Net déi beschten Zäit fir e Veto (Analys)
Am Gestreits ëm Rechtsstaatlechkeet, bleiwen den Ament de pluriannuellen EU-Budget
Datt d‘Covid19-Pandemie dem Eenzelhandel d‘Joer 2020 zolidd versaut huet, dat
No heftegster Kritik aus dem eegene Lager, huet den „nach“
Zu dëser Demonstratioun haten déi zivil Organisatiounen Assemblea Nacional Catalana (ANC) an „Omnium Cultural“ opgeruff. Laut der Police sinn 350.000 Leit dësem Opruff gefollegt, deen ënnert dem Motto „Libertat“ gestanen ass. Et koum awer och bei dëser Demo zu Gewaltausbréch.
Bei den Demonstrante haten d‘Slogane wéi „Onofhängegkeet“ mee och „Fräiheet fir déi politesch Prisonéier“ Konjunktur. Bei engem Treffe vun de Buergermeeschter, un deem sech wäit iwwer 700 Gemengepappen (a Mammen) bedeelegt hunn, war och de Regionalpresident Quim Torra ze gesinn. De Quim Torra, deen huet gëschter deklaréiert: „Um Wee an d‘Onofhängegkeet gëtt et keen zréck“.
Mat der Kundgebung hunn d‘Organisatiounen an d‘Demonstranten, déi fir d‘Onofhängegkeet stinn, versicht der Zentralregierung zu Madrid däitlech ze maachen, datt et keen uerteel gëtt, datt si derzou brénge kann, hiert Zil opzeginn. D‘Separatiste fuerderen d‘Fräiloossung vun de Veruerteelten a condamnéieren d‘Ënnerdréckung duerch de spuenesche Staat. Hei bréicht et dréngend en Dialog.
A wann d‘Leit net matenaner schwätzen, schloen se sech widder d‘Käpp. Gewaltbereet „Idioten“ gesinn dann och an esou Manifestatiounen eng gelleg Geleeënheet sech ervirzedoen. Esou am Stadzentrum vu Barcelona, wou e puer honnert maskéiert de nationale Police-Präsidium ëmstallt an dëse mat Steng a Fläsche beworf hunn. D‘Polizisten hu mat Knëppelen dergéint gehalen.
Säit dem Uerteel vum 14. Oktober, wou den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid, mat sengem kloer politeschen „Uerteel“ siwe Regionalpolitiker an zwee Aktivisten – déi fréier Leader vun der ANC an Omnium Cultural – zu Prisongsstrofe vu bis zu 13 Joer condamnéiert huet „brennt“ Katalounien. Den 18. Oktober waren (laut Police) 525.000 Mënsche géint dëst Uerteel op d‘Stroosse gaangen.
A Schottland – eng britesch Provënz déi och am léifsten Onofhängeg wier – huet et och eng grouss Demo fir d‘Fräiloossung vun de politesche Prisonéier ginn.
Et war fir déi ganz Provënz eng Nuecht vun der Gewalt: 182 Persounen (dorënner 22 Polizisten an 2 Journalisten) si blesséiert ginn, 82 Manifestanten si festgeholl ginn. D‘Regierung zu Madrid, déi veruerteelt Separatisten an de Regionalpresident Quim Torra haten zur „Rou“ opgeruff, mee dat war verluere Méi. Rou gëtt et net esoulaang wéi dës zentral Figure vum Referendum agespaart sinn.
Vu Madrid gëtt den ament just verlaangt, datt sech de Regionalpresident Quim Torra ausdrécklech fir d‘Eenheet vum Land asetzt an d‘Gewalt vun den Demonstranten ausdrécklech veruerteelt. Dobäi wier et sënnvoll den Dialog ze sichen, wa schonn net mat de Mënsche selwer, dann awer zumindest mat der hire politesche Vertrieder a Representante vun der ANC an Omnium Cultural…
mat indymedia/bcn
Foto: © Liz Castro