Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alles Guddes un de Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien!
International Kultur Neiegkeeten

Alles Guddes un de Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien!

Um haitegen Dënschdeg kann um groussherzoglechen Haff direkt aus zwee

Stad Lëtzebuerg: Sech den Erausfuerderunge vum Fundamentalunterrecht stellen!
International Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Sech den Erausfuerderunge vum Fundamentalunterrecht stellen!

Déi nächst Woch gëtt am Stater Gemengerot d‘Organisatioun vum Fundamentalunterrecht

surprise
De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen
International Kultur Neiegkeeten

De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen

De Staatsrot weist beim proposéierte Vermummungsverbuet mam Daumen no ënnen.

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!

Déi granzegst Kaz vum Internet „Grumpy Cat“ ass dout!

Trotz béisem Bléck huet dës Kaz Milliounen Internet-User zum Grinse bruecht. Mat diverse Memes huet d’Miessi, déi hirem Numm Grumpy Cat all Éier mëscht, fir weltwäit Faszinatioun gesuergt, mee och déi 7 Liewe sinn net duergaangen, fir nach e puer Joer méi vir Ënnerhalung ze suergen. Um Dënschdeg ass d’Kultkaz gestuerwen.

Mat erof gezunne Mondwénkelen an dem béisen, deels och gelangweilte Bléck huet d’Grumpy Cat op sech opmierksam gemaach. Hier Besëtzer hunn elo iwwer Twitter bekannt ginn, datt de mussege Granzert u Komplikatiounen duerch eng Harnwegsinfektioun gestuerwen ass. An hire 7 Liewensjoren huet d’Déierche Millioune Mënschen ee Laachen an d’Gesiicht gezaubert.

Grumpy Cat

Kuck dach net esou granzeg!

Den Numm Grumpy Cat huet d’Kaz duerch hire béisen, ofwäertende Bléck a Gesiichtsaudrock kritt. Schold doru soll ee genetesch bedéngten Ënnerbass sinn, deen och „Feliner Kleinwuchs“ genannt gëtt. Wuertwiertlech iwwersat heescht hiren Numm „grommeleg Kaz“.

Grumpy Cat

A bekannt ginn ass déi léift Pelzkugel natierlech duerch den Internet! Am September 2012 huet de Brudder vun der Besëtzerin nämlech eng Foto vun der Miessi op der Säit Reddit verëffentlecht. Et huet net laang gedauert, bis d’Déierchen och op Youtube, Twitter, Facebook, Instagram, 9Gag a ville weideren Internetsäiten ze gesi war. A mat 8,5 Millioune Likes bei Facebook, 2,4 Millioune Follower bei Instagram an 1,5 Millioune Follower bei Twitter kann een dës Kaz schonn zu de flauschege Berühmtheeten zielen.

Opmaacherbild: © Grumpy Cat Facebook-Säit

Ähnlech Sujeten Déier, Dout, Granzesch Kaz, Grumpy Cat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel