Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geschlechtergläichheet gëtt et net!
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-german-dating-site/

friend recommend dating site

Wann d‘Ministesch fir d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra e kloert

female scammers on dating sites
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-german-dating-site/

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Et vergeet a grousse Gemenge kaum eng Rotssëtzung ouni datt

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/100-free-german-dating-site/

Wéi gutt kenns du Rëmeleng?

An dësem Stad-Quiz gi mer erëm an de Süde vum

What the Fakt: Virun 72 Joer gouf d‘Groussmamm vum Punk gebuer

What the Fakt: Virun 72 Joer gouf d‘Groussmamm vum Punk gebuer

Si ass eng Ikon vun der Fraebewegung, a gëtt als Groussmamm vum Punk bis haut veréiert. Rieds ass natierlech vum Patti Lee Smith, der amerikanescher Rock- a Punkmusekerin, déi sech mat hirem Debutalbum „Horses“ (1975) an déi amerikanesch Museksgeschicht agedroen huet.

D‘Patti ass den 30. Dezember 1946 zu Chicago (Illinois) op d‘Welt komm. Et ass en typescht Kand vun der Nokrichsgeneratioun, grad wéi den aktuellen US-President Donald Trump. Si behaapt dann och ëmmer gären: „Ech definéiere mech net als Musekerin, éischter als Amateur oder Kënschtlerin déi gären Texter schreift. Well vun allem wat een als Museker muss hunn, besëtzen ech näischt“.

Wann een elo dem Patti Smith seng Carrière net kennt oder verfollegt huet, kéint een dat esou am Raum stoe loossen, mee dës „Groussmamm vum Punk“, wéi se jo nu emol genannt oder bezeechent gëtt, muss sech och net selwer bewäerten. Wéi och ëmmer, d‘Patti Smith huet et mat deene gréissten aus hirer Zäit ze di gehat, an scho wéi alles ugefaangen huet, ass anekdotesch.

Esou huet et sech erginn, datt d‘Patti Smith an den „Electric Lady Studios“ dem Besëtzer – dat war keen anere wéi den Jimi Hendrix – iwwert de Wee gelaf ass. Si war vu sengem Wëllen, d‘Welt duerch Musek ze veränneren déif beandrockt. Hei huet eist Gebuertsdagskand dann och seng éischt Single „Piss Factory“ opgeholl. Wuel net wierklech „deen Erfolleg“, mee e gudden Ufank.

Punk ass nëmmen eng Fro vun Disziplin

An iergendwéi kann ee verstoen, datt sech d‘Patti Smith net als Musekerin gesäit. Si ass eng kënschtleresch Allzweckwaff: Dichterin, Literatin, Kënschtlerin, Sängerin an Aktivistin. Vun hiren Zäitgenosse gëtt dës „Rebellin“ a feministesch Ikon gären als „iwwergeschlechtlech“ beschriwwen, well et sech an éischter Linn als Fra presentéiert huet an och net esou wouergeholl ginn ass.

Aus „Gloria“ (vum iresche Sänger a Songwriter Van Morrison) mécht d‘Patti Smith eng Versioun, déi vun den Experten aus hirer Zäit als „Bréckeschlag tëscht Gedicht, Rock a Punk“ ëmschriwwe gëtt. Si war an ass eben „anescht“, huet déi eegen Ziler ni wierklech opginn, och wann d‘Zäit hir Spueren hannerlooss huet. Si steet nach ëmmer zu de Prinzipien déi hir wichteg sinn.

Esou ass d‘Patti Smith och e gudde Beweis dofir, datt et wéineg Sënn mécht aus engem Liewen eng Identitéit maachen ze wëllen. Et wier also falsch ze behaapten, datt eist Gebuertsdagskand nëmmen e Resultat vun der New Yorker Ikonefabrick wier. D‘Patti Smith ass a bleift duebeldeiteg, hat ass emol Randfigur, emol de den zentrale Personnage. Eng gescheit an fläisseg Fra.

A wie weess, nodeems si fir de Bob Dylan – dee wollt net selwer dohinner – de Nobelpräis entgéint geholl huet, wat eis vun dëser „Grande Dame“ nach alles bléid? Zum Gebuertsdag wënscht d‘moien.lu-Redaktioun dem Patti Smith nëmmen dat Bescht, eng gutt Gesondheet an nach vill schéi Joren.

Wien iwwregens emol genau esou kräfteg an d’Säite schloe well, deem kënne mir Beginner Guitar HQ proposéieren. Mat gratis Uleedungen an diversen Informatioune kann een seng éischt musikalesch Schrëtt woen, oder sech doheem weiderbilden.

Foto: E Bild aus fréien Zäiten, vum Frënd a Liewensofschnëttpartner Robert Mapplethorpe doheem opgeholl. © R.Mapplethorpe/P.Smith

Ähnlech Sujeten Bob Dylan, Gebuertsdag, Gloria, Horses, Patti Smith, Piss Factory, Punk, Robert Mapplethorpe, Seventies, Sixties
Nächsten Artikel Virrechten Artikel