Erfollegräich Cyberattack géint d‘USA
Wéi den Angus King, Senateur vum Maine a Member vum
Wéi den Angus King, Senateur vum Maine a Member vum
Vu verschiddene Fronten huet ee Grupp probéiert d’Ausbreedung vum Feier anzedämmen, wärend en anere Grupp Pompjeeën, equipéiert mat Otemmask, an d’Gebai gaange sinn. Mat Hëllef vun der Dréilieder konnt een schliisslech och den Daach an Ugrëff huelen.
Bal 100 Pompjeeën ware fir dësen Asaz op der Plaz. Mat Erfolleg hu si an e puer Stonnen an ënnert schwierege Konditiounen d’Feier um 00:30 Auer ënner Kontroll kritt. D’Läschaarbechten hunn déi ganz Nuecht duerch gedauert.
Dobäi war ee Gesondheetsoffizéier vum CDGIS zur Säit gezu ginn, fir sech ëm d’Wuelergoen an de gesondheetlechen Zoustand vun den engagéierte Pompjeeën ze këmmeren. Fir d’Verfleegung an d’Relève vun den Equippen huet de Centre de Gestion des Opérations (CGO) gesuergt.
An dësem Kader wëll de CGDIS besonnesch ervirhiewen, datt d’Opname vun hirer Dron et méiglech gemaach hunn a Realzäit ee globalen Iwwerbléck iwwert de Virfall ze kréien an deementspriechend schnell ze handelen.
Ee Pompjee gouf beim Asaz liicht blesséiert. E puer Appartementer kënnen duerch de Schued net méi bewunnt ginn.
Opmaacherbild: © CGDIS