Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches
Neiegkeeten

G20 Sommet: Wéineg Erfreeleches

Dat hat sech Däitschland anescht virgestallt. Amplaz vu schéine Biller,

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen
Neiegkeeten

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen

Lëtzebuerg gräift zënter Méint no de Stären. An ëmmer méi

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus
Neiegkeeten

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus

A senger Sëtzung vum 18. Mäerz 2019, huet de Gemengerot

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Duebel gratuléiert: S.A.R. de Groussherzog an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag!

Um groussherzoglechen Haff kann haut direkt duebel gefeiert ginn. S.A.R de Groussherzog Henri kritt 65 Joer, wärend säi Jong, de Prënz Sébastien seng 28. Joer zelebréiere kann. Do wënscht een natierlech alles Guddes!

Als eelste Jong vum Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg ass S.A.R. de Groussherzog Henri um16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder gebuer ginn. Um 4. Mäerz 1998 ass hie vu S.A.R. dem Groussherzog Jean, ganz no de Bestëmmunge vum Artikel 42 vun der Verfassung, zum Lieutenant-Représentant ernannt ginn. Um 7. Oktober 2000 gouf hie schliisslech op den Troun erhuewen an duerft soumat d’Nofolleg vu sengem Papp unhuelen.

Ma, de Prënz Sébastien Henri Marie Guillaume, Prënz vu Lëtzebuerg, Nassau a Bourbon-Parma, ass um 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte gebuer ginn. Hien ass dat fënneft a jéngst Kand vun der groussherzoglecher Koppel. Säit 2010 dréit hien den Uerden Lion d’Or vum Haus Nassau.

Opmaacherbild: © Cour grand-ducale / Lola Velasco

Ähnlech Sujeten Gebuertsdag, Gratulatioun, groussherzoglech Famill, Prënz Sébastien, S.A.R. de Groussherzog Henri
Nächsten Artikel Virrechten Artikel