D‘Héichten an Déifte vum EU-Konjunkturpak
Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum
Nodeems déi 27 Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht vum
Wann dem saudesche Kinnek seng Stëmmung net zum beschten ass,
Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den
Déi 6 Fäll sinn 2 Mol duerch de Virus AH1, 2 Mol duerch de Virus AH3 an 2 Mol duerch de Virus B ervir geruff ginn. De Grippevirus verbreet sech einfach vun enger Persoun zur Nächster duerch Tröpfchen, virun allem beim Houschten oder Néitsen. Dobäi kann d’Krankheet sech schnell wärend enger Saison ausbreeden.
Déi klassesch Reegele vun der Hygiène sollte grad zur Grippezäit ëmgesat ginn, esou datt déi schnell Verbreedung vun der Epidemie esou wäit wéi méiglech agedämmt gëtt. Dofir gëllt
D’Gripp äussert sech dobäi duerch folgend Symptomer:
Fir d’Ausbreedung vun der Gripp ze limitéiere réit de Gesondheetsministère der Ëffentlechkeet sech virum Ufank vun der Saison impfen ze loossen. Heibäi riicht ee sech virun allem un eeler Persounen (iwwer 65 Joer), schwanger Fraen, Risikopersounen a Leit aus dem Gesondheetsberäich.
Bei dëser Risikogrupp iwwerhëlt d’Krankekeess (CNS) d’Käschte vun der Grippeimpfung. Si stellt nach ëmmer de beschte Schutz duer, fir weider Komplikatiounen ze verhënneren. Scho 15 Deeg no der Piqûre ass d’Immunsystem prett, fir sech géint de Virus ze schützen. D’Wierkung hält 6 Méint un.
Fir weider Informatioune kann een beispillsweis www.sante.lu oder www.grippe.lu besichen.