Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net
Neiegkeeten

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt
Neiegkeeten

Moer Rekolt a Fuddermangel: De Romain Schneider ass besuergt

De Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!
Neiegkeeten

Editorial: A firwat net direkt eng Schouluniform!

De Weekend iwwer war nees eppes méi lass an de

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken. Am Juli huet Salzgitter annoncéiert eng Offer fir de Kaf vum Site gemaach ze hunn, andeems och d’Reegele vun der europäescher Konkurrenz respektéiert gi sinn.

Den LCGB begréisst dëse Schrëtt, well Salzgitter AG um europäesche Marché ee Stolproduzent vum gréissere Format ass an esou och de Fortbestand am Secteur séchert. Trotzdeem muss een hei virsiichteg bleiwen duerch d’Relatioun tëschent ArcelorMittal an dem Keefer. 2017 hunn béid Firmen eng Enquête an d’Weeër geleet, fir méiglech Verstéiss géint d’Konkurrenzregelen ze fannen. Hei steigert sech also d’Mësstrauen an d’Virsiicht.

Viru kuerzem huet sech nach ee weidere Keefer gemellt vir eng Offer ofzeginn. Vir ArcelorMittal méi Zäit ze gi vir sech ze entscheeden ass den Delai verréckelt ginn, wat awer och vläicht d’Ziel vun der Aktioun ass.

Ee finanzielle Fong baut sech op: Liberty Steel vum Grupp Liberty House verbessert de Gewënn vun de Siten zu Ostrava, Piombino, Galati a Skopje. Den LCGB weist sech den Offere géigeniwwer besuergt, well der Stolindustrie zu Diddeleng esou vläicht ee ganz anert Schicksal bléiht.

D’Hierkonft vun de Fonge vun dëser Firma schéngt net ganz kloer. Hir Strategie ass net nëmmen op de Stolsecteur ausgeriicht, esou wei beispillsweis bei Salzgitter. D’Firma, mat indesche Wuerzelen, schéngt donieft der Famill Mittal ganz no ze stoen. Sinn hei also aner Verhandlungen um gaangen?

Als Erënnerung: Nom Kaf vum Siderurgiste ILVA vum Grupp Arcelor Mittal ënnerleien d’Sitten zu Diddeleng a Léck enger strikter Prozedur, déi vun der Europäescher Kommissioun aus geet, vir esou d’Reegele vum Fokusséieren ze stäerken. Wat ee Glécksfall fir ArcelorMittal, déi dovu profitéieren, Sitten op ze ginn, déi net méi der Strategie vum Grupp entspriechen.

Den LCGB huet hei schnell den Eescht vun der Saach erkannt an national an europäesch politesch Autoritéiten ageschalt, fir esou d’Suerge vun d’Risike vun dësem Fall oppen ze leeën.

Déi politesch Akteuren a Féierungsmemberen vun ArcelorMittal ginn dofir drun erënnert, datt et hei net nëmmen ëm de finanziellen Aspekt geet. Elleng no de Suen ze kucke kéint schlëmm Auswierkungen op d’Zukunft vun 300 Plaze vum Diddelenger Site mat sech zéien.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Diddeleng, Salzgitter, Stolindustrie, Stolsecteur, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel