Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter
Neiegkeeten

Attentat zu Manchester: 22 Doudeger a 50 Blesséierter

Bei engem hannerlëschtegen Attentat zu Manchester bekloen d’Autoritéiten 69 Affer.

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader
Neiegkeeten

Homeoffice: D‘DP besteet op e gesetzleche Kader

Den Homeoffice – also vun doheem aus schaffen – wier

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Emblème vu San Francisco gëtt gebaut!

Et muss wuel een iwwerwältegenden Ubléck sinn, wann een déi

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Haut huet de Groussherzog Jean Gebuertsdag

Um haidege Samschdeg feiert de Groussherzog Jean säin 98. Gebuertsdag. Hien huet de 5. Januar 1921 um Schlass zu Kolmer-Bierg, als „Jean Benoît Guillaume Robert Antoine Louis Marie Adolphe Marc d‘Aviano vu Lëtzebuerg“ d‘Liicht vun der Welt erbléckt.

Seng Eltere waren d‘Groussherzogin Charlotte an de Felix vu Bourbon-Parma. De Groussherzog Jean huet de Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ampleforth besicht a war de 5. Februar 1939 zum Ierfgroussherzog ernannt ginn. Wéi Nazi-Däitschland eist Land den 10 Mee 1940 iwwerfall huet, ass hie mat senger Famill geflücht.

Bis 1942 hu si a Kanada gelieft, wou de Jean op d‘Universitéit vu Laval gaangen ass. Enn 1942, huet sech de spéidere Groussherzog vu Lëtzebuerg bei den Irish Guards engagéiert. Den 11. Juni 1944 ass den „John of Luxembourg“ an der Normandie genannt ginn a war bei Kampf ëm Caen, sou wéi bei der Befreiung vu Bréissel derbäi.

Am September 1944 war de Jean mat sengem Papp zesumme bei den alliéierten Truppen, wéi déi d‘Land befreit hunn. Do hätt fir hien eigentlech de Krich kënnen eriwwer sinn, mee den Ierfgroussherzog ass bei senger Eenheet bliwwen. Hien huet d‘Irish Guards 1947 mam Rang vum Kapitän verlooss, ass hinnen awer trei bliwwen.

1951 gëtt den Ierfgroussherzog Member vum Staatsrot (bis 1961) an 1953 huet de Prënz Jean déi belsch Prinzessin, Joséphine-Charlotte bestuet. Am Abrëll 1961 huet d‘Groussherzogin Charlotte de „Wiessel“ virbereet, an de Jean zum „Lieutenant-Representant“ ernannt, iert hien den 12. November 1964 op den Troun komm, a Generol vun der Lëtzebuerger Arméi ginn ass.

Jean

Den 12. November 1964 huet den Ierfgroussherzog Jean den Troun vu senger Mamm, der Groussherzogin Charlotte iwwerholl. (Quell: Nationalarchiv)

1984 gouf de Groussherzog vun der englescher Queen zum Colonel ernannt, firwat hie bei der traditioneller Truppeparad (Trooping the Colour) nieft der Kinnigin huet dierfe reiden. Seng Amtszäit als Groussherzog ass de 7. Oktober 2000 op en Enn gaangen. Hie huet zugonschte vum Henri, sengem eelste Fils, op den Troun verzicht.

Foto: Haut feiert de Groussherzog Jean Gebuertsdag. Eng Feier am klenge Krees. D‘moien.lu-Redaktioun wënscht zum 98. eng gutt Gesondheet an e laangt Liewen. (Quell: Nationalarchiv)

Ähnlech Sujeten Gebuertsdag, Groussherzog, Groussherzog Jean, Jean
Nächsten Artikel Virrechten Artikel