Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen
International Neiegkeeten

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Op hirem Nationalkongress zu Rolleng huet déi lénk de Bilan

Shutdown: Eng presidentiell Offer
International Neiegkeeten

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

D‘Greta Thunberg zu Davos: „Ech wëll datt dir a Panik gerot“

16 järeg Ëmweltaktivistin béit muechtbesiessen Topmanager den Dicks

D‘Greta Thunberg zu Davos: „Ech wëll datt dir a Panik gerot“

Et wier un der Zäit fir eppes méi däitlech Wierder, esou déi 16 järeg schwedesch Schülerin, déi emol an der Woch ganz bewosst de Schoulunterrecht schwänzt, fir virum Regierungsgebai géint d‘Inaktivitéit vun der Politik géintiwwer dem Klimawandel ze protestéieren.

Fir déi zu Davos versammelt „Wirtschaftselite“ a politesch Kréimerséile war et en emotionalen Opruff deem si sech ausgesat gesinn hunn, wéi d‘Greta Thunberg sech u si gewannt huet. „Ech wëll datt dir handelt wéi äert eegent Haus brenne géif, well genee dat mécht et!“, esou d‘Knetzel an enger Diskussiounsronn, déi éischter „belemmert“ dra gekuckt hunn, wéi dat wéilte verstoen ëm wat et hei eigentlech geet. Hir kriminell Machenschaften hu se géint esou eppes ofgehäert…

Mee dat Krappegt huet sech net aschüchtere gelooss, huet déi jugendlech awer schaarf Krallen déif an d‘Iwwerreschter vun engem fréiere „Gewëssen“ gedriwwen. D‘Äerderwiermung géifen net als „Kris“ betruecht, well all déi wou sech zu Davos mat Schampes begéissen, nëmmen am Goss an am Wuesstem de Sënn vum Liewe gesinn. Dobäi handelt et sech beim Klimawandel ëm déi gréissten Erausfuerderung, där sech d‘Mënschheet ze stellen hätt, an hei gëtt nëmmen nom Profit gesicht.

Weise wéi et geet, deenen Domme muss een ëmmer weise wéi et geet!

D‘Greta Thunberg, dat am Géigesaz zu deenen zu Davos versammelten Elitten aus Schweden mam Zuch ugereest ass – ëmmerhin eng 30 Stonne-Rees – huet mat sengen Aktiounen d‘Jugend an Europa zumindest e Stéck vereent. An der Belsch ginn d‘Schüler mam Slogan „Youth 4 Climate“ Donneschdes op Strooss. An der Schwäiz an bei eisen däitschen Noperen, dat selwecht Bild mee en anere Slogan: „Fridays For Future“. Mee déi „ganz Gescheit“ huelen et nach net zur Notiz…

An esou war net nëmmen zu Davos dat „schlecht Gewëssen“ voll am Asaz, nee och zu Berlin ass op e neits mat „Wir sind hir, wier sind laut, weil ihr uns déi Zukuft klaut!“ deenen d‘Spigel virgehale ginn, déi eenzeg an eleng all weidere Schratt an déi falsch Richtung ze veräntwerten hunn. An déi sollte schonn emol de laange Kalzong aus dem Schaf huelen, well déi Jonk schéngen net gewëllt sech weiderhin all Sauerei vun hire politesche Pappen a Mamme gefalen ze loossen.

Davos

Gëschter Mueren haten sech d‘Schüler virum Bundeswirtschaftsministerium versammelt, wou d‘Kuelekommissioun siegéiert huet. D‘Luisa Neubauer – déi als däitscht Greta betruecht gëtt – huet virun der Kommissioun dierfe schwätzen, ganzer dräi Minutten, an op iwwerhaapt ee matkritt huet wat déi jonk Ëmweltaktivistin virgedroen huet, et ass net iwwerliwwert. Mee déi wou komm ware sinn héiflech mat Applaus och nees vrun d‘Dier gesat ginn, et gëtt jo Wichtegeres ze beschwätzen.

Foto: Onst Haus brennt“ seet déi schwedesch Ëmweltaktivistin vu grad emol 16 Joer. Si ass dat Beispill fir honnertdausende jonk Mënschen, déi wéi d‘Greta Thunberg emol an der Woch d‘Schoul bestreiken an fir de Klima manifestéiere ginn. „Zu Davos läit de Leit drun vun Erfolleg ze schwätzen, mee och de finanzielle Succès kënnt mat engem Präisschëld dohier, a beim Klima hu mir versot. Esou laang wéi mir d‘Feeler am System net erkennen a behiewen, dreet eis immenst Leed“. © World Economic Forum

Ähnlech Sujeten Davos, Greta Thunberg, Klimawandel, Weltwirtschaftsforum, World Economic Forum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel