Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
Neiegkeeten

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
Neiegkeeten

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch
Neiegkeeten

Groussbritannien: Den Dout schwätzt Russesch

Um Freideg huet déi britesch Police eng weider Enquête wéinst

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit ausgeholl an ass emol vir unzefänken op d‘Enn vum éischte Weltkrich agaangen. De Konflikt ass bekanntlech virun 100 Joer op en Enn gaangen an hat sengerzäit zur Schafung vun der „Gesellschaft vun de Natiounen“, dem Virgänger vun de Vereenten Natioune gefouert.

Laut dem Groussherzog, war et d‘Gebuert vum Multilateralismus an der internationaler Diplomatie. Esou hätt den éischte Weltkrich bis haut eng grouss Bedeitung, et wier de Startschoss vun enger neier Ära gewiescht, déi zur Zesummenaarbecht vun de Staaten an de Natioune gefouert huet. An der Welt vun haut, esou de Groussherzog, wier dat ee wichtege Beitrag zum Fridden.

Et misst een dat ënnerstëtzen, besonnesch ëmmer dann, wann déi bilateral Bezéiungen un hir Grenze stoussen: Et muss also allgemeng Reegele ginn op déi ee sech Stëtze kann, fir den internationalen Handel gerecht ze organiséieren, de Klimawandel an de Grëff ze kréien, an, eppes méi generell, sech den Erausfuerderunge vun der haideger Zäit ze stellen.

De Groussherzog Henri war dann och voller Luef fir eis lëtzebuergesch Demokratie, déi sech zanter Joerzéngte fir dat internationaalt Recht an déi multilateral Zesummenaarbecht asetzt. Dat géif och vum Ausland begréisst, stellt de Staatschef fest, a bezitt sech op seng eegen Erfarungen, déi hie bei der UN-Klimakonferenz (COP24) zu Katowice gemaach huet.

Hie hält sech dann och un dësen Institutioune fest, déi gutt Resultater geliwwert hätten. Fir eise Groussherzog ass et awer och wichteg, datt sech dës Institutioune mat der Zäit entwéckelen, der Evolutioun Rechnung droen, an deementspriechend mussen ugepasst ginn. Leider géif sech den Ament en nationalen Egoismus breet maachen, deen d‘Welt un d‘wackele bréngt.

Déi international Communautéit misst sech deem bewosst ginn, Verantwortung iwwerhuelen, an ëmmer drun denken, datt mir nëmmen eng Welt hunn. All déi Erausfuerderungen ei sech opdinn, betreffen all eenzelen op dësem Planéit. Op Fridden oder Klima, nëmme wann d‘Mënschen sech all zesumme fir béides asetzen, kann et geléngen.

Natierlech sinn och d‘Chamberwahlen an de Ried vum Groussherzog net vergiess ginn. Hien huet der neier Koalitiounsregierung vill Gléck an e gutt gelénge gewënscht. De Groussherzog wëll awer och notéiert hunn, datt de Bierger an d‘Politik sech eppes vunenaner geléist hunn, och wann et zu Lëtzebuerg nach e relativ breede Konsens gëtt, wann et et déi grouss a wichteg Theme geet.

Hien huet net vergiess all de Benevollen, Fräiwëlleger a soss alle sozial engagéierte Mënsche fir hiren Asaz Merci ze soen. Hien huet op Hellegowend och e Gedanke fir déi gehat, déi Krank oder Eleng sinn. De Groussherzog hat och verséinlech Wierder fir all eis auslännesch Matbierger, déi vill zum Wuelstand vum Land bäidroen. Si wieren och zu Lëtzebuerg doheem…

Ähnlech Sujeten Chrëschtdag, Groussherzog, Hellegowend, Palais, Usprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel