Search

You may also like

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen
International Neiegkeeten

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen

Haut huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) déi europäesch Regierunge beschëllegt, d‘Handlaanger

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord
International Neiegkeeten

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord

„Mir sinn net do fir Liewen ze entzéien“: a Frankräich

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt
International Neiegkeeten

Neies vun der Insel: BoJo versprécht de Fortschrëtt

Beim Kongress zu Manchester huet de Boris Johnson gëschter nei

Doudeger bei Groussbrand zu Nei-Dehli

Doudeger bei Groussbrand zu Nei-Dehli

Bei engem Feier an enger „Fabrick“ zu Nei-Dehli (Indien) sinn an der Nuecht mindestens 43 Leit verbrannt, eng Dose Mënschen si mat Dampvergëftungen an d‘Spidäler iwwerstallt ginn. Esou de Bilan vun den Autoritéiten.

D‘Feier huet sech an deem wat an Indien (nach) als Fabrick bezeechent gëtt, séier Ausgebreet. Dat Gebai datt als Produktiounsstanduert fir Täsche, Fläschen a Spillsaachen hiergehalen huet, steet an engem dicht besidelte Quartier vun der Milliounemetropol. Hei sinn d‘Gaassen engersäits wierklech enk a wéi et sech gehéiert mat all méiglechen an onméigleche Saachen zougestallt.

Nei-DehliFir d‘Aarbechter déi op verschiddenen Etage vun dëser „Fabrick“ d‘Nuecht verbruecht hunn (also eigentlech wunnen se éischter do) stoungen d‘Chance schlecht wéi d‘Féier, dat viru Sonnenopgank ausgebrach ass, immens séier ëm sech gegraff huet. Eng 30 Gefierer vun de Pompjeeën hate béis Problemer iwwerhaapt bis op d‘Plaz ze kommen, firwat d‘Zuel vun den Affer esou héich ausfält.

Nodeems geläscht war, ass mat der Evakuatioun vun de Blesséierten ugefaange ginn. Duerno ass ugefaange ginn d‘Läichen anzesammelen… Den indesche Premier Narendra Modi huet de Famillje vun den affer säi Bäileed ausgedréckt. Op Twitter huet hie d‘Feier als „extrem entsetzlech“ ëmschriwwen an annoncéiert, datt d‘Autoritéite beméit wieren Hëllefsleeschtungen unzebidden.

Nei-Dehli

© R. Ambed (ANI)

Accidenter, Bränn an esouguer Explosioune sinn an indesche „Stad-Fabricken“ esou banal wéi d‘Schéissereien an den USA. Sécherheetsstandarde gëtt et wuel, mee wien soll kontrolléieren? A wa kontrolléiert gëtt? Mat Geld léisst sech alles léisen… Esou gëtt et kaum (wann iwwerhaapt) esou eppes wéi Brandschutz, Noutausgäng oder Feierläscher. Esou eppes kascht jo och just Geld.

Bedenkt een dann, datt wéi um Beispill vun Nei-Dehli, déi elektresch Installatiounen nach aus der britescher Kolonialzäit stamen, gëtt hei vun de Fabrickbesëtzer an den Autoritéite bëllegend a Kaf geholl, datt et regelméisseg zu Katastrophe kënnt. Entschiedegung, oder wat se Indien dorënner verstinn, gëtt et keng an déi medezinesch Versuergung muss och aus eegener Täsch bezuelt ginn.

mat indymedia/bom

Foto: © R. Ambed (ANI)

Related topics Doudeger, Fabrick, Feier, Groussbrand, Indien, Nei-Dehli, Sécherheet
Next post Previous post