Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Etüd iwwert d‘russesch Migratioun zu Lëtzebuerg
International Meenung craigslist dating palm springs

are barry and iris dating in real life

Wie seng Geschicht net kennt, ka seng Zukunft net plangen.

town dating
International Meenung craigslist dating palm springs

Ongedëlleg: déi lénk kënnen de Koalitiounsaccord net méi erwaarden

No de Wahlen, ass, virun de Wahlen. Esou zumindest sollt

FSPL: Hoffnung fir Syrien
International Meenung craigslist dating palm springs

FSPL: Hoffnung fir Syrien

Viru kuerzem hat d‘Fridden- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) an Zesummenaarbecht

Grönland: US-Ausseminister probéiert et mat Diplomatie (eng Meenung)

Nom Donald Trump sengem üblechen „Missconduct“ dierf de Mike Pompeo sech entschëllegen

Grönland: US-Ausseminister probéiert et mat Diplomatie (eng Meenung)

Zéien se sech am Wäissen Haus de Kokain mam Gaardeschlauch eran oder sinn se wierklech esou grottendämlech wéi se sech no bausse weisen? Datt dem Monni mam doudegen Hond um Kapp se net méi all der Rei no huet an zusehends zur Bedreeung vum Weltfridde gëtt, dat kann och ee Jean Asselborn oder e Xavier Bettel net méi eeschthaft bestreiden. Mee déi halen sech brav zréck…

Wéi d‘Noriicht vun der Intentioun den Dänen d‘Insel Grönland ofzekafen duerch den Ticker gelaf ass, hunn zumindest mir dat emol op d‘Säit geluecht. Dat war eis dann awer eppes ze vill mat den Hoer erbäigezu, firwat een der Saach huet missen op de Grond. Net datt een dem „Idiot“ esou eppes net zougetraut hätt, mee hien huet jo awer Beroder déi eigentlech dat schlëmmst verhënnere sollten.

Elo ass dann um US-Ausseminister Mike Pompeo – och därer een deem net iwwert de Wee ze trauen ass – dee „liichten Dissens“ deen duerch haart Nodenke mat Dänemark entstanen ass. Datt d‘Acquisitioun vun der Insel fir d‘USA esouwuel strategesch wéi wirtschaftlech sënnvoll wier, doriwwer muss net debattéiert ginn. Datt d‘Dänen hei solle fir domm verkaf ginn, dat schonn.

GrönlandJiddefalls huet de Mike Pompeo säin dänesche Kolleg de Jeppe Kofod ugeruff. Interessant, den US-Ausseministère huet dozou erkläert, datt de Minister déi dänesch Roll als Alliéierte gewierdegt huet an iwwert eng méi enk Zesummenaarbecht an der Arktis geschwat huet. De Jeppe Kofod, deem den US-Ausseminister zwar net sympathesch ass, huet dorops diplomatesch per Twitter „reagéiert“.

Wat awer dierft sécher sinn, mat der aktueller US-Regierung kann Dänemark keng Kooperatioun an der Arktis ustriewen. Zum engen ass Grönland „autonom“ an huet do och e Wuert matzeschwätzen an zum aneren dierft et kee patrioteschen Dän ginn, deen no dësem Affront Versteesdemech fir esou Projete kéint opbréngen. Gutt um ganzen ass, datt sech Dänemark a Grönland nees méi no sinn…

mat indymedia/was/cph

Foto: Idyllesch schéin a voller Buedemschätz, mee och geostrategesch vu grousse Bedeitung, dat ass Grönland. Den US-President hätt sech d‘Insel gären averleift, dat méiglechst zum Spottpräis vun 100 Milliounen US-Dollar – Bernd Hildebrandt/Pixabay

Ähnlech Sujeten Buedemschätz, Dänemark, Donald Trump, Grönland, Jeppe Kofod, Mette Fredriksen, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel