’Greta mat, datt hatt ab elo all Freideg demonstréiere wäert. Schweden soll sech un d’Paräisser Klimaofkommes halen, iwwer Social Media rifft hatt zur Undeelnam op. Op Instagram ass esou #FridaysForFuture gebuer ginn.

Greta

© Greta Thunberg (Official)

Enn 2019 entstinn op der ganzer Welt Protester fir méi Klimaschutz. Och Lëtzebuerg hëlt eng éischte Kéier am Mäerz mat Youth for Climate Luxembourg deel. Bei der UN-Klimakonferenz zu Katowice am Dezember trëtt dat jonkt Meedchen eng éischte Kéier op der internationaler Bühn op a weist eis all, wat et heescht, ëm seng Zukunft zidderen ze mussen.

Um 21. Februar steet d’Greta zu Bréissel nieft wichtegen EU-Vertrieder, trëfft kuer drop ënnert anerem de franséische President Macron, de Barack Obama an de Poopst. No zuelräiche weideren Demonstratiounen, Treffen an Diskussioune mat Politiker, Präisiwwerreechungen a Kritik huet d’Thunberg um 10. August 2019 den Hambacher Forst besicht. Mam Optrëtt wollt hatt de Bësch zeréck an eist Bewosstsinn bréngen. Duerch eng Foto mat enger vermummter Bësch-Besetzerin ass hatt nees den negative Kritike verfall.

Greta

Zu Besuch am Hambacher Forst © Anett Selle

Zënter dem 14. August ass d’Greta, zesumme mat sengem Papp Svante, dem Skipper Boris Herrmann an engem Kamerateam um Wee bei den UN-Klimasommet. Fir ouni Emissiounen iwwert den Atlantik ze kommen hëlt hatt eng ustrengend a geféierlech Rees vun 13 Deeg mat engem Seegelboot a Kaf. Och kuerz virum Ufank vum Evenement zu New York um 20. September sinn nees international Protester ugekënnegt ginn. Ënnert dem Motto „All fir de Klima“ ginn net nëmme Jugendlecher opgefuerdert, sech ze mobiliséieren.

Greta

Um Wee op New York © Greta Thunberg (Official)

„Ech well ee Planéit, op dem mir gäre liewen!“

Et mierkt een, datt d’Meenungen iwwert d’Persoun Greta Thunberg a seng staark Aktiounen immens ausernee ginn. Virun allem gëtt awer d’Argument ervir gehuewen, datt seng Elteren d’Kand aus finanziellem Interessi fir den eegenen Erfolleg ausnotzen. Eegenen Aussoen no ass et fir d’Greta selwer virun allem wichteg, ze polariséieren. Kritik prallt direkt vun him of, Beleidegungen an net-konstruktiv Argumenter weisen him just, datt d’Géigner net genuch Material a Wëssen fir ze konteren hunn.

D’Behaaptungen ëm d’PR-Campagne ëm ee jonkt naiivt Meedchen si scho gepréift ginn. Eraus koum, datt déi schwedesch Entreprise Rentzhog den Numm Thunberg zu Reklammen-Zwecker genotzt huet, dat allerdéngs ouni d’Wësse vum Meedchen an der Famill. Och de Virworf, datt d’Greta just Bekanntheet duerch d’Buch vun der Mamm an duerch d’Entreprise vum Papp erlaangt huet, konnt net bewise ginn.

Rentzhog hat am August 2018 als eng vun den éischten Entreprisen iwwert de Schoulstreik a Schweden bericht. Een Ëmweltaktivist hat den Tipp per Email ginn, de Streik selwer haten si net geplangt an och d’Greta hu si net kannt. Den Numm vum Meedchen ass spéider an de Prospekter genotzt ginn, wouduerch d’Firma eng knapp Millioun Kapital erziilt huet. Am Dokument sollt awer net d’Aktivistin, mee Fakten an Aktivitéiten ee Support fannen. Géigeniwwer CORRECTIV huet den Igmar Renthzog schliisslech ënnerstrach: „Mir hu kee Profit gemaach. Mir hunn déi eng Millioun Euro Kapital vu Mënsche kritt, déi eis Saach ënnerstëtzen.“ Hien hätt just gehollef „de wichtege Message an d’Welt ze droen.“

Greta

Dem Rentzhog seng Äntwert via Facebook

An d’Entreprise vum Papp?

Schonn am viraus war de Svante, Papp vun der Klimaaktivistin, als Acteur, Produzent an Auteur net grad onbekannt. Allerdéngs muss een soen, datt zënter der Greta-Ära déi eng Firma Ernman Produktion AB am Joer 2018 een ähnleche Profit (363.000 € Nettoëmsaz, 137.000 € Gewënn) gemaach huet, wéi am Joer 2016. Seng zweet Firma Northern Grace AB huet an de leschte Jore guer keen Ëmsaz gemaach.

Greta

© Greta Thunberg (Official)

Greta: Kuerz a kompakt

Dat mëttlerweil 16 Joer jonkt Greta Thunberg ass um 3. Januar 2003 zu Stockholm gebuer ginn als Kand vun der Opernsängerin Malena Ernman an dem Acteur Svante Thunberg. Bei béide Kanner vun der Koppel soll Autismus diagnostizéiert gi sinn. Beim Greta äussert sech den Asperger doduerch, datt hatt sech ouni Paus engem speziellen Interessi higi kann: an dësem Fall dem Klimawandel.

Als Kand vun 8 Joer huet hatt eng éischte Kéier vum Begrëff héieren, sech mat der Problematik beschäftegt an ee Buch nom aneren zum Thema gelies. An dësem Joer ass hatt, duerch säin Handelen, an d’Lëscht vun den 100 aflossräichste Perséinlechkeeten vun 2019 opgeholl ginn.

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Asperger, Correctiv, Greta Thunberg, Klimaaktivistin, Klimawandel, Schweden, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel