Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wierbel an Zockerschock duerch Baby-Yoda!
https://moien.lu/dating-on-earth-trama/ https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/

austin hookup spots

Gesäit een de klengen drollege Gesell um neie Streaming Déngscht

free online dating for married couples
https://moien.lu/dating-on-earth-trama/ https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/

USA entzéien der General-Procureure Fatou Bensouda de Visa

Dat huet et esou nach net ginn, mee aktuell kann

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark
https://moien.lu/dating-on-earth-trama/ https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/

D’Präisser fir gewësse Prestatioune klammen no der Reform staark

Am Moment suergt eng einfach Foto op Facebook fir vill

Groussbritannien: Tories entscheeden haut iwwer May-Nofolleg

Groussbritannien: Tories entscheeden haut iwwer May-Nofolleg

Wien elo de Parteivirsëtz vun de britesche Konservativen (Tories) iwwerhëlt, an iwwert dësen Ëmwee och Premierminister vu Groussbritannien gëtt, dat gëtt haut entscheet. Véier méiglech Kandidate stinn zur Wahl an dem Trump säi Fiffi huet nach ëmmer de Status vum Favorit.

Et hat där „Kandidaten“ méi ginn, mee no e puer Ronne sinn der nach véier „am Gespréich“. Beim leschte Wahlgang hat de Boris Johnson 143 vun 313 méigleche Stëmmen erhalen. Domatter bleift hie senger Favoritteroll trei. Nieft dem US-Wonschkandidat, sinn nach am Rennen: de Jeremy Hunt (Ausseminister), esou wéi de Michael Gove (Ëmweltminister) an de Sajid Javid (Inneminister).

Tories

Déi dräi lescht genannten hunn zesummen och 143 Stëmmen erhalen, an ee vun hinnen, wäert sech den Duell mam Boris Johnson leeschten. E faire Kampf sollt ee sech net erwaarden. De fréieren Ausseminister gëtt vun der Parteibasis ugehimmelt, war eng vun de Schlësselfigure beim Brexit-Referendum a steet fir en haarden Austrëtt ouni Ofkommes. D‘Scholde wëll hien och net bezuelen.

Him gëtt dann och zougetraut, de „Messias“ ze sinn, deen déi enttäuschte Parteigänger nees kann an de Krees vun der „Famill“ zréckféieren. An domatter ass zimlech alles gesot, well wann et déi Deputéiert waren déi d‘Virwahle bestëmmt hunn, esou ginn, bei der Stéchwahl, déi gutt 160.000 Parteimembere gefrot. Déi wäerten net mat „Intelligenz“ mee mat „Gefill“ hir Stëmm ofginn…

Wat et net alles gëtt

Et sollt een also schonn emol gemälleg dovunner ausgoen, datt de Boris Johnson, dee grad eréischt säi 55. Gebuertsdag gefeiert huet, sech vill ze schued war fir un engem op der Tëlee ausgestraalten Debat deelzehuelen an och soss e Beholl wéi „säi Virbild“ huet, Premierminister wäert ginn. Nieft dem Donald Trump kritt d‘Welt esou nach ee Spëtzendiplomat deen si eigentlech guer net brauch.

Tories

De Boris Johnson, deem keng Geleeënheet ze peinlech ass fir mat zwee Féiss dranzesprangen, huet awer dem US-Milliardär eppes viraus: et weess een ni esou ganz sécher, ob et schlicht an ergräifend en Idiot mat besonnesche Fäegkeeten ass, oder hien dat mat Absicht mécht. Sécher awer ass, datt een him e Brexit ouni Ofkommes zoutraue kann, well Bréissel wäert net wëllen noverhandelen.

Egal wéi et ausgeet, d‘Welt gëtt mam politesche Wandel a Groussbritannien kee Stéck besser, an de Fall gesat de Boris géif tatsächlech d‘Geld, dat si der EU schëlleg sinn, zréckbehalen, gëtt et richteg komplizéiert. Ëmmerhi gëtt et ausser der EU nach aner „Clibb“ an deene mir mat de Brite verbonne sinn. Bei Geld awer hält bekanntlech d‘Frëndschaft op. Dat ginn nach richteg chaotesch Zäiten…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Theresa May, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel