Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen
International Neiegkeeten

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech
International Neiegkeeten

Paräis wëll Nuklearofkommes mam Iran nei verhandelen, Teheran wiert sech

E Freideg huet Teheran den Appell vu Paräis zréckgewisen, mat

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer Regierung virgeholl. D‘Schwéiergewiichter huet se sech erhalen an ass just un enger Ministesch gescheitert, déi et virgezunn huet, d‘Bengele bei d‘Tromm ze geheien.

Eng Regierungsëmbildung déi e neie Wand soll bréngen, iert et mat Bréissel an déi nächst Brexit-Verhandlungsphas geet. Allerdéngs waren et virun allem d‘Skandaler an déi Regierungsmembere verwéckelt waren, déi dës Moossnam erzwongen hunn.

D‘Changementer, déi um Méindeg bekannt gi sinn, an där et der och haut nach soll ginn, sinn esouwäit éischter marginal. Eenzeg markante Fait: d‘Erzéiungsministesch Justine Greening, huet gekënnegt, nodeems si de Ministère fir Soziales a Pensioune sollt iwwerhuelen.

Onverännert

Do wou ee sech eventuell Verännerungen erwaart oder erhofft huet, ass dann alles beim „ale“ bliwwen. Den Ausseminister Boris Johnson, de Finanzminister Philip Hammond an de Brexitminister David Davis behalen hir Posten. Dat gëllt och fir den Inneminister Amber Rudd an de Verdeedegungsminister Gavin Williamson.

Wann sech trotz groussem „Tam-Tam“ näischt wiesentlech verännert, da muss ee mat Géigewand rechnen. De sozialisteschen (Labour) Deputéierte Stephen Kinnock mécht sech dann och lëschteg a mengt: „Kee Wonner, datt d‘Theresa May schwéier mam Brexit ze kämpfen huet, se kritt nach net emol eng Regierungsëmbildung op d‘Rei“.

Dobäi wëll d‘Premierministesch dach nëmmen eng verjéngten a méi feminin Regierung presentéieren. Hiren Handlungsspillraum ass allerdéngs begrenzt. Si muss e Gläichgewiicht tëscht den Unhänger vun engen „haarde Brexit“ an de Moderaten oprecht erhalen.

Zudeem hat d‘Theresa May schonn Enn 2017 dréi Ministèren ëmbesat. De leschte Minister deen esou säin Hutt huet missen huelen, war de Vizepremier Damian Green. Deem war vun enger Militantin aus der eegener Partei der sexueller Belästegung beschëllegt ginn.

Dernieft gegraff

Um Méindeg hat den „Austausch“ mat enger Falschmeldung ugefaangen. Esou hat déi konservativ Partei (Tories) via Twitter ugekënnegt, datt den Transportminister géif un d‘Spëtzt vun der Partei gesat ginn. En Tweet deen dann awer nees schnell geläscht ginn ass.

Tatsächlech ass et de 46 järege Brandon Lewis deen elo zum President vun de Konservativen ernannt ginn ass. Zousätzlech zu dëser Funktioun kritt hien e Posten als Staatssekretär ouni Aufgabeberäich. De Lewis war bis dohinner Staatssekretär fir d‘Immigratioun.

Eppes méi fréi um Méindeg, dat de Minister fir Nordirland, James Brockenshire (50) seng Kënnegung aus Gesondheetsgrënn bekannt ginn. Dee war – obwuel et vill Verhandlungsronne ginn hat – un der Bildung vun enger neier nordirescher Regierung gescheitert. Hie gëtt vum Karen Bradley (47), bis dohinner Staatssekretärin fir Kultur, Medien a Sport, ersat.

E neien Depart

Déi nei Exekutive muss awer elo séier seng nei Positioun definéieren. Dat scho wéinst de Brexit-Verhandlungen, déi am Januar mat Bréissel nees mussen opgeholl ginn. Hei dierften d‘Gespréicher sech an éischter Linn mat der Transitiounsperiod beschäftegen. Am Mäerz gëtt sech dann iwwert déi nei wirtschaftlech Bezéiungen ënnerhalen.

Et ass deemno net auszeschléissen, datt nach weider Käpp wäerte falen. Hei am Gespréich, d‘Andrea Leadsom, Cheffin vum „House od Commons“, déi sech ëm d‘Relatioune vun den Deputéierten an der Exekutive këmmert.

D‘Andrea Leadsom kéint d‘Affer vun der Néierlag ginn, deen d‘Parlamentarier dem Theresa May den 13. Dezember verpasst haten, wéi 11 konservativ Deputéiert mat der Oppositioun ofgestëmmt haten, an esou erreecht haten, datt d‘Parlament e Vott zu de Formuléierunge vum finale Brexit-Accord muss organiséieren.

Mat der Ëmbesetzung soll der Premierministesch e neien Depart erméiglecht ginn. Hir Autoritéit war massiv a Fro gestallt ginn, nodeems déi Konservativ bei de Wahle vum Juni 2017 hir absolut Majoritéit agebéisst haten.

Och war d‘Theresa May stänneg mam Dissens iwwert hir Formatioun zum Brexit konfrontéiert ginn. Datt et der Premierministesch dann awer nach gelongen ass, déi éischt Verhandlungsronn mat Bréissel zu engem (gudden) Ofschloss ze bréngen, huet hir eng gewësse Legitimitéit zréck ginn.

mam Pauline Froissart/AFP

Foto: Déi britesch Premierministesch Theresa May (r) mam neie President vun de Konservativen, Brandon Lewis. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Labour, Theresa May, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel