Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!
Neiegkeeten

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!

All drëtte Freideg vum Mäerz gëtt den internationalen Dag vum

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?
Neiegkeeten

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen.

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“
Neiegkeeten

Tunesier weisen der Regierung déi „giel Kaart“

Um Freideg hunn e puer honnert Leit ganz friddlech zu

De Grupp CFL kuckt freedeg op 2019 zeréck

De Grupp CFL kuckt freedeg op 2019 zeréck

Bei sengem Rapport vum Joer 2019 huet de Grupp CFL gutt Zuele kënne schreiwen. Am Verglach zum Joer virdrun huet d’Eisebunnsgesellschaft sech nämlech ëm 7,8 Milliounen Euro netto verbessert, wouduerch si op d’Resultat vu 17,8 Milliounen Euro méi wéi houfreg sinn. Ma, och den Ëmsaz ass ëm ganzer 2 % geklommen, an zwar vun 892,5 Milliounen (2018) op 910,5 Milliounen Euro.

D’Zuelen dréie sech awer net nëmmen ëm dat Finanziellt. Zënter 2010 duerft d’CFL 39 % méi Passagéier transportéieren an och d’Déngschtleeschtungen a Saachen Tonne-Kilometer fir den Transport vu Wueren huet sech verdräifacht.

Dës Hausse beweist dem Grupp CFL, datt zënter der Neistrukturéierung tëscht 2003 an 2007 e kloren an effikasse Kader konnt geschaaft ginn, deen der Konkurrenz d’Stir bidde kann. De Client huet Prioritéit an esou hu verschidden Investissementer zur Moderniséierung vum Material an den Infrastrukture musse gemaach ginn, fir adequat op d’Besoinen vun den Notzer äntweren ze kënnen.

Et stellt ee fest, datt zudeem e Plus vun 12,2 % beim operationelle Brutto-Resultat, gemooss mat der EBITDA, konnt kommen (83,8 Milliounen fir 2018; 94,0 Millioune fir 2019). Mat Berécksiichtegung vun den Amortissementer, Ännerungen vun de Wäerter a Provisiounen, erlieft e beim Betribsresultat EBIT e Plus vu 45,9 % (15,7 Millioune fir 2018; 22,9 Millioune fir 2019).

Den Netto Cash-Flow beleeft sech fir 2019 op 88,9 Milliounen Euro, wat eng liicht Erhéijung zu de 78,1 Milliounen Euro fir d’Joer virdru bedeit.

CFL

© CFL / Facebook

Verspéidungen entstinn, sollen awer net sinn

E bësse méi einfach verständlech ass hei d’Aktivitéit vun de Passagéier. Tëscht 2018 an 2019 konnt ee ganzer 7,3 % Persoune méi mathuelen. An Zuele sinn dat 25 Millioune Passagéier. Duerch d’Aféierung vun neie Fuerzäiten am Joer 2018 an enger méi dynamescher Gestioun huet d’CFL seng Pünktlechkeet verbessere kënnen.

Et gesäit een awer an, datt hei nach Verbesserungen ustinn. Verspéidungen entstinn duerch extern Grënn, oft sinn et d’Konsequenze vu Chantieren, fir esou op laang Siicht d’Qualitéit vum Schinnennetz ze optimiséieren.

Neies am Joer 2019

Besonnesch gepräägt ginn konnt den Transport op Schinnen duerch d’Aweiung vum neie Viaduc Polvermillen am Juni 2019, sou wéi duerch d’Abetribnam vun der duebeler Spur tëscht Lëtzebuerg a Sandweiler-Contern. Zënter Dezember 2019 zielt d’Stater Gare 11 Quaien. Mam Quai V gëtt et méiglech, méi Zich ze empfänken an d’Offer an den Oste vum Land, sou wéi an Däitschland auszebreeden. D’Investissementer an d’Infrastruktur belafe sech heibäi op 245,8 Milliounen Euro (ttc).

Mëttlerweil bitt een duerch CFL Mobility de Carsharing Service FLEX un. Mat iwwer 100 Gefierer, déi op 45 Statiounen an de véier Ecker vum Land verdeelt sinn, schéngt ee gutt unzekommen. Am Joer 2019 huet d’Zuel un Abonnenten sech nämlech verduebelt.

CFL

D‘FLEX-Statioun bei der Gare zu Esch-Uelzecht. © CFL

Grouss denken

De Grupp CFL multimodal an CFL cargo hunn äifreg un hiren Entwécklungen bei den Aktivitéiten am Ausland, sou wéi der logistescher Offer vum Site Eurohub Sud geschafft. Mat Innovatioun an Digitaliséierung konnt een e positiivt Resultat vun 3,4 Milliounen Euro erzilen.

An Zukunft wëll de Grupp CFL multimodal weider expandéieren a sech logistesch Aktivitéite duerch d’Stäerkung vun der Frequenz vun den intermodalen Zich verstäerken. Och nei Verbindungen um intermodalen Terminal Beetebuerg-Diddeleng mam Zil Valenton, Gent a Barcelona sollen hëllefen.

Zu gudder Lescht wëll de Grupp CFL ervirhiewen, datt si den zweet gréissten Employeur vum Land sinn. Iwwert dat lescht Joer sinn 455 nei Mataarbechter agestallt ginn. Esou hunn 4.796 Persoune fir de Grupp geschafft.

Schonn elo kann ee soen datt déi sanitär Kris Auswierkungen op d’Aktivitéiten an d’Organisatioun vun der CFL hat an huet. Zënter der Ausbreedung vum Virus zu Lëtzebuerg am Mäerz 2020 huet d’Ekipp grouss Flexibilitéit bewisen an zum Virurulle vun de Servicer bäigedroen.

Opmaacherbild: © CFL / Facebook

Ähnlech Sujeten Carsharing, CFL, CFL Cargo, CFL Multimodal, Ëffentlechen Transport, FLEX, Infrastruktur, Rapport 2019, Sanitär Kris, Schinnennetz, super Zuelen, Zuch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel