Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!
Neiegkeeten

What the Fakt – 100 Joer Demokratie fir d’Fraen!

Haut ziele mir schonn 100 Joer, datt och d’Fraen d’Walrecht

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
Neiegkeeten

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw)

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit
Neiegkeeten

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit

Nodeems den éischten Trailer fir gemëschte Gefiller gesuergt huet, bréngt

S.A.R. op Visitt vun der Cellule Logistique

S.A.R. op Visitt vun der Cellule Logistique
© Lëtzebuerger Arméi
S.A.R. op Visitt vun der Cellule Logistique
© Lëtzebuerger Arméi
S.A.R. op Visitt vun der Cellule Logistique
© Lëtzebuerger Arméi
S.A.R. op Visitt vun der Cellule Logistique
© Lëtzebuerger Arméi

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog, sou wéi eise Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert d’Cellule Logistique am Covid-19-Krisenzenter am Lëtzebuerger Gesondheetsministère besicht.

Wärend der Visitt krut de Groussherzog een méi déiwen Abléck an d’Organisatioun vun dëser Cellule Logistique. Virun allem iwwert d’Aarbechtskonditiounen vun de mobiliséierte Persounen huet hien sech informéiert a konnt sech esou mat verschidde Memberen austauschen.

Am Kampf géint de Covid-19 verfollegt ee mat der Cellule Logistique d’Zil, fir zu all Zäitpunkt genuch Reserven u Material ze hunn. Sollt een nationale Stock net méi déi benéidegt Quantitéiten un individuellem Schutzmaterial, Medikamenter a medezineschem Geschir opweise kënnen, esou stellt een am Krisenzenter Hëllef zur Verfügung.

© Lëtzebuerger Arméi

Ähnlech Sujeten Cellule Logistique, Covid-19, Gesondheetsministère, Krisenzenter, Medikamenter, Paulette Lenert, Premierminister, S.A.R. de Groussherzog Henri, Schutzmaterial, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel