Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH
https://moien.lu/spokane-dating-sites/

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

https://moien.lu/hookup-secure-id/
https://moien.lu/spokane-dating-sites/

https://moien.lu/malm-speed-dating/

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot
https://moien.lu/spokane-dating-sites/

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Et vergeet a grousse Gemenge kaum eng Rotssëtzung ouni datt

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon

D‘Gemengepolitiker weiderhin onzefridden, d‘Regierung optimistesch

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon

De franséische Konzern „Fage“ huet sech an der Industriezon en Terrain vu 15 Hektar ugelaacht a wëll hei eng Jughurtsfabrick opriichten. Wéini dat soll geschéien ass bis ewell nach net gewosst. Et gëtt zudeem massive Widderstand säitens der Gemeng, déi zolidd Bedenke fir d‘Ëmwelt huet.

An um Krautmaart ass et dann och den Oppositiounspolitiker Claude Wiseler (CSV) deen den Nol gekonnt op de Kapp trëfft. Esou geet hien op dat duebelt Spill vum Josée Lorsché an, déi engersäits Fraktiounscheffin vun déi gréng an der Chamber ass a gläichzäiteg éischte Schäffe vun der Gemeng Beetebuerg ass. Déi war de 14. Juni am Bertelsmann-Interview nach „decidéiert“ géint de Projet.

Um Krautmaart stellt d‘Josée Lorsché dann awer fest, datt si sech um Radio als Schäffin vun der Gemeng ausgedréckt huet. Als Deputéiert vun der Majoritéit, dréit si selbstverständlech de Projet „Jughurtsfabrick“ awer mat. Dat mécht Sënn, d‘Koalitiounsregierung DP-LSAP-déi gréng ass dem Projet schliisslech positiv gesënnt. Eng bosseg Situatioun, déi awer eng Rei Froen opwërft.

Gutt datt wéinstens de Wirtschaftsminister Etienne Schneidert (LSAP) nach den Duerchbléck huet, woubäi och hien der Situatioun e gewëssen ironesche Charakter net ofschwätze wëll. Ëmmerhi verfollegen déi Deputéiert – a gläichzäiteg Schäffe vun der Beetebuerger Gemeng – Gusty Graas (DP) an d‘Josée Lorsché déi selwecht (dual) Ziler, Fage verhënneren a Fage ënnerstëtzen…

Den eigentleche Problem: Waasser!

Fir de Wirtschaftsminister ass dat ganzt e Koméidistéck, op datt hie gäre verzicht hätt. Den Dissens innerhalb der politescher Majoritéit ka kee gebrauchen an ass zudeem net Ziilféierend. Sollt elo Beetebuerg weiderhin de Bau vun der Jughurtsfabrick verhënneren, wäert de franséische Konzern seng Zelter wuel op engem anere Standuert opschloen.

Dat ass esou wa Kommunalpolitik a Landespolitik ënnerschiddlech Standpunkte vertrieden, woubäi et net gemeng ass, datt déi selwecht Politiker op lokalem Niveau dergéint an der Chamber, also op nationalem Niveau, dann eigentlech derfir sinn. A säitens Fage, goufen unhand de Bedenke beim Waasserverbrauch an dem Impakt op d‘Ëmwelt, generell Zougeständnesser gemaach.

Fir den Ben Fayot (LSAP) sollt den Dossier awer, zumindest esou wéi en elo virläit, och am Bezuch op d‘Ëmweltbelaaschtung, de Fuerderunge vun déi gréng gerecht ginn. Den Etienne Schneider ass och zouversiichtlech, dat d‘Fro vun der Kompensatioun kuerzfristeg ze beäntwerten ass. Et misste wuel e puer Hektar Industriezon als „Gréng Zon“ ëmklasséiert ginn, wat awer net de Problem ass.

Dogéint kann d‘Gemeng awer nees e Veto abréngen. De Miseler Deputéierten Henri Kox (déi gréng) facht eng kuerz dertëscht a verweist drop, datt engem Schäfferot d‘Wuel vum Awunner, ëmmer déi éischt Prioritéit muss sinn. Souvill zur Verdeedegung vun de lokale politeschen Acteuren. Wann awer de Projet d‘Norme respektéiert misst dësen och dierfe realiséiert ginn.

Wéi e gesäit, Politik ass keng fundéiert Wëssenschaft. Pro a Kontra a Personalunioun ze vertrieden, dat muss, a soll de Bierger vläicht och net verstoen. Et weist eis zudeem d‘Grenze vun der Demokratie op, firwat och ëmmer méi oft gefuerdert gëtt, de Cumul vun de Mandater ze begrenzen. Als Schäffen dergéint, als Deputéierten derfir… besser kann een engem d‘Flemm net andreiwen…

Ähnlech Sujeten Beetebuerg, Etienne Schneider, Fage, Gusty Graas, Henri Kox, Industriezon Wolser, Josée Lorsché, Jughurt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel