Search

You may also like

money
D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt
Neiegkeeten

D’USA a China bleiwen déi wichtegst Handelspartner fir d’EU. Mee de meeschten Handel vun de EU-Länner fënnt an der Unioun statt

Well mëttlerweil ëmmer méi oft d’Ried vun engem Handelskrich mat

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen
Neiegkeeten

Hong Kong Regierung wëll Sécherheetsgesetz riguros ëmsetzen

Den 1. Juli ass déi vu Peking beschlosse „National Security

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg

Dass Lëtzebuerg e Manktem un Fachpersonal huet ass spéitstens säit

Groussbrand an der Minettemetropol

Groussbrand an der Minettemetropol

An der zum Donneschdeg ass ee Feier an engem groussen Hangar ausgebrach, deen zu engem Groussasaz vun de Pompjeeë gefouert huet. E Leed wier kengem geschitt, de Schued awer ass immens.

Et war eng Auer 3.40 um Donneschdegmueren, wéi den Noutruff direkt vu verschiddene Persounen doriwwer informéiert ginn ass, datt et an engem Schapp géif brennen. Den 112 huet den Alarm ausgeléist an direkt ee Läschzuch op d‘Plaz beuerdert. Wéi d‘Ekipp mam Läschzuch op der Plaz ukomm ass, konnt dës nëmmen nach konstatéieren, datt de ganzen Hangar hellewech gebrannt huet.

Groussbrand

No dëser Feststellung sinn dann och d‘CGDIS-Zenter vu Schëffleng, Käl a Beetebuerg alertéiert ginn. Dat net eleng well d‘Ausmooss vum Brand gewalteg war, mee et zolidd Problemer mat der Waasserversuergung ginn huet. Operationell ass sech entscheet ginn, d‘Feier vun zwou Säiten aus unzegoen, wat och méi Asazkräfte fuerdert. Zudeem hunn déi sech och misse schützen.

Vum Asazleeder sinn zwou Ekippe gebilt ginn. Eng huet sech ënner Uwennung vu schwéierem Otemschutzgerät mam Feier selwer beschäftegt, déi aner Ekipp huet dofir Suerg gedroen, datt d‘Läschzich ëmmer genuch Waasserdrock op de Schläich haten. No déck sechs Stonnen Asaz, konnt de CGDIS mellen datt d‘Pompjeeën dem Feier Här gi sinn. Kee gouf beim Asaz blesséiert.

Foto: © CGDIS

Related topics CGDIS, Esch-Uelzecht, Feier, Groussasaz, Groussbrand, Pompjeeën
Next post Previous post