Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert
International Neiegkeeten

De Krich um Balkan: dat bluddegt Enn vu Jugoslawien, erkläert

Haut um Mëttwoch steet deen als „Metzler vum Balkan“ bekannte

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen
International Neiegkeeten

Bréissel: Aarbechterpartei PTB fuerdert Neiwahlen

Bei eise belschen Noperen ass d‘Opstelle vun enger federaler Regierung

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt
International Neiegkeeten

D‘CSV ass enger Tracing-App net méi ofgeneigt

Si ware vir d‘Motioun vun de Piraten an hu begréisst

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht

Groussbritannien brauch en neit Awanderungsrecht

Et solle manner bëlleg Aarbechtskräften aus dem Ausland erageholl, dofir dann deene ganz helle Käpp d‘Immigratioun erliichtert ginn. Experte gesinn d‘Moossnam kritesch a fäerten, datt dat zu Problemer a Personalmangel, besonnesch am Gesondheets- a Sozialberäich, féiere wäert.

De Boris Johnson hat et a senger Campagne ugekënnegt an elo wou de Brexit ratifizéiert ass, gëtt et kee Grond déi gemaachte Verspriechen an d‘Dot ëmzesetzen. D‘Awanderung vun de sougenannte „Geréngqualifizéierten“ soll massiivst ageschränkt ginn, esou Plang. Am Géigenzuch wëll ee sech Programmer gënnen, mat deene Fachkräft ugezu solle ginn. Méiglech mécht dat e Punktesystem.

Fir d‘Inneministesch Priti Patel, soll iwwert de Punktesystem d‘Qualifikatioun vun de Migranten evaluéiert ginn. Et geet nieft de Qualifikatiounen, Fäegkeeten an dem Beruffssecteur, och ëm dat wat um Enn vum Mount an der Paitut stécht. De ganzen Detail zu dëser „kontrolléierter Migratioun no briteschem Muster“ stellt déi eréischt kierzlech nominéiert Ministesch haut vir.

GroussbritannienMam bestoenden Awanderungsrecht waren déi konservativ Politiker a Groussbritannien eigentlech ni esou wierklech zefridden. Mat der „Reform“ vun dësem Gesetz versprécht sech d‘Regierung eng reduzéiert Netto-Zouwanderung. Aktuell kommen all Joer eng 200.000 Migranten op der Insel un, déi meescht dovunner ouni qualifizéiert ze sinn. A mat esou eppes kann een näischt ufänken…

De Premierminister hätt et léiwer gesinn, wann een d‘Awanderung ënner 100.000 Eenheeten/Joer gedréckt hätt, mee dat gouf als onrealistesch ofgedoen. D‘Priti Patel erkennt an dëser Decisioun awer eng historesche Moment: „Mir maache Schluss mat der Fräizügegkeet an huelen eis d‘Kontroll iwwert eis Grenzen zréck“, esou d‘Inneministesch gëschter an engem kuerze Statement.

Rechtskräfteg ab 2021

Esouwäit et den aktuelle Standpunkt hir gëtt, soll de Programm ab 2021 gëllen. Ab da kann een nach just Awanderen, wann engem en Job ugebuede gëtt, deen e Joresgehalt vu mindestens 25.600 Pond (ronn 30.000 Euro) garantéiert. Dat läit eppes ënnert der Virgab vum BoJo, deen eigentlech vun engem Joresgehalt an héicht vun 30.000 Pond ausgaange war. An et gëtt nach Bedéngungen.

Groussbritannien

Ënner „Qualifizéiert“ verstinn d‘Briten, datt een en Universitéitsdiplom virweise muss. D‘Priti Patel huet awer duerchblécke gelooss, datt Mënsche mat besonnesche Fäegkeeten, déi en Ofschloss virweise kënnen deen dem briteschen „A-Level“ (entsprécht eiser Première) a bestëmmte Fäll oder dem Noweis vun engem reelle Besoin, bei der Awanderung kënne berécksiichtegt ginn.

Dës Reform vum Awanderungsrecht geet anhier mam Austrëtt vum „Empire“ aus der europäescher Unioun, woubäi sech während der Iwwergangszäit, also bis zum 31. Dezember fir d‘EU-Bierger a punkto Fräizügegkeet näischt ännere kann, well dat vertraglech esou gereegelt ass. Och sollen déi eppes iwwer dräi Milliounen EU-Bierger a Groussbritannien sollen duerno bleiwe kënnen.

GroussbritannienAb dem 1. Januar 2021 ass da Schluss mat der Toleranz an der Fräizügegkeet. Da kommen nach just déi gescheitste Käpp an déi beschten Handwierker an de Genoss sech am Empire ze verwierklechen a Groussbirtannien nees „great again“ ze maachen. Dann ass et eriwwer fir déi honnertdausenden auslännesch Aarbechter an der Landwirtschaft, Gastronomie a virun allem dem Gesondheetssecteur.

Et sinn déi am niddregste remuneréiert Aarbechten op der Insel a si gi virneemlech vu Migranten aus dem „Osten“ erleedegt. Dat sollen dann ab 2021 nees d‘Brite selwer iwwerhuelen, wat awer vum Patronat – dat sécher net gewëllt ass de Leit méi Loun zouzegestoen – schonn zolidd a Fro gestallt gëtt. D‘Patronen hu keng gutt Meenung vun onqualifizéierte Briten a wëllen déi och net.

GroussbritannienDe Verband vun den Hausfleegedéngschter UKHCA hält de Virstouss vum Priti Patel fir bedenklech a hëlt déi grouss Argumenter aus dem Tirang. „D‘Zouféierung vu ugoende Fleegkräften iwwert en neit Awanderungsrecht ze beschneiden, wäert derzou féieren, datt méi Mënschen onnéideg laang an de Spidäler waarde mussen, oder guer keng Fleeg kréien“, esou d‘Behaaptung.

Mee d‘Regierung hält um Programm fest an d‘UKHCA ka sech jo beméien, d‘Briten auszebilden an/oder d‘Aarbecht nees esou attraktiv ze gestalten, datt d‘Briten se maache wëllen. Zil vum Ganzen ass sech vun der Ofhängegkeet vun de bëllegen Aarbechtskräften ze léisen. Et soll massiv an Technologien investéiert a sech op automatiséiert Ofleef spezialiséiert ginn…

mat indymedia/lon

Foto: Déi britesch Inneministesch Priti Patel stellt haut am House of Commons dat neit britescht Awanderungsrecht vir. D‘Oppositioun dierft dobäi wéi gewinnt an d‘Flilleke klappen, woubäi déi Konservativ eng zolidd Majoritéit hunn an den Debat éischter eng Formalitéit ass. © Gordon Savage

Ähnlech Sujeten Awanderungsrecht, Groussbritannien, Kolonialmuecht, Migratioun, Priti Patel, Punktesystem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel