Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert
Kultur Neiegkeeten

D’Legaliséierung vum medezinesche Cannabis, erkläert

Och wann eng generell Legaliséierung vum Cannabis an dësem Wahlkampf

Chile muss Klimasommet ofginn
Kultur Neiegkeeten

Chile muss Klimasommet ofginn

Wéinst den unhalenden Onrouen am Land huet den chilenesche President

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box
Kultur Neiegkeeten

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Et ass fir déi betraffen net lëschteg, mee eigentlech ass

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Op eleng, zou zweet, als Famill oder Grupp vu Frënn, dem LCTO säi Festival „Streeta(rt)nimation“ huet fir all Konstellatiounen déi richteg Show, dat passend Konschtkonzept parat. Zwee Deeg, wou et an der Stad Lëtzebuerg kengem dierft langweileg ginn.

Vun haut 12 Auer un bis muer Samschdeg 23 Auer, sinn „Si“ nees an de Stroossen a Gaasse vun der Uewerstad ënnerwee: rieds ass vun de Clownen, den Zaltimbanken, de Feierspäizerten an aner droleg Gestalten. An „Si“ hunn och nëmmen eppes am Sënn: Iech de Kapp ze verdréinen, d‘Oueren an d‘Ae voll ze troteren. D‘Stad Lëtzebuerg verwandelt sech op e neits fir ganzer zwee Deeg an e groussen „Open-air“ Theater. Den Entrée hei ass fräi…

Et sinn, esou d‘Informatioun vum Stater Tourismussyndikat (LCTO) 26 international a national Kënschtlergruppen ageluede ginn, déi iwwer 100 Representatioune wäerten ubidden. All Form vu Stroossekonscht ass vertrueden, an d‘Faarwespill dierft wéi gewinnt „impressionnant“ sinn.

De Programm vun haut enthält déi grouss Parade vun den Artisten. Déi start um 17 Auer op der Plëss, an hei ass ee gutt beroden sech mat Zäite bäi ze maachen, virun allem wann een d‘Krapperte mat am Gepäck huet. Wien et virzitt et méi „lëfteg“ ze hunn, an hei och nach iwwerzeegt ass, datt d‘Clownen déi besser Optioun sinn, déi fannen hiert Gléck an der Helleggeescht-Gaass. Och wien net geziilt wéinst de Kënschtler kënnt, dierft, well se „mobil“ sinn, awer net derlaanscht kommen.

Muer Samschdeg geet den „Zirkus“ weider, an dat ass och gutt esou. Aus Erfarung ass gewosst, datt et bal onméiglech ass alles an engem Dag ze gesinn, zumindest wann een et och „erliewe“ wëll. A well esou en Event vill Leit unzitt, ass ee gutt beroden den ëffentlechen Transport ze notzen.

Fir sech e Bild ze maachen, kann een hei op d‘Kaart kucken, a wéini wat, wou gebuede gëtt, erzielt engem de Programm. Also keng Middegkeet virtäuschen, de Frënd, d‘Frëndin, d‘Krapperten a firwat net och einfach emol d‘Bomi agepaakt a lass. De Festival „Streeta(rt)nimation“ ass den Deplacement wierklech wäert, wat esou duerch de Besuch vun dausenden Interessenten aus der Groussregioun esou bestätegt gëtt. A bei deem gudde Wieder ass et jo och derwäert…

Ähnlech Sujeten LCTO, Stad Lëtzebuerg, Streeta(rt)nimation, Stroossekonschtfest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel