Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter
Neiegkeeten

Tacheles: E bequeme Schwaarze Péiter

Wéi ech vum Tageblatt en Artikel mam Titel „Bequeme Künstler?“

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
Neiegkeeten

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Neiegkeeten

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!

Si fänkt am Süde vun Europa an schafft sech elo zu eis erop

Uecht gedoen: eng Gripp ass ënnerwee!

Eppes viraus: de Vire-Stamm vun der Gripp evoluéiert vu Joer zu Joer, a kee seriéise Medeziner ka viraus soen, wéi aggressiv dee vun 2019 gëtt. De Virus ass zudeem, entgéint deem wat een esou kéint unhuelen, dat ganzt Joer aktiv, mee et ass am Wanter wann et kal ass, wou hie monter gëtt.

Fir de Chef vun der Sanitärinspektioun, Dr. Pierre Weicherding, ass dat elo keng Iwwerraschung. Et wieren am Dezember éischt Fäll gemellt ginn, awer näischt wat engem misst Suerge bereeden. Bis elo verhält sech alles zimlech esou wéi am leschte Joer. Hien erwaart sech eng Progressioun am Januar a Februar, mee bis Enn Mäerz sollt et mat der „Epidemie“ dann awer gedoe sinn.

Den Dokter betount nach emol: „E Wanter ouni Gripp dat gëtt et net“. Déi eenzeg Virwëtztut ass den Typ vu Virus, dee se mat sech bréngt. Hien erkläert datt ee Februar wäert mussen ofwaarden, fir erauszefanne wéi Tockskäppeg sech de Virus vun 2019 behëlt, a wéi gutt dee sech verbreede kann.

Interessanterweis, ass de Virus deen op Lëtzebuerg kënnt, eigentlech esou eppes wéi en Tourist. „Dee kënnt eis ëmmer aus Südfrankräich entgéint“, esou de Medeziner, deen nach constatéiert, datt sech déi Viren ëmmer am Süden entwéckelen. A wann déi Gripp dat ganzt Joer iwwer do ass, esou verännert sech de Stamm liicht an entwéckelt sech wann hien op Leit stéisst déi net immun sinn.

Et ass net fir de Geck domatter ze maachen

Esou wéi et den Dokter vun der Sanitärinspektioun erkläert, wëssen net emol d‘Wëssenschaftler wéi et derzou kënnt datt sech de Virus op dës Aart a Weis entwéckelt. Et schéngt wéi wann déi richteg Bedingungen zu dëser Joreszäit zesummekommen. D‘Leit géife méi enk zesummeréckelen, wat et dem Virus verhältnesméisseg liicht mécht, sech ze verbreeden. Ee Néitsert a schonn ass et geschitt.

 

Dat ënnerscheet de Grippevirus dann och vum Norovirus, deen éischter an der waarmer Saison säin Onwiesen dreift. Dee verbreet sech beispillsweis éischter iwwer Handkontakt oder kontaminéiert Iesswueren. An dat ass och kee vun de feinen, hie mécht Duerchfall a gëtt engem d‘Katzeritis.

Gripp

Et gëtt nach aner Viren déi et gären eppes méi Kill hunn fir zouzeschloen. Esou zum Beispill den humane respiratoresche Synzytial-Virus (HRSV) – gëtt och als „Orthopneumovirus“ – dee sech gären dem Grippevirus uschléisst. Dee „Knaschtert“ vergräift sech besonnesch gären un de jéngsten an leider kënnt et oft genuch vir, datt e Butz wéinst dem HRSV muss am Spidol behandelt ginn.

Dofir sollt een d‘Gripp net op déi liicht Schëller huelen. Hannerlëschteg ass se déi d‘Gripp an all Joers stierwe Leit dorunner. Do wäert dann 2019 och keng Ausnam maachen. Krass: et sinn oft Leit tëscht 50 a 60 Joer, déi wuel e gesondheetleche Problem hunn, an d‘Gripp net gestemmt kréien.

An d‘Pharmaindustrie stellt schonn emol de Cremant kal

Wat deem engem Schued, ass deem anere säi Profit. All Joers gëtt op e neits en Impfstoff géint d‘Gripp entwéckelt, well – dat hu mir uewen erkläert – de Virus sech verännert. Et ass dann och wichteg, datt den Impfstoff méiglechst no um Virus drun ass, fir seng voll Wierkung ze entfalen.

Et weess een deemno och nach net, op d‘Impfung vun dësem Wanter streng genuch ass, fir dem Virus entgéintzetrieden. Woubäi een da bei der zweeter Virwëtztut ukomm ass. Mee d‘Impfung bleift – an dat ass kee Blödsinn – nach ëmmer de beschte Schutz. Grad oder besonnesch dann, wann een zu der Risikogrupp gehéiert. Déi beschten Zäit fir sech Impfen ze loossen ass Oktober

Gripp

Several vials and syringe in laboratory, conceptual image

Do wou et elo bosseg gëtt, Lëtzebuerg huet dat wat een en „Enkpass“ nennt. Déi Entreprise (gouf net mam Numm genannt) déi eis den Impfstoff soll liwweren, huet kuerz virum Liwwertermin einfach emol gemengt, si géif hire Produit léiwer engem Land verkafen dat méi bezilt.

Et ass wuel bei anere Pharmaproduzenten nogefrot ginn, mee déi ganz Commande konnt net iwwerholl ginn. Den Dr. Pierre Weicherding réit deene Leit déi net geimpft sinn, preventiv ze agéieren, a sech vu Leit déi Houschten oder Néitsen ewech ze halen, wäit ewech ze halen. Bei engem Néitsert gi mikroskopesch grouss Drëpsen, mat enormen Drock erausgeschleidert.

Ähnlech Sujeten Dr. Pierre Weicherding, Gripp, Impfstoff, Influenza, Sanitärinspektioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel