Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos
Neiegkeeten

D’Lëtzebuergesch Politik brauch méi Transparenz a manner Interessekonflikter, esou d’Jusos

D’Jonk Sozialiste Lëtzebuerg spueren net u Kritik vis a vis

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
Neiegkeeten

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

surprise
QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?
Neiegkeeten

QUIZ: Kenns du eis lëtzebuergesch Sportler?

Groussregioun: Et steet villes op der Lee

Groussregioun: Et steet villes op der Lee

De Presidencewiessel tëscht Lëtzebuerg an dem Saarland steet elo un, an aus dësem Grond plädéiert de Wirtschafts- a Sozialcomité (CESGR) de Partnerregioune méi Spillraum zouzegestoen. An de Recommandatiounen déi beim Sommet solle virgeluecht ginn, gëtt ënnert anerem d‘Recht sech auszeprobéieren agefuerdert. Dat wier wichteg vir a villen Dossiere virun ze kommen.

Säit Ufank 2017, hunn d‘Regiounen (Wallounien, Rheinland-Pfalz, d‘Saarland, den Departement „du grand Est“ a Lëtzebuerg) villes erreecht. A wéi et d‘Grondlagepabeier vun all Presidence virgesäit, adresséiert de CESGR virun der Iwwergab eng Rei Recommandatiounen un déi politesch verantwortlech. Déi sinn net verflichtend, bedauert de CESGR-President Jean-Claude Reding.

Hie bedauert zudeem, datt esouwuel déi finanziell Mëttel, wéi och d‘Personaldecken ze kuerz bemooss sinn. An hei muss drop higewise ginn, datt dësen Zoustand elo säit engem Joerzéngt unhält, a sech hei zolidd eppes verbessere muss. De Jean-Claude Reding weist nach emol drop hin, datt d‘Groussregioun d‘Nummer 1 a punkto Grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht ass.

Schonn aus dësem Grond muss gekuckt ginn, wéi eng juristesch Moyene bestinn, fir d‘Recht op „Experimenter“ ze erhalen, d‘Zesummenaarbecht ze stäerken. Eng Zesummenaarbecht déi sech op den Amenagement vum Territoire, der Aarbecht oder der Gesondheet konzentréiert. Eng gutt Iddi wier et e Fong fir d‘Groussregioun unzeleeën, mengt de fréieren OGBL-President…

Et brauch méi Geld a méi Personal

Dat ass net verkéiert, well an esou e Fong géifen net eleng d‘Partnerregiounen abezuelen, mee et kéint een och aner europäesch Partner hei mat eranhuelen. Hei gëtt an éischte Linn u bestoend EU-Fongen an un déi europäesch Investitiounsbank (BEI) geduecht. Déi kéinten alleguerten derzou bäidroen, datt den CESGR eng gréisser Marge fir ze manövréieren erhält, a Projete séier ëmsetzt.

An d‘Jeanne Ruffing vum interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmaart resuméiert, datt d‘Presidence vu Lëtzebuerg, am Zeeche vun den Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung gestanen huet, an ee gutt berode wier d‘Chance vun der digitaliséierter Wirtschaft ze notzen, an d‘Risiken ze begrenzen. Wat een net méi ophale ka sollt ee sech zu Notze maachen.

Esou plädéiert de CESGR fir d‘Beméiungen hisichtlech der Koordinatioun an der Harmoniséierung, vun der Beruffsausbildung an der Weiderbildung, an der Groussregioun weiderzeféieren. Et gëtt ëmmer méi no qualifizéierte Mataarbechter gesicht, besonnesch am Gesondheetssecteur. Dat wier schonn e gudde Grond, fir déi grenziwwerschreidend Formatioune virunzebréngen.

Mee dat geet elo an d‘Verantwortung vum Saarland iwwer, dat d‘Presidence vun der Groussregioun Enn Januar iwwerhëlt. Den néie President, Oliver Groll, huet ënnerstrach, datt et elo emol zu enger Bewäertung vun de Perspektiven hisichtlech 2020 kënnt. Wéinst de nationalisteschen Tendenzen an der EU, wier et imminent wichteg d‘Virdeeler vun der Groussregioun ervirzesträichen.

Foto: (Archiv) © Sekretariat vun der Groussregioun

Ähnlech Sujeten CESGR, Groussregioun, Jean-Claude Reding, Jeann Ruffing, Lëtzebuerg, Oliver Groll, Region du Grand Est, Rheinland-Pfalz, Saarland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel