Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill
Neiegkeeten

ECOlogique – Präisiwwerreechung vum Gewënnspill

Leschte Mëttwoch kruten déi glécklech Gewënner vum Concours „ECOlogique“ ee

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

surprise
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

De Grupp Saint Paul annoncéiert ee Sozialplang

Um 17. September sinn den LCGB an d‘Personaldelegatioune vum Personal vun der Imprimerie Saint Paul a regie.lu vun der Absicht informéiert ginn, datt de Grupp Saint Paul ee Sozialplang wëll virhuelen, vun deem ronn 80 vun den 330 Beschäftegte betraff wäerte sinn.

Am aktuelle Kontext vun der sanitärer Kris, hunn d‘Mäert vun der traditioneller Dréckerei an den net digitale Publikatiounen zolidd d‘Lompen hänke gelooss. Dorausser resultéiert bannent dem Grupp Saint Paul eng net ze ënnerschätzend Iwwercapacitéit.

D‘Verhandlungen, esou de Communiqué vum LCGB, sollte schonn nächste Méindeg 21. September ufänken an sech op 14 Deeg erstrecken. No dëser Period mussen sech d‘Verhandlungspartner op déi verschidden Elementer vum Sozialplang verstännegt hunn.

De LCGB engagéiert sech, all déi legal Mëttel déi noutwenneg sinn anzesetzen, fir déi betraffe Salariéeën ze ënnerstëtzen, den Impakt vun den Entloossungen ze miniméieren esou wéi och sozial a finanziell Begleetmoossnamen auszehandelen.

Zur Erënnerung: Zanter Abrëll ass de Grupp Saint Paul Deel vum belsche Konzern Mediahuis, deen nieft der Belsch, Holland an Irland, elo och bei eis am Land d‘heft an d‘Hand geholl huet. Net ze vergiessen, datt och d‘Imprimerie Saint Paul, schonn ee Sozialkonflikt am Botzsecteur provozéiert huet.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Grupp Saint Paul, Imprimerie Saint Paul, LCGB, Luxemburger Wort, Mediahuis, regie.lu, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel