Search

You may also like

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international
International Neiegkeeten

Jonk Lëtzebuerger Fuerscherinnen brilléieren international

Wéi mer vun der Fondatioun Jonk Fuerscher matgedeelt krute, war

What the Fakt – Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2019
International Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2019

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vum Buch, dem

Urban Talks – Wéi soll Esch sech ästhetesch entwéckelen?
International Neiegkeeten

Urban Talks – Wéi soll Esch sech ästhetesch entwéckelen?

Fir d’Relatioun tëscht Artist a Bierger ze stäerken, organiséiert d’Kulturfabrik,

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung

Groussbritannien: Reprise trotz Endzäitstëmmung

D‘Briten hunn hire Gesondheetssystem an de leschte Joerzéngten deraart vernoléissegt, datt schonn déi ganz „normal“ Saisonsbedingte Gripp d‘NHS iwwerfuerdert. Elo mat der Covid19-Pandemie kritt d‘Politik d‘Konsequenze vun hirem onverantwortlechen Handele presentéiert: zum 5. Mee huet et op der Insel mindestens 32.300 Stierffäll ginn. Experte gi vu wesentlech méi Affer aus…

Groussbritannien huet domadder am europäesche Raum den Italiener de Rang ofgelaf, an eenzeg d‘USA hunn eng héijer Stierflechkeet duerch d‘Infektiounskrankheet ze verzeechnen, woubäi de Verglach – am Bezuch op d‘Proportiounen – och net wierklech stëmmeg ass. Fir ze vergläichen, misst ee sech op gläich Methode bei der Erhiewung maachen, mee all Land geet dat anescht un.

Wat een awer kann aus de leschten Zuele vun der britescher Statistik-Verwaltung kann enthuelen: d‘Regierung – an domadder de Boris Johnson – huet den Impakt vun dëser sanitärer Kris massiv ënnerschätzt. De Regierungschef, dee sech nach am Mäerz domadder gebretzt hat, Mënsche mat Covid19 am Spidol d‘Hand gerëselt ze hunn, an datt et just eng Fro vun der Vernonft wier, war bekanntlech selwer erkrankt. Kierzlech huet London esouguer verkënnt, datt et iwwerstane wier.

Scho muer wëll de Boris „King of the World“ Johnson mat senge Minister iwwert eng schrëttweis Reprise beroden an ee Sonndeg sollen d‘Richtlinnen dann der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Fir den Ament gëllen d‘Ausgangsbeschränkungen op der Insel nach bis zum 7. Mee. Net essentiell Geschäfter muss zou bleiwen, Versammlunge sinn op 2 Persoune beschränkt, Sport dreiwe geet nëmmen ënner kloer definéierte Konditiounen. Dat soll trotz héijen Zuelen elo alles gelackert ginn.

D‘Gewerkschafte sinn entspriechend besuergt. Si denoncéieren de Mangel u wëssenschaftlecher Expertise a verweisen op all déi Mesuren, déi sech bei enger Reprise vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten opdrängen. Zweiwel gëtt et och un der Ausso vu „Public Health England“ (PHE) déi behaapt, datt eng Interaktioun tëscht zwou Persounen, begrenzt op 15 Minutten onbedenklech ass.

Si fuerderen dann och datt vulnerabel Salariéeë sollen d‘Méiglechkeet behale vun doheem aus ze schaffen, wat vun de Patronatsorganisatioune kontestéiert gëtt. Et géif ee jo „Arrangementer“ a Plaz setzen, déi alle Mataarbechter eng sécher Aarbechtsplaz géife garantéieren. Si goufen da bis ewell och just opgefuerdert, fir dës Persounen eng besonnesch Virsiicht unzewennen…

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Max Bender / unsplash

Related topics Armageddon, Coronavirus, Covid19, Groussbritannien, NHS, PHE, Reprise
Next post Previous post