Search

You may also like

ADHS ass keng biologesch Krankheet
Neiegkeeten

ADHS ass keng biologesch Krankheet

ADHS “Aufmerksamskeitdefizit-Hyperaktivitätsstörung” oder ADHD “Attention deficit hyperactivity disorder” gehéiert zum

ADAPTO: De „Collectif 1329“
Neiegkeeten

ADAPTO: De „Collectif 1329“

E Méindeg hat de „Collectif 1329“ – e Verbond vun:

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter

E Freideg huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP)

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!

Sozial Distanz ënnert Vulle gëtt gefuerdert

Grousst Blomeesestierwen – De Grond konnt fonnt ginn!

Krankheet, Dout oder komplett Inexistenz – d’Blomeesen haten et dëst Fréijoer net einfach. Zënter Enn Mäerz 2020 sinn a ville Gäert, a besonnesch bei de Fudderplazen, zuelräich Blomeese beobacht ginn, déi uerg gesondheetlech Problemer haten, respektiv hunn d’Vulle komplett gefeelt. Wéi elo erausfonnt ginn ass, soll ee Bakterium d’Uersaach vun dëser uerger Situatioun sinn.

Och an Däitschland ass d’Situatioun ähnlech, wouduerch eng veterinärmedezinesch Ënnersichung elo gewisen huet, datt d’Bakterium Suttonella ornithocola Schold um Blomeesestierwen ass. Wéi natur&ëmwelt matdeelt, wiren iwwert hire Formular iwwer 140 Matdeelung vu ronn 265 Vullen (152 Doudeger an 113 Kranker) agaangen. D’Kaart weist, datt sech de Problem relativ gläichméisseg iwwert d’Land verdeelt.

Blomeesestierwen

Kaart vu Lëtzebuerg zum Blomeesestierwen

Jo, bestëmmt si verschidde Blomeesen och un anere Krankheeten oder engem natierlechen Dout gestuerwen, sinn der Kaz oder Glasspläiteren zum Affer gefall. Zur Majoritéit passt d’Beschreiwung vun de beobachtete Vullen op d’Symptomer vum Bakterium Suttonella ornithocola.

Den Erreeger rifft bei de Blomeesen nämlech eng Longenentzündung ervir. Fir Mënschen an Hausdéieren ass d’Bakterium net geféierlech, virun allem kleng Sangvillercher si betraff. Meeschtens hunn déi befalen Déieren eng déck Broscht, sinn apathesch a weise keng Form vu Fluchtversich virun anere Liewewiesen méi op. Donieft leeft oft aus hiren Aen an der Nues ee schläimegen Ausfloss, deen net nëmmen d’Aen, mee och d’Plommen zesummepecht. Weider Symptomer sinn Otemproblemer, reduzéiert oder guer keng Fudderopnam, sou wéi groussen Duuscht.

Blomeesestierwen

Eng krank Blomees © Otto Schäfer/Nabu

Et ass eng ustiechend Krankheet. Do, wou vill Vullen zesumme kommen, verbreet sech de Problem also besonnesch schnell. Fir d’Ustiechungsgefor anzedämmen gëtt also och de Vullen zur sozialer Distanz geroden. Nujee, wëll Déiere kann ee jo net um Kontakt ënnereneen hënneren, allerdéngs kënne mir Mënschen d’Fudderplazen eidel a propper maachen, sou wéi och genuch Waasser zur Verfügung stellen.

Doudeg Déiere solle, wann iwwerhaapt, just mat Händschen oder enger Tut ugepakt ginn. Chance op Heelung gëtt et bis ewell keng, mee et kann een den Déiercher gënschteg Bedéngungen fir hiert Iwwerliewe schafen.

Heizou huet natur&ëmwelt eng Infobroschür mat Tipps zesummegestallt. D’Lëtzebuerger Bevëlkerung gëtt gebieden, och weiderhin seng Beobachtunge iwwert den entspriechende Formular matzedeelen.

An dësem Kader soe si dem däitsche Partner Nabu fir de schnellen Austausch an déi gutt Zesummenaarbecht Merci.

Opmaacherfoto: © Otto Schäfer/Nabu

Related topics Ausbreedung, Bakterium, Blomees, Blomeesestierwen, Formular, Krankheet, Longenetzündung, Nabu, natur&ëmwelt, Schlaim, sozial Distanz, Suttonella ornithocola, Vull
Next post Previous post