Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch-Uelzecht: Rapp a Klapp an der Brillstrooss
Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Rapp a Klapp an der Brillstrooss

Wéi d‘Police matgedeelt huet, war um spéide Sonndegowend (23 Auer)

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!
Neiegkeeten

Dräi nei Elementer beim kulturellen immaterielle Patrimoine!

Eng Konventioun aus dem Joer 2003 vun der UNESCO gesäit

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock
Neiegkeeten

Trump setzt Mataarbechter vum ICC ënner Drock

Wëll den internationale Geriichtshaff géint US-Zaldoten ermëttelt, deene Krichsverbriechen am

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag

S.A.R. dem Groussherzog seng Usprooch zu Chrëschtdag

Léif Matbierger,

Am Réckbléck op dëst Joer kann ee soen, datt et vu villen a staarken Emotioune gepräägt war.

Do war Trauer, mee och Freed, Erënnerung an Hoffnung. All déi Gefiller si ganz perséinlech, si dinn awer och Mënschen zesummestoen an zesummewuessen. Mir hunn dat als Land schonn dacks ënner Beweis gestallt. Mir kënnen eis zesumme freeën awer och zesummen traueren.

Esou huet am Februar d’ganzt Land mat de Famillje vun den zwee Zaldote vum Service de Deminage getrauert, déi am Munitiounsdepot um Waldhaff ëm d’Liewe koumen, wéi eng Bomm aus dem Zweete Weltkrich explodéiert ass. Am Joer, wou mir eigentlech uechter d’ganzt Land de 75. Anniversaire vun der Liberatioun vu Lëtzebuerg feiere sollten, hunn d’Iwwerreschter vum Krich nach ee schrecklechen Tribut gefuerdert.

Trauer, déi d’ganz Land a wäit iwwer d’Grenzen eraus mat mir a menger Famill gedeelt huet, wéi mir den 23. Abrëll hu missen de Grand-Duc Jean goe loossen, mat deem mir e gudden a besuergte Papp verluer hunn. Wat bleift ass d’Erënnerung un e groussaartegen an devouéierte Staatschef.

E Schock, mee och eng grouss Solidaritéit gouf et vun der ganzer Populatioun, wéi matten an der Summervakanz en Tornado iwwer de Süde vum Land gezunn ass a grousse Schued ugeriicht huet.

Haut op dësem Dag fillen d’Grande-Duchesse an ech eis besonnesch verbonne mat all deene Leit, déi dëst Joer net op der Sonnesäit vum Liewe stoungen.

Eng grouss Freed war et fir mech, deen enorme Succès ze gesinn vum Forum „Stand Speak Rise Up“, deen op Initiative vun der Grande-Duchesse am Mäerz ofgehale ginn ass. Hei ass net nëmme mam Fanger op eng grausam Realitéit gewise ginn, mee och d’Liewen, d’Iwwerliewen si gefeiert ginn. Dausende Mënschen hu sech mobiliséiert, fir d’Vergaangenheet opzeschaffen an eppes Positives ze bewierken, jo d’Welt e bëssen ze verbesseren.

An da war et net nëmme fir d’kathoulesch Kierch hei zu Lëtzebuerg eng grouss Éier a Freed, wéi den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Roum an de Kardinolsstand erhuewe gouf.

Mir alleguer waren och ganz glécklech, wéi mir d’Nouvelle kruten, dass de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Stéphanie am nächste Joer Nowuess kréien.

Dëst Joer stoung awer och am Zeeche vun der Erënnerung. Commemoratiounsfeieren uechter d’ganzt Land fir de 75. Anniversaire vun der Liberatioun hunn eis drun erënnert, wéi dankbar mir musse si vis-à-vis vun deene Mënschen, déi sech fir eis Fräiheet an eis Wäerter agesat hunn. Allze dacks hu si den Asaz misse mat hirem Liewe bezuelen.

Wat eis bleift ass d’Fräiheet, d’Erënnerung an d’Hoffnung, datt Krich ni méi als Léisung a Fro kënnt.

Léif Matbierger,

Mir stellen ëmmer erëm fest, wéi séier eis Welt an eist Ëmfeld sech veränneren. Nëmmen d’Fäegkeet eis unzepassen, sief et als Eenzelen oder och als Kollektivitéit, loossen eis do mathalen. Haut op dësem Owend wëll ech awer op eppes agoen, wat a mengen Ae grad esou wichteg fir de Mënsch ass, an zwar seng Repèren a seng Wuerzelen.

D’Modernitéit sollt net viraussetzen, datt ee seng Wuerzelen opgëtt, a seng Identitéit aus den Ae verléiert. D’Wäerter, op déi eist Zesummeliewen opgebaut ass, sollten net esou staark relativéiert ginn, datt ee se net méi erkennt. De Mënsch muss säi Liewen op zolidd Fundamenter kënnen opbauen, a Repèren hunn.

Den institutionellen an demokratesche Kader, an deem mir zanter Joerzéngten evoluéieren, verschaaft eis eng grouss politesch Stabilitéit. Dëse Kader ass och d’Grondlag vun der fräier Meenungsäusserung an de Rechter a Fräiheeten, déi alle Matbierger garantéiert sinn. Si sinn awer keng Selbstverständlechkeet, mee e wäertvollen Acquis, fir deen ee sech ëmmer nees asetze soll.

D’Aart a Weis wéi mir hei am Land mateneen ëmginn, an der Gesellschaft, an der Famill oder am Frëndeskrees ass grad esou e wichtege Repère, fir datt deen Eenzele seng Plaz fënnt. De Kader vun der Famill spillt eng onersetzlech Roll, och wa leider net jiddereen d‘Chance huet, nach eng Famill ze hunn. Mir wëllen hei zu Lëtzebuerg dat Wuert Solidaritéit ganz grouss schreiwen. Dat geléngt eis dacks, mee net ëmmer. Do si mir also weiderhi gefuerdert. Mir kënnen awer houfreg sinn, datt bei wichtege Momenter d‘Gefill vum Zesummestoen ënner Beweis gestallt gëtt. Eleng huet ee ganz séier seng Limitten erreecht.

Politesch oder moralesch Usiichten, philosophesch oder reliéis Gedanken droen och dozou bäi, datt ee sech net nëmmen als Individuum gesäit, mee als een Deel vun engem Ganzen. Esou verschidden d‘Meenungen an eiser pluralistescher Gesellschaft sinn, esou hu se awer meeschtens dee selwechten Ausgangspunkt:

datt een eppes un der Welt ännere kann,

datt de Fortschrëtt méiglech ass fir eng besser Zukunft.

Et ass dofir wichteg, Idealer a Virbiller ze hunn oder op d‘mannst u fest Valeuren ze gleewen, sief et schonn nëmmen de Respekt, d‘Matgefill an d’Toleranz fir seng Matmënschen.

Mee och d’Kultur, d’Sprooch an d’Traditiounen si wichteg Repère an een Deel vum Zement, op deen eist Zesummeliewen opgebaut ass.

Léif Leit alleguer,

Chrëschtdag ass fir déi meescht vun eis och e wichtege Moment am Joer. Et ass eng schéin Traditioun, déi mir mat Gefiller wéi Freed, Léift an Erënnerunge verbannen. Mir kënnen zefridden an dankbar si fir déi Mënschen, déi mat eis um Wee sinn, eis begleeden oder fir eis do sinn.

D’Liewe stellt eis heiansdo schwiereg Erausfuerderungen. Wichteg ass et dann, net opzeginn an ze verzweiwelen, mee ëmmer nees opzestoen a virunzegoen.

Léif Matbierger,

Mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie an all eise Kanner, wënschen ech Iech vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg an elo schonn all Guddes fir e glécklecht an erfollegräicht neit Joer.

Opmaacherfoto: © Cour grand-ducale / Claude Piscitelli

Ähnlech Sujeten Befreiung, Begriefnis, Chrëschtdag, Commemoratioun, Explosioun, Groussherzog Henri, Groussherzog Jean, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Jean-Claude Hollerich, Liberatioun, Nowuess, Réckbléck, Retrospektiv, S.A.R. de Groussherzog Henri, Stand Speak Rise Up, Usprooch, Waldhaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel