Presidentekonferenz: D‘Enn vum Noutstand ass gräifbar
No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e
No enger chargéierter Dagesuerdnung fir de Regierungsrot, hunn d‘Ministeren e
Mat op mannst nonzeg Doudeger an iwwer véierhonnert Blesséierter huet
Wa gewosst ass, datt et ënnert der Bevëlkerung schonn eppes
De Groupe de Sauvetage Aquatiquie vum CGDIS huet déi 10 Persounen, déi sech nach um Strand opgehalen hunn, mat engem Boot a Sécherheet bruecht. Wärenddeem gouf de Cetre de Gestion des Opérations aktivéiert a Verstäerkung ugefrot.
Vun dräi Fronten huet een d’Flame bekämpft. Géint der Owend sinn schliisslech déi éischt Reendrëpse vum Himmel gefall, wat den Asazkräft gehollef huet d’Ausbreedung vum Brand ze verhënneren. D’Flamen haten zu deem Zäitpunkt nämlech schonn eng Fläch vun ëm 2 Hektar Land a Bësch ageholl.
Géint 20:00 Auer huet den COS d’Feier ënnert Kontroll kritt. D’Läschaarbechten an d’Kontroll vum Terrain huet awer weider Stonne gedauert. Esou sollt evitéiert ginn, datt nach emol Feier ausbrécht.
Ëm 150 Pompjeeën vum CGDIS waren am Asaz, sou wéi och d’Dron a Läschgefierer mat grousse Kapassitéiten. De Soutien Sanitaire en Intervention huet iwwerdeem fir d’Verfleegung an d’Sécherheet vun allen engagéierte Persounen gesuergt. Privatentreprisen a lokal Baueren stoungen de Pompjeeën zur Säit an hu Waassertanken zur Verfügung gestallt.
Beim Groussbrand gouf kee blesséiert. Am Asaz waren ënnert anerem de CIS Alebësch, de CIS Bauschelt, de CIS Kolmer, de CIS Stauséi, de CIS Wolz an d’Police.
Billergalerie © CGDIS