Tierkei: Däitsch Journalistin wéinst Terrorismus ugeklot
Um Mëttwoch huet en tierkescht Geriicht bestätegt, datt déi däitsch
Um Mëttwoch huet en tierkescht Geriicht bestätegt, datt déi däitsch
Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4.
Vill Favoritte gefall an ee Sprint zu Léck vum Marcel
D’Iddi vun der Grousser Grénger Mauer („Great Green Wall“) geet nämlech zeréck an 70’er Joer. Grouss Flächen u fruchtbarem Land an der Regioun Sahel, déi sech iwwert de südlechen Eck vun der Sahara-Wüst zitt, sinn enger konsequenter Degradatioun verfall an hunn d’Iwwerliewen an ee reegelrechte Kampf verwandelt. Ouni ausräichend notzbart Land huet den Däiwelskrees vun der Aarmut schnell säi Laf geholl.
Scho viru gutt 12 Joer haten eng Hand voll Natiounen dunn offiziell mam Projet vun der Grousser Grénger Mauer ugefaangen. Geet een der UN Konventioun vum Kampf géint d’Desertifikatioun (UNCCD) no, esou konnten a wéinege Joer knapp 20% vum ugestrieften Zil erreecht ginn. Déi super, an donieft och nach attraktiv Resultater hunn ëmmer méi Partner um Kontinent ugezunn, wouduerch mëttlerweil ganzer 21 Länner hiren Deel zur Verbesserung vun der Ëmwelt an dem Liewe vun der Bevëlkerung bäidroen. Wärend mam Amazonas d’Long vun der Welt néierbrennt, setzt een hei ee kloert Zeechen.
© Great Green Wall
Bis 2030 soll den ekologesche Projet vun der Grousser Grénger Mauer net nëmmen d’Desertifikatioun an der Regioun vum Sahel, wéi och de Klimawandel am Generelle an Ugrëff huelen. Grondsätzlech gëtt mam grénge Stréch an der Landschaft déi schnell Degradatioun vun eiser Ëmwelt thematiséiert, an hei si mir all gefuerdert.
An Zesummenaarbecht mat der Natur – an dat och an erausfuerderende Wüstenregioune – gëtt dat grot Näischt an eng besser Welt fir zukünfteg Generatioune verwandelt. Do ka kee méi soen „Ech eleng kann näischt bewierken“.
© Great Green Wall
De grénge Projet verännert d’Liewe vu Millioune Mënschen aus der Regioun an dréit säin Deel zu de sougenannten UN Sustainable Development Goals (SDG), engem globale Plang bei deem bis 2030 eng méi nohalteg a gerecht Welt geschaf soll ginn, bäi. D’Géigend um südlechen Eck vun der Sahara ass bekannt fir seng extrem Aarmut. Ellen Dréchenten, de Mangel un Iessen, Konflikter duerch ëmmer manner natierlech Ressourcen an d’Massemigratioun a Richtung Europa si just e puer vun zuelräiche Konsequenze fir d’Bevëlkerung.
Mat der Grousser Grénger Mauer gëtt elo zeréckgeschloen: Zënter der Gebuert vum Projet am Joer 2007 ass nees Liewen an d’Regioun komm. D’Liewensmëttelsécherheet huet sech drastesch verbessert an d’Kreatioun vun neien Aarbechtsplaze bréngt d’Stabilitéit zeréck an d’Liewen. Ënnert anerem gëtt och d’Wuelbefannen an d’Gesondheet verbessert, ekonomesch Méiglechkeeten zur Grënnung vu klenge Betriber gebueden an strategesch Partnerschaften zur ländlecher Entwécklung a ganz Afrika geschloss. Wat d’Planze vu Beem net alles bewierke kann!
© Great Green Wall
…mam passende Film zu dëser hoffnungsvoller Aktioun erliewe mir ee musikalescht Erliefnis voller Zesummenhalt ronderëm déi Grouss Gréng Mauer. Wat deels ee kulturelle Roadtrip an eng klanglech Odyssee, deels awer och eng Rees duerch d’Klimagerechtegkeet ass, erzielt d’Geschicht vun der malescher Sängerin Inna Modja, wat op den 8000 Kilometer vum Senegal op Djibouti déi bescht Museker zesummentrommelen an een epeschen Album ophuele wëll.
Onvergiesslech perséinlech Perséinlechkeeten an hir Geschichte gi verbonnen mat Determinatioun fir eng besser Zukunft. Als enorme soziale Projet a Symbol fir d’Hoffnung vun der Verwierklechung vum afrikaneschen Dram wäert déi Grouss Gréng Mauer irgendwann dräi Mol esou grouss sinn, wéi de Great Barrier Reef.
Opmaacherbild: © Great Green Wall