Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie
Neiegkeeten

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)
Neiegkeeten

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)

Laut der Police vun Dayton am Bundesstaat Ohio, huet e

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Zesummeliewen a menger Gemeng

A ville Gemengen ass d’Awunnerzuel an de leschte Jore staark

Ee Joer ass et hir – Gedenkmass um 7. Mee 2020

Ee Joer ass et hir – Gedenkmass um 7. Mee 2020

Um 23. Abrëll 2019 huet S.A.R. De Groussherzog Jean eis am Alter vun 98 Joer fir ëmmer verlooss. Mat enger Mass an der Kathedral vu Lëtzebuerg wäert de Kardinol Jean-Claude Hollerich um Donneschdeg, de 7. Mee um 9:30 Auer dem verstuerwene Groussherzog gedenken. Duerch d’Pandemie dierf kee Publikum un der Mass deelhuelen, se gëtt awer iwwerdroen iwwert www.cathol.lu.

An dësem Kader sollt ee kuerze Réckbléck gemaach ginn. Mëtt Abrëll 2019 koum vum Marechalat vum Haff de Message, datt de Groussherzog Jean wéinst enger Infektioun un de Longen um 13 Abrëll hospitaliséiert ginn ass. Knapp 10 Deeg méi spéit ass hien kuerz no Mëtternuecht verscheet.

Lëtzebuerg war a Staatstrauer, d’Undeelnam vun der Bevëlkerung war immens. Mat zuelräichen Invitéen an de Bierger vum Groussherzogtum ass offiziell Äddi gesot ginn. D’Mass vum Begriefnis ass vum Jean-Claude Hollerich an der Kathedral Notre-Dame gehale ginn.

Hei fannt Dir d’Artikelen zum Dout vum Groussherzog Jean:

Opmaacherfoto: lénks De Groussherzog Jean ass vu senger Famill a vum Lëtzebuerger Vollek op sengem leeschte Wee begleet ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu, riets © Cour Grand-Ducale / Jochen Herling

Ähnlech Sujeten Begriefnis, Gedenkmass, Groussherzog Jean, Jean-Claude Hollerich, Joresdag, Kathedral Notre-Dame, Live-Iwwerdroung, Pandemie, Réckbléck 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel