Grousse Bëschbrand um Stauséi – 150 Pompjeeën am Asaz
Am spéiden Nomëtteg gounge beim 112 direkt e puer Appeller
Am spéiden Nomëtteg gounge beim 112 direkt e puer Appeller
De persesche Meeschter Kayhan Kalhor bitt, e Freiden, den 13.
Am Brexit huet bis ewell vun allem ginn, a wien
Och an dësem Beräich ass een net ëm d’Thema vun der sanitärer Kris ronderëm komm. Bei der digitaler Konferenz vum Minister Claude Turmes a sengen Homologen gouf drop higewisen, datt d’Landesplanung e wichtegt Element wier, fir aus der sanitärer Kris eraus ze kommen a géint ekologesch Kris unzekämpfen.
An dësem Kader hunn d’Participanten op zwee essentiell Dokumenter higewisen. Zum engen ass do „Eng grenziwwerschreidend Zukunftsvisioun fir d’Groussregioun“, dat validéiert a vum Sommet vun der Groussregioun ugeholl ginn ass. Zum aneren hu mir „Eng grenziwwerschreidend operativ Strategie fir d’Groussregioun“, dat wärend 12 Méint finaliséiert a bei der Reunioun gëschter ugeholl ginn ass.
Mat dësen 2 Dossieren sinn d’Ziler festgehalen, déi d’Groussregioun bis 2040 wëll ëmgesat hunn. Dobäi bezitt ee sech op folgend 4 Haaptachsen:
Um 8. Abrëll 2020 gouf en Appell gemaach, fir Projeten eranzeschécken, déi der Groussregioun ze Gutts kommen. Am Ganze sinn dobäi 35 Iddien ukomm, déi am strategeschen Dokument opgegraff goufen. Déi nächst Etapp besteet doran, datt e Grupp un Experten dës Iddien analyséiert a kuckt, wat dovunner villverspriechend ass. Hiert Ënnersichung wäert allerdéngs keng definitiv Lëscht duerstellen, wat am Endeffekt ëmgesat gëtt.
Fir de Minister Turmes droen d’Projeten dozou bäi, fir Iddien zu enger méi ekonomescher Gestioun vun de Ressourcen (Kreeslafwirtschaft, Waasserwirtschaft,…) ze sammelen. Vir hien soll op alle Fall de Beräich Energie an Transport emissiounsfräi gestalt ginn, wouduerch hien säi Päerd op d’elektresch Mobilitéit setzt.
Bei der Konferenz hunn d’Participanten den Engagement an d’Ënnerstëtzung vum Sommet bei der Kreatioun vum sougenannten European Cross-Border Mechanism (ECBM) gelueft. Dësen Outil, dee vun der EU ausgeschafft gëtt, soll legal an administrativ Demarchen bei grenziwwerschreidende Kooperatioune vereinfachen, wat soumat och Projeten am Kader vun der Landesplanung fërdere géif.
Zu gudder Lescht stoung e spezielle Gebuertsdag un. Zënter 2010 hëlleft de geographeschen Informatiounssystem vun der Groussregioun (SIG-GR) duerch seng Panoplie u Kaarten an Donnéeën bei politeschen Decisiounen. An dësem Kader gouf d’Broschür „10 Joer SIG-GR: D’Groussregioun an 10 Kaarten“ ausgeschafft.
Op dëser Plaz gëtt op de bilinguale Geoportail vun der Groussregioun verwisen, deen iwwer 150 thematesch Kaarten ze bidden huet. D’Participanten hoffen, datt een dësen nëtzlechen Outil an Zukunft mat weidere grenziwwerschreidenden Iddien an Observatiounen, beispillsweis dem dem Interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmaart (OIE), verbanne wäert. Wat méi prezis Informatiounen, Kaarten an Analysen zur Verfügung stinn, wat de politeschen Acteuren méi staark ënnert d’Ärem gegraff ka ginn.
Ma, an engems gouf och d’Publikatioun „Chiffre du mois“ nach emol gelueft. Zënter Januar 2020 gëtt si an der Groussregioun verëffentlecht.
Bei der Konferenz dobäi waren nieft dem Claude Turmes als Minister fir Landesplanung och de Willy Borsus (Wallounien), Antonios Antoniadis (Belsch), Nicole Steingaß (Rheinland-Pfalz), Christian Seel (Saarland), Hervé Vanlaer (Grand Est), Franck Leroy (Grand Est), Patrick Weiten (Departement Musel), Valérie Beausert-Leick (Departement Meurthe-et-Moselle) an Stéphane Perrin (Departement Meuse).