Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loftschléi géint Syrien: Wat ee bis ewell weess
https://moien.lu/over-40-dating-service/ Neiegkeeten

ross lynch dating profile

D‘USA, Groussbritannien a Frankräich, hunn an der Nuecht vum Freideg

https://moien.lu/definition-dating-agency/
https://moien.lu/over-40-dating-service/ Neiegkeeten

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Um Donneschdegowend, während sech den Emmanuel Macron an de Xavier

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
https://moien.lu/over-40-dating-service/ Neiegkeeten

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

Griicheland trauert a kämpft weider géint d‘Flamen

Griicheland trauert a kämpft weider géint d‘Flamen

Et ass keng liicht Aarbecht, an awer hunn d‘Pompjeeën um Mëttwoch nees d‘Sich opgeholl, an der Hoffnung nach Mënschen an den Haiser vun de Küstestied Mati a Rafina opzefannen. Am Oste vun Athen geleeën, si béid Touristestied vun de Flamen zerstéiert ginn. Laut dem leschten offizielle Bilan, si bei dësem Feier 74 Leit verstuerwen, 187 sinn der blesséiert ginn.

Dëse schreckleche Virfall, deen als „national Tragedie“ vun de griichesche Medie beschriwwe gëtt, huet Méindegnomëttes ugefaangen. Um nogeleeëne Bierg vu Pendeli war d‘Feier ausgebrach. Mat engem Wand dee Spëtzte vun 100 Km/H erreecht huet, konnt sech d‘Feier séier ausbreeden, an huet bannent e puer Stonne Mati „iwwerrannt“, wou honnerte Wunnengen Affer vun de Flame goufen.

Zu Mati, wou sech d‘Feier onbeschreiflech séier säi Wee gemaach huet, war net grouss Zäit fir ze iwwerleeën. Hei hunn sech d‘Awunner a Panik a Richtung Strand verfuusst, wou eng ganz Partie vun hinnen, sech iwwert eng Stonn am Mier hu missen ophalen, fir de flamen ze entgoen. Um Dënschdeg dann de Schock: makaber Entdeckungen hunn d‘Land erféiert.

Esou si beispillsweis op engem Terrain 26 verbrannte Kierper opfonnt ginn, dorënner och déi vu klenge Kanner. „Si sinn a Gruppen opfonnt ginn, et erkennt un der Positioun vun de Kierper dat si sech ëmäermelt hunn, et war hire leschte verzweiwelte Versuch sech ze Schützen“, erzielt ënner Tréinen de Vassilis Andriopoulos, e Member vun de Rettungsdéngschter.

Griicheland

An der Stad Mati stinn déi ausgebrannte Karkasse vun den Autoen. Et ass alles esou séier gaangen, datt kaum eng Chance bestanen huet sech iwwert d‘Strooss ausser Gefor ze bréngen. 74 Mënschen hunn hei hiert Liewen am Feier gelooss. © Angelos Tzortzinis/AFP

„Ech hunn d‘Flame virun der Fënster vum Hotel gesinn a geduecht déi explodéiert elo…“ erzielt d‘Alina Marzin (20) eng däitsch Touristin vu Wuppertal, déi sech um Méindegowend nach mat hiren Elteren an dem Brudder, am Hotel Capo Verde zu Mati opgehalen hunn. Si sinn e puer Stonne méi spéit evakuéiert ginn, an u Bord de Schëffer vun der Hafen-Police no Rafina bruecht ginn.

Wien sech net konnt a Sécherheet bréngen…

Honnerte Pompjeeën, ënnerstëtzt vu Polizisten a Dosende Fräiwëlleger, hunn de ganzen Dënschdeg iwwer weider no méiglechen Affer gesicht. Dat enger Zon vun der Attika, déi nach ëmmer vun de Flame verschlonge ginn ass. D‘Spriecherin vun de Rettungsdéngschter, Stavroula Maliri, bestätegt ongezielten Uriff vu Leit déi op der Sich no Familljememberen oder Frënn waren.

Zur selwechter Zäit hunn d‘Ingenieure vum Transportministère an der Regioun, sech dru gemaach de Schued ze erfaassen. De Gemengeconseiller vu Rafina, Myron Tsagarakis, huet eis gesot: „Ech fäerten datt et nach méi Affer gëtt, besonnesch eeler Mënsche konnten sech net méi a Sécherheet bréngen“. Bis dohinner war et der Regierung onméiglech e provisoresche Bilan ze erstellen.

Bei de Bränn a Griicheland muss gefaart ginn, datt de Bilan nach eppes méi schlecht ausfält, wéi dat schonn 2007 de Fall war, wou 77 Mënschen ëm d‘Liewe komm waren. Insgesamt sinn 187 Leit an d‘Spidol komm. Um Dënschdegowend waren der nach 82 hospitaliséiert, dovunner 10 Mënschen déi an engem „kriteschen“ Zoustand sinn. 11 Kanner sinn nach zur Observatioun am Spidol.

Vill vun de Leit déi d‘Tragedie iwwerlieft hunn, hate Stonnelaang a gréisster Angscht, an enger onbeschreiflecher Äschewollek um Rand vun oder direkt am Waasser, op d‘Rettungsdéngschter gewaart. Heibäi sollen op mannst sechs Persounen erdronk sinn. Ronn 715 Persoune konnte mat Schëffer vun der Arméi oder op privaten Embarcatiounen an den Hafe vu Rafina evakuéiert ginn.

D‘Fändelen op Hallefmast gesat

De griichesche Premierminister Alexis Tsipras, dee sech op der Televisioun un d‘Bierger vum Land gewannt huet, huet dräi Deeg „Staatstrauer“ ausgeruff. D‘Fändele gi bis e Freideg op Hallefmast gesat. Och d‘Festivitéiten, mat deenen un de Retour vun der Demokratie am Joer 1974 soll erënnert ginn, goufen ofgesot. De Finanzministère huet 20 Milliounen Euro als éischt Hëllef bereet gestallt.

Mati, eng touristesch Stad wou d‘Kiferen omnipräsent sinn, ass am schlëmmste vum Feier betraff. Hei huet sech d‘Feier esou séier am urbane Gebitt ausgebreet, datt näischt méi ze rette war. „Mati existéiert net méi!“, esou de Constat vum Buergermeeschter Evangélos Bournous, dee bestätegt, datt iwwer 1.000 Haiser a mindestens 300 Gefierer vun de Flame verschlonge gi sinn.

Um Dënschdegowend hunn d‘Pompjeeë matgedeelt, datt am Secteur vu Mati, d‘Feier ouni aktiv Front evoluéiert huet. Eng weider Front huet sech dofir iwwer Kineta, westlech vun der Attika, opgedoen. Hei hat et e Méindeg vill Schued awer keng Affer ginn. „Dräi Lokalitéiten zu Kineta sinn aus Sécherheetsgrënn evakuéiert ginn“, esou d‘Spriecherin vun de Rettungsdéngschter.

Griicheland

E Bléck op Mati aus der Luucht. Hei gëtt et näischt wat net de Flamen zum Affer gefall ass. „Mati existéiert net méi!“, esou de Constat vum Buergermeeschter Evangélos Bournous. © Savvas Karmaniolas/AFP

Griicheland huet en Dënschdeg, ugesiichts dem Ëmfang vun dëser Katastroph, den europäeschen Zivilschutz-Mechanissem aktivéiert. D‘Reaktioun dorops war prompt an direkt sinn Moossnamen ergraff ginn. Spuenien, Frankräich, Israel, Bulgarien, d‘Tierkei, Italien, Mazedonien, Portugal a Kroatien, hunn hir Hëllef, haaptsächlech mat Fliger, ugebueden a lassgeschéckt.

Europa kann och „Solidaritéit“?

An engem Tweet huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker d‘Ënnerstëtzung vun der Communautéit zougeséchert: „D‘Kommissioun wäert net un Efforte spueren, fir Griicheland ze hëllefen“. Och d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, huet de Griichen, mat engem Telegramm un den Alexis Tsipras matgedeelt, datt „De Schmäerz vun de Betraffenen eis all beréiert“.

De Poopst huet seng „grouss Trauer“ ausgedréckt, an den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg, huet d‘Solidaritéit vun der Allianz ausgeschwat. D‘Regierung zu Athen huet matgedeelt, datt een d‘Käschte fir Begriefnesser iwwerhëlt, a versprécht fiskalesch Moossname fir déi Betraffen ze entlaaschten. De Parquet huet eng Enquête opgemaach, fir d‘Ursaach vum Feier festzestellen.

Vir enger Polemik virzegräifen, déi sech op „d‘Äntwert vum Staatsapparat“ bezitt, huet den Alexis Tsipras ënnerstrach, datt een hei engem extrem asymmetresche Phenomen ausgesat war. An den Dimitris Tzanakopoulos erklärt: „15 Bränn si gläichzäiteg op dräi verschiddene Fronten an der Attika ausgebrach“. D‘USA hunn eng Drone geléint, fir d‘Regioun aus der Luucht ze observéieren.

mam Hélène Colliopoulou an dem Catherine Boitard/AFP

Foto: En Haus zu Kineta gëtt vun de Flame verschlongen. Iwwer 300 Pompjeeën, fënnef Fliger an zwee Helikopter, sinn hei am Asaz fir dat schlëmmst ze verhënneren. Duerch de kräftege Wand ass d‘Feier kaum an de Grëff ze kréien. © Valerie Gache/AFP

Ähnlech Sujeten Attika, Feier, Griicheland, Mati, Rafina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel