Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet
Neiegkeeten

EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet

Déi protektionistesch Moossname fir d‘US-Industrie ze schützen, esou wéi et

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen
Neiegkeeten

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net

money
Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed
Neiegkeeten

Cargolux: Eng Fluchgesellschaft gënnt sech e neit Kleed

Fir d‘Cargolux an Lux-Airport schreift sech den 10. August a

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

Griicheland fënnt eng Léisung mat den Scholdenandreiwer

No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech kënne mat de concernéierte Parteien iwwert weider Reformprojeten eenegen. Am Laf vun haidege Moien war jiddefalls de leschte Punkt gekläert, an zu Athen hoffen se elo och endlech kënnen iwwert ee Scholdeschnëtt ze schwätzen.

De griichesche Finanzminister Euklid Tsakalotos huet sech emol zefridde gewisen an der Press matgedeelt dat all Verhandlungspunkten konnten ofgeschloss ginn. Dat bestätegt och den Euro_Rettungsfong (ESM). Alles an allen geet et ëm ee Spuerpak vun ronn 3,6 Milliarden Euro. Virgesinn si Rentekierzunge vun bis 18% ab Januar 2019 an och de Steierfräibetrag soll vun elo 8.600 op 5.600 Euro erofgesat ginn, dat dann ab Januar 2020.

Och fir d‘Salariéeën wäert d‘Liewen net méi Einfach ginn. Esou ass virgesinn dat et „Erliichterunge“ am Aarbechtsrecht soll ginn, wat näischt anescht bedeit wéi dat de Leit méi licht soll kënne gekënnegt ginn. Deswiederen sollen d‘Privatiséierungen weidergedriwwen ginn. Fir dës haart Spuermoossnamen auszegläichen sollen am Géigenzuch déi äermst Familljen mat stattlech Hëllefsmoossnamen ënnert d‘Äerm gegraff kréien. Riets geet beispillsweis vun Loyerssubventioun.

Vum däitschen Bundesfinanzministère war dann nach ze héieren, datt et an Detailfroen, wéi dem op laang Siicht ugestrieften Haushaltsiwwerschoss nach villes ze klären gëtt. Dat den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble net bekannt ass Griicheland Faveuren ze accordéieren ass gewosst an esou dierft et nach zu weideren Entrevuen kommen.

Den Euklid Tsakalotos huet nach erkläert dat Kontrollere elo hire Bericht mussen der Eurogrupp virleeën, wat fir déi nächst Deeg virgesinn ass. Hirersäits muss elo d‘griichesch Regierung all déi Moossnamen an Gesetzestexter schreiwen an dem Parlament virleeën. Mat enger Ofstëmmung gëtt schonns an der Mëtt vum Mount gerechent. D‘Eurogrupp hirersäits muss iwwert d‘Eenegung bei hirer nächster Sëtzung vum 22. Mee iwwert de Kontrollbericht befannen.

Sécherlech ass dervunner auszegoen dat dës Nouvellen beim Bierger net op dat erhoffte Versteesdemech wäert treffen an et muss mat heftege Protestaktioune gerechent ginn. Déi gréissten Oppositiounspartei „Nea Dimokratia“ huet dann och schonn reagéiert an eng Erklärung ofginn. Dorausser geet ervir dat Si sech wäert géint d‘Kierzunge vun de Renten an Steiervirdeeler wäert ze wieren wëssen. Vu Gewerkschaftssäit ass och ewell ugekënnegt ginn dat fir den Dag vun der Ofstëmmung ee Generalstreik geplangt ass.

Wann dann och elo emol ee Schratt gemaach ginn ass deen op mannst d‘Eurogrupp sollt zefriddestellen, esou muss awer trotzdeem beuecht ginn dat Athen kuerzfristeg neit Geld brauch, wëll net méi spéit wéi am Juni nach emol eng Tranche Scholden an héicht vun 7,5 Milliarde fälleg gëtt. D‘griichesch Regierung erhofft sech allerdéngs engersäits, dat mat haideger Eenegung de Wee fir ee Scholdeschnëtt fräi gemaach gouf an anersäits weider Gelder aus deem bis 86 Milliarde schwéieren Hëllefsfong ausbezuelt ginn.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel