Search

You may also like

dislike
Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen
Neiegkeeten Stories

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York
Neiegkeeten Stories

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York

Nodeems mir gëschter vun der Visiokonferenz vun de Membere vum

money
Davos: Firwat se all dohinner mussen
Neiegkeeten Stories

Davos: Firwat se all dohinner mussen

Et ass een vun den ëmstriddenste Sommeten, well hei festgeluecht

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg

Den OGBL verlaangt kloer Äntwerten zur Zukunft vun den zwou Luxguard-Entitéiten

Guardian Europe an d‘Zukunft vum Industriestanduert Lëtzebuerg

Nodeems bekannt ginn ass, datt Guardian d‘Produktiounsstanduerter Käerjeng (Luxguard I) an Diddeleng (Luxguard II) sollen zesummegeluecht ginn, gewosst ass, datt Guardian nach dëse Mount a Polen eng nei Fabrick un de Start bréngt, an och an der Chamber dem Wirtschaftsminister zolidd Froen zum Thema gestallt goufen, war et gëschter um OGBL Positioun ze ergräifen.

Guardian gëtt et zu Lëtzebuerg zanter gutt 30 Joer, an op de Standuerter schaffen déi meescht Salariéeën och schonn esou laang. Fir dës Aarbechter ass d‘Glasproduktioun dann och net nëmmen en Job, mee schonn eng regelrecht Passioun. Dat zumindest ënnersträichen déi zwee Presidente vun de respektive Personaldelegatiounen. Notéiere mir nach, dat den OGBL hei majoritär ass.

Den OGBL Generalsekretär-Adjoint Alain Rolling huet erkläert, datt et op de 17. Juni zu separate Reuniounen op de genannte Standuerter komm ass, wou sech erwaart gouf, datt d‘Direktiounen iwwert „Restrukturatioune“ géif mat den Delegatioune beroden. Datt si viru vollendet Tatsaache – also der Fusioun – géife gestallt ginn, domadder haten si zu dësem Ament net gerechent.

Hei stellt de Gewerkschaftler och nach fest, datt d‘Personaldelegatiounen an dësem Kontext vun den Direktioune wësse wollt, wéi et ëm déi Beschäftegt bestallt ass an wéi sech dat alles op déi an aussicht gestallten Investitiounen auswierkt. Leider, esou d‘Erkenntnis, hunn d‘Direktiounen dës Gespréicher net aus fräie Stécker organiséiert, mee well si gesetzlech gehale sinn et ze maachen.

Direktioune ginn un der kuerzer Léngt gehalen

Wéi sech drop verstännegt gouf, datt eng weider Reunioun den 22. Juni sollt stattfannen, hu béid Direktiounen op separat Gespréicher bestanen. Deem konnt den OGBL esou net zoustëmmen, hei géif et zwar wuel ëm „zwou Entreprise“ goen, mee mat der Fusioun kéim et net a Fro, do getrennt „Verhandlungen“ ze féieren. Si ware siichtlech net begeeschtert, hunn sech deem awer du gebéit.

Leider hunn d‘Direkteren an d‘Personalcheffen sech hei éischter „zougeknäppt“ gewisen a keng Äntwerten op d‘Froe konnte ginn. Den Alain Rolleng geet dovunner aus, datt hinne vum Siège an den USA ee Maulkuerf verpasst ginn ass. Dobäi besteet en dréngende Klärungsbedarf, well den Uewen zu Diddeleng soll schonn a Kierzt ofgeschalt ginn. A wann dee bis aus ass, bleift en aus…

Guardian

Bei der Pressekonferenz zum industriellen Debakel deen eis bevirsteet, ass däitlech drop higewise ginn, datt et an der Kausa Luxguard I an II, och generell ëm dem Industriestanduert Lëtzebuerg geet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et wiel wuel richteg, datt den Uewen zu Diddeleng säi „Liewensenn“ erreecht hätt, an och den Uewen zu Käerjeng wäert 2022 seng Notzungsdauer iwwerschratt hunn. Dat ass allerdéngs scho länger bekannt, firwat jo och d‘Francine Closener (LSAP) 2018 an den USA war, fir iwwert déi zukünfteg Investitiounen an déi Lëtzebuerger Standuerter ze beroden. Alles war sengerzäit „gutt“.

Besser, d‘Informatiounen déi sengerzäit verbreet goufen, ware vum OGBL an engem Communiqué begréisst ginn, och wann deemools scho bekannt war, datt Guardian sech fir ee weider Standuert a Polen ausgeschwat hat. Deemools ass dat als „Attachement“ un de Standuert Europa interpretéiert ginn. De Standuert Polen awer, stellt déiselwecht Produkter zu reduzéierte Käschten hir.

D‘Visioune vun engem Global Player

Den OGBL hält awer fest, datt ugesiichts der Loyalitéit vun den Lounofhängege géintiwwer dem Patron Guardian, esou wéi och déi onbestridde Kompetenz vun dësen, et schwéier novollzéibar ass, datt ee sech vun der „Excellenz“ wéilt distanzéieren, zemools béid Standuerter ëmmer schwaarz Zuelen Opweisen haten an hunn. De volatille Maart an de Covid19, sinn do ee schlecht Argument.

Bei der Gewerkschaft ass een dann och an éischte Linn besuergt, wéi et mat deene ville treie Salariéeë soll weidergoen, déi fir vill ënnert hinnen Ufank 50 sinn, an elo net wierklech déi beschte Perspektiven hätten, sech um Aarbechtsmaart nei orientéieren ze kënnen. Fir Entrepreneuren ass ee mat 50 schonn „al“ wärend een – an dat ass verständlech – fir d‘Preretraite kloer ze jonk ass.

Datt den ageschriwwene Bréif vum 30. Juni, an deem den Transfert schrëftlech bestätegt ginn ass, net wierklech Perspektive schaaft, brauch ee wuel net besonnesch ze betounen. D‘Fusioun vu Luxguard I a Luxguard II ass op de 6. August determinéiert ginn, dann iwwerhëlt Diddeleng de Standuert Käerjeng. Woubäi just d‘Walzwierk an e puer aner Aktivitéiten zu Diddeleng bleiwen.

Wann den OGBL un dëse Faiten näischt wäert verännere kënnen, esou gëtt awer den Erhalt an Aarbecht vun alle Beschäftegte gefuerdert. Gefuerdert gëtt och eng kloer Ausso, zu de Pläng déi Guardian Europe – déi hir europäesch Zentral zu Bartreng huet – a Punkto Investitiounen zu Lëtzebuerg huet. D‘Angscht datt et wäert zu engem Sozialplang kommen ass absolutt berechtegt.

Vill Fuerderungen an nach keng Äntwert

Fir den OGBL brauch et elo séier Äntwerten op déi dréngendst Froen, prioritär sécher bezunn op d‘Zukunft vun de Beschäftegten, mee och zur zukünfteger Ausriichtung. Si verlaangen esou nieft engem Echeancier och vu Guardian, d‘Virlag vu konkrete Pläng fir déi nächst 10 Joer. Vun der Regierung wéissten si elo och gären, wat 2018 beim „Besuch“ an Amerika diskutéiert ginn ass.

Si weisen drop hinn, datt wa vun „agefruerenen Investitioune“ geschwat gëtt, dat meeschten ee ganz schlecht Virzeechen ass. Eigentlech kéint et esou iwwersetzen, datt keng weider Finanzmëttel fir déi betraffe Produktiounsstanduerter zur Verfügung wäerte gestallt ginn. Et ass deemno verständlech, datt den OGBL sech, nieft de Verhandlungen, och op ee méigleche Sozialkonflikt virbereet.

Heizou huet aus gudde Grënn keng Detailer ginn, well wann een sech drop virbereet fir all eenzel Aarbechtsplaz ze kämpfen, ass et net fir d‘Kaarte virzäiteg op den Dësch ze leeën. Et soll zudeem och zu Gespréicher mat der Regierung kommen, fir eng Rei Punkten am Virfeld ze klären. Sécher ass jiddefalls, datt si et net wäerten zouloossen, datt Decisiounen ouni den OGBL geholl ginn.

Den OGBL huet als Sozialpartner e gesetzlech garantéiert Matsproocherecht an dat wäert ee sech net huele loossen. Den Alain Rolling weist nach drop hin, datt et hei an der Finalitéit net eleng ëm ronn 500 Aarbechtsplazen op zwee Standuerter geet, mee esou wäitreechend Entscheedungen och en däitlechen Impakt op den Industriestanduert Lëtzebuerg hunn. Dat ass scho „relevant“.

Foto: Den Alain Rolling, OGBL Generalsekretär-Adjoint, verlaangt net nëmmen Äntwerte vun den Direktiounen an der Politik. Hien huet däitlech drop higewisen, datt d‘Gewerkschaft zesumme mat de Personaldelegatioune fir all eenzel Aarbechtsplaz kämpfe wäert. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Diddeleng, Guardian Europe, Käerjeng, Luxguard I, Luxguard II, OGBL, Personaldelegatioun
Next post Previous post