Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo
dating sites in abidjan https://moien.lu/nova-scotia-dating-laws/

describe yourself for a dating site

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg,

dating tsundere
dating sites in abidjan https://moien.lu/nova-scotia-dating-laws/

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean
dating sites in abidjan https://moien.lu/nova-scotia-dating-laws/

Hospitalisatioun vum Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum Haff matgedeelt huet, ass de Groussherzog

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Britesch Premierministesch mat emotionalem Récktrëtt

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee fruchtbare Buedem gefall ass, an hire Récktrëtt bekannt ginn. Am konservative Krabbekuerf start de Kampf ëm d‘Nofolleg. Wat bedeit dat elo fir de Brexit? Kënnt et zu Neiwahlen a falls jo, kënnen Tories sech Chancen ausrechnen?

Déi britesch Premierministesch hat et gëschter net einfach an dat mannst wat sech behaapte léisst: et huet een hir et ugesinn. Et wier d‘Éier vun hirem Liewe gewiescht, esou d‘Theresa May, déi als zweet Fra iwwerhaapt, a Groussbritannien dëst Mandat fir sech beusproche konnt. Et war ee wierklech emotionalen Ament, d‘Theresa May huet Gefiller gewisen a war den Tréine ganz no.

Verständlech… d‘Geschichtsbicher wäerten si als „Verléierin“ veréiwegen. Dobäi war alles anescht geplangt an ugeholl, si hätt de Brexit tatsächlech wéi versprach zum Stéchdatum hikritt, wier si haut d‘Heldin vun der Natioun. Mee den Accord deen d‘Theresa May mat der EU-Kommissioun zustane kritt huet, war net duerch d‘Parlament ze kréien an ass net emol vun den eegene Leit gedroe ginn.

De Feind am eegene Gremium

Um Freidegmueren haten d‘Theresa May an hire Fraktiounschef, Graham Brady, nach eng länger Entrevue. De Graham Brady, deen zolidd matgehollef huet d‘Premierministesch ze demanteléieren, dierft elo mat sech zefridde sinn. Woubäi generell den Drock op Theresa May esou grouss ginn ass, datt hir net méi wierklech vill Optiounen zur Verfügung gestanen hätten. Si huet also noginn…

Groussbritannien

Groussbritannien

An dat ganzt hat sech schonn en Dënschdeg ugekënnegt. Wéi d‘Theresa May den Entworf fir en EU-Austrëttsgesetz presentéiert huet, koum et op en neits zum Eclat. Doranner huet et geheescht, datt d‘Parlament wuel d‘Recht hätt iwwert en zweete Referendum ze entscheeden, dat Recht awer un d‘Zoustëmmung vum Austrëttsgesetz gebonne wier. Domatter war d‘Mooss endgülteg voll.

Oppositioun a Majoritéit ware gläichermoosse veriergert, allerdéngs aus ënnerschiddleche Grënn. D‘Oppositioun huet gemengt, datt ee sech net erpresse léisst an d‘Majoritéit war entsat, datt ee sech iwwerhaapt traut d‘Méiglechkeet vun engem zweete Referendum an de Raum ze stellen.

Et kann net méi zum Deal kommen

Mam Récktrëtt vun der Premierministesch ass zumindest eppes elo sécher: de Brexit-Accord ass a senger aktueller Form vum Dësch. Mam Austrëtt aus der europäescher Unioun muss sech elo en anere ploen, woubäi dat net vun haut op muer geschéie wäert. De Récktrëtt vum Theresa May gëtt de 7. Juni effektiv, wou et zum interne Muechtkampf – mat ongewëssem Ausgank – wäert kommen.

Groussbritannien

Bis dësen „Nofolger“ bestëmmt ass, wëll d‘Theresa May d‘Geschäfter weiderféieren. Wéi den neie Premierminister – et gëtt nëmme männlech Kandidaten – de Brexit gereegelt kritt, ob et dann awer zu engem zweete Referendum kënnt a wéi dësen de Konsens, deen d‘Premierministesch einfach net hikritt huet, wëll bewierkstellegen… Dorops gëtt et esoubal nach keng Äntwert.

Zudeem dierf bezweiwelt ginn – egal wien d‘Successioun untrëtt – datt dee „Neien“ iwwerhaapt zu engem Kompromëss bereet ass. D‘Chancen op en haarde Brexit sinn nom Récktrëtt esou grouss wéi laang net méi. Et schéngt erwisen, datt sech déi Konservativ wäerten e „Brexiteer“ aussichen. Vu Bréissel heescht et dann och, datt sech un der EU-Positioun zum Brexit näischt geännert hätt.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Neiwahlen, Récktrëtt, Referendum, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel