Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?

Zënter Dezember 2017 huet eis Stad erëm en Tram. Mee

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken
Neiegkeeten

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, huet e Sonndeg domatter gedreet,

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
Neiegkeeten

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht

What the Fakt: Virun 226 Joer gëtt de Grondstee vum Wäissen Haus geluecht

D’Wäisst Haus zu Washington DC ass de Muechtzentrum vun den USA. Den 13. Oktober 1792 gëtt hei de Grondstee geluecht an de Bau vun dësem iwweraus wichtege Gebai gestart.

D’Gebai dengt als Residenz an Amtssëtz vum President vun de Vereenegte Stied vun Amerika. No enger Rei Bränn a Renovéierungsaarbechten huet dat Wäisst Haus, wat den Numm duerch seng wäiss Farw kritt huet, seng momentan Form kritt.

Virun 226 Joer sollt d’Gebai nom Virbild vun engem ireschen Härenhaus am klassizistesche Stil gebaut ginn. Deemools hat den éischte Präsident vun den USA, den George Washington, de Projet an Optrag ginn. Um nämmlechten Dag ass dunn och d’Stad Washington DC gegrënnt ginn, déi ronderëm de Regierungssëtz opgebaut ginn ass.

Eréischt den 01. November 1800 konnt de Vizepresident an Nofolger vum George Washington, den John Adams, anzéien. Bis zur Restauréierung nom Krich vun 1812 huet et nach „Haus vum Exekutiven“ oder „Presidentepalast“ geheescht. Nodeems dunn de wäisse Botz opgedroen an d’Gebai mat de wäisse Sailen aus Kalleksteen dekoréiert gouf, ass 1912 offiziell de Begrëff „Wäisst Haus“ ugewennt ginn.

Insgesamt huet de Presidentepalast 132 Zëmmeren, 35 Buedzëmmer, 8 Trapenhaiser an 3 Liften. Donieft gëtt et nach ee Swimmingpool, een Tennisfeld, ee Kinossall an eng Keelebunn. Am gréisste Sall, dem East Room, gi Receptiounen, Pressekonferenzen a Concerten organiséiert. Generell kann ee soen, datt op der éischter Etage all offiziell a politesch Evenementer stattfannen, wougéint sech de Wunnberäich op der zweeter Etage befënnt.

 

Quellen:

Ähnlech Sujeten John Adams, USA, Wäisst Haus, Washington, Whitehouse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel