Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet
Neiegkeeten

Wat d‘BILD ënnert Journalismus versteet

Sech net méi mam G20-Sommet ze befaassen, just wëll dësen

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen
Neiegkeeten

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass Oktober an schonn an esou muncher Entreprise huet

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech
Neiegkeeten

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech

Datt et méiglech ass, sech och „friddlech“ der Regierung an

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

Groussherzoglech Famill trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Telegramm un de franséische President Emmanuel Macron, hunn de Groussherzog Henri an d‘Groussherzogin Maria Teresa hir Trauer iwwert d‘Zerstéierung vun der Kathedral Notre-Dame zu Paräis ausgedréckt.

„D‘Biller vun der brennender Kathedral Notre-Dame vu Paräis hunn eis déi lescht Nuecht d‘Häerz gebrach. Haut wëlle mir de Mouvement vu Mobiliséierung deen am entstoen ass begréissen, fir datt dës Héichbuerg vun der franséischer Zivilisatioun nees an der Welt glänze kann. Eis Verbonnenheet mat Notre-Dame ass méi wéi jee gefestegt“.

Matgedeelt vum groussherzogleche Marechalat

Foto: D‘Feier an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis, war e Méindegowend op engem Chantier ausgebrach. Eng 400 Pompjeeën hunn hiert bescht gemaach fir dat schlëmmst ze verhënneren © Notre-Dame.org

Ähnlech Sujeten Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, Kathedral, Notre-Dame, Paräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel