Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen
International Neiegkeeten

Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen

Um Donneschdeg huet de Milliardär aus dem Wäissen Haus eng

tonguelaughing
Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys
International Neiegkeeten

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der

cool
D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech
International Neiegkeeten

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wien ëfters duerch Ettelbréck trëppelt, weess, datt och d’Foussgängerzon an

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch

Um Freideg huet déi britesch Police eng weider Enquête wéinst Mord annoncéiert. Dat nom Dout vum Exil-Russ Nikolaï Glouchkov. Dee war um Méindeg a sengem Londoner Appartement opfonnt ginn.

„No der Autopsie ass eng Enquête fir Mord opgemaach ginn“, esou Scotland Yard an engem Communiqué. Scotland Yard huet betount, datt bis heihinner keen Zesummenhang mat der Vergëftung vum fréiere russeschen Duebelagent, Sergueï Skripal, gemaach gëtt.

Laut dem Autopsiebericht, ass den Nikolaï Glouchkov un de Folge vun enger „Kompressioun um Niveau vu sengem Hals“ verstuerwen. D‘Police preziséiert awer, datt d‘Ëmstänn vum Dout weiderhin ongekläert sinn. Vun der AFP kontaktéiert, huet d‘Witfra vum Affer sech vun engem Kommentar distanzéiert.

Och Moskau hat um Freideg ugekënnegt eng Enquête „fir de Mord un engem Bierger vun der russescher Federatioun, Nikolaï Glouchkov“, engagéiert ze hunn. Et wier ee selbstverständlech bereet, mat de briteschen Autoritéiten zesummenzeschaffen.

Um Mëttwoch hat déi russesch Ambassade zu London de Manktem un Transparenz bei der Enquête bedauert, an eng offiziell Demande formuléiert, fir all d‘Informatiounen ze erhalen, déi der Police, am Zesummenhang mat dësem russesche Bierger, virleien.

Eng Demande, där net esou einfach nozekommen ass. Wéi Scotland Yard bestätegt huet, ass d‘Antiterror-Eenheet vun der Police mat dëser Enquête vertraut ginn. „Aus Virsiicht a wéinst de Relatiounen déi dëse Mann hat“, erkläert Scotland Yard.

An Ofwiesenheet veruerteelt

De Nikolaï Glouchkov war 68 Joer al, an e fréiere Kader vun der russescher Fluchgesellschaft Aeroflot. Säi politeschen Asyl huet de Nikolaï Glouchkov a Groussbritannien 2010 erhalen.

Hie war am Mäerz 2017 vun der russescher Justiz zu 8 Joer Prisong an Ofwiesenheet veruerteelt ginn. D‘Geriicht hat och gefuerdert, datt der Fluchgesellschaft 20 Milliounen US-Dollar missten iwwerwise ginn, déi an de 90er Joer op Schwäizer Konte saiséiert goufen.

D‘Poursuite wéinst Geldhannerzéiung zum Schued vun der Aeroflot, waren 1999 ageleet ginn. Zu deem Zäitpunkt war de Nikolaï Glouchkov ee vun de „Partner“ vum Boris Berezovski.

De Boris Berezovski, fréiere russeschen Oligarch, hatt sech géint de Kreml opgestallt, ouni awer wierklech eng Figur vun der russescher Oppositioun ze sinn. Am Mäerz 2013 war de Boris Berezovski an senger Wunneng erhaangen opfonnt ginn. De Nikolaï Glouchkov hat d‘Thees vum Suizid a Fro gestallt.

Interessant un der Affär „Glouchkov“: se geschitt matte während de grousse „Spannungen“, déi et tëscht Moskau a London gëtt, nodeem de Sergueï Skripal, seng Duechter Ioulia an e Polizist vergëft gi sinn, an elo an engem Spidol ëm hiert Liewe kämpfen.

D‘Premierministesch Theresa May, ënnerstëtzt duerch seng europäesch Alliéiert a Washington, huet Russland als „Schëllegen“ fir d‘Vergëftung ausgemaach. Et sollen och Sanktioune géint Moskau ergraff ginn. De Kreml huet geäntwert, a verséchert, datt een drop ze reagéiere wéist.

Schockant an onverzeilech

Och de briteschen Ausseminister Boris Johnson huet sech um Freideg zu Wuert gemellt. Hien huiet verséchert, datt London et op de „Kreml vum Putin“ ofgesinn hätt an net op Russland.

„Mir mengen datt et extrem Probabel ass, datt et seng Entscheedung war, den Uerder fir Notzung vun engem neurotoxeschen Agent ze ginn, dat an de Stroosse vum Kinnekräich“, esou de Boris Johnson bei eng Visite vun Uxbridge (West-London).

Eng Beschëllegung déi esou net haltbar ass a Moskau zu enger Reaktioun gezwongen huet. „All Mentioun oder Referenz zu eisem President, ass näischt aneres wéi Schockant an onverzeilech. Dat verstéisst géint déi diplomatesch Etikett“, esou eng éischt Äntwert vum Kreml-Spriecher Dmitri Peskov.

Den Dmitri Peskov huet och matgedeelt, datt Moskau a zäitno Sanktioune wäert annoncéieren, nodeems 23 russesch Diplomate vu London ausgewise goufen. Hien huet och bestätegt, datt déi bilateral Kontakter op Äis geluecht gi sinn.

Laut dem russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov, huet Moskau entscheet och sengersäits britesch Diplomaten auszeweisen. Dat géif awer „dem Prinzip vun der Gläichstellung entspriechen“, esou de Sergueï Lavrov.

Keng Auswierkung op d‘Wahl vum russesche President

Um haidege Sonndeg gëtt a Russland de neie President vun der Federatioun gewielt. Et ass dann och zimlech sécher, datt den aktuelle President Vladimir Putin am Amt bestätegt gëtt. Hie steet als e „staarke Mann“ am Fokus, deen et mam Weste kann ophuelen. Iwwer 107 Millioune Mënsche sinn opgeruff, hir Stëmm ofzeginn.

Vu London beschëllegt de Optrag fir e Mord op briteschem Buedem ginn ze hunn, op der UNO wéinst der Ënnerstëtzung vum syresche President Baschar al-Assad ausgegrenzt, an de Sanktioune vu Washington ausgesat, well ee sech soll an d‘Presidentewahlen agemëscht hunn.

Seele war e Kandidat fir d‘Amt vum russesche President, an senger leschter Wahlkampfwoch esou ënner „Beschoss“ geroden. Fir de Vladimir Putin kee Beebroch. Déi „Opmierksamkeet“ déi him hei geschenkt gëtt, bréngt hien nees an den éischte Rang vun der politescher Zeen.

Datt elo och nees vum „Kale Krich“ geschwat gëtt, schéngt a Russland selwer kee matzekréien. De Vladimir Putin huet seng Campagne am Süde vum Land mat engem Besuch bei Baueren ofgeschloss. A laut de Sondagen hätt hie 70% Zoustëmmung.

Mat 65 Joer muss sech de russesche President also keng Suerge maachen, an e Mandat bis 2024 ass esou gutt wéi sécher. Säi „gréisste“ Géigner, de Millionär vun der kommunistescher Partei, Pavel Groudinine, läit an de Sondage bei 7%. Zu den anere 6 Kandidate muss dann och näischt méi gesot ginn.

mam Antoine Pollez, dem Germain Moyon an Thibault Marchand/AFP

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Groussbritannien, Russland, Theresa May, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    15

  • Fail

    0

  • Cry

    1

  • Angry

    0

  • WTF

    8

  • Crazy

    10

  • Love

    0