Search

You may also like

Protestaktioun um Samschdeg: Begnodegung fir katalanesch politesch Gefaangener!
Neiegkeeten

Protestaktioun um Samschdeg: Begnodegung fir katalanesch politesch Gefaangener!

Katalanesch Fraen a Männer sinn, duerch eng politiséiert an ofhängeg

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“
Neiegkeeten

SYVICOL: „De Summer 2020 – e richtege Vëlosummer“

Wann et ee Verkéiersmëttel gëtt, dat am Corona-Summer am Mëttelpunkt

FLEAA: Neie Kollektivvertrag stäerkt d‘Kafkraaft
Neiegkeeten

FLEAA: Neie Kollektivvertrag stäerkt d‘Kafkraaft

Den 30. Januar hunn d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL mat

Sozialplang fir 49 Aarbechter vun der Guardian

Sozialplang fir 49 Aarbechter vun der Guardian

No der Fusioun vun den zwee Luxguard-Standuerter – Diddeleng a Käerjeng – wollt de Patron an eigentleche Besëtzer, d‘Guardian Europe mat Sëtz zu Lëtzebuerg, 201 Mataarbechter op d‘Strooss setzen. Dat hat zu engem uerdentleche Sträit inklusiv Protestpiquet a politescher Interventioun gefouert. Elo schéngt Guardian de Knuet wëllen zouzezéien.

Enn September hat et jo emol eenegermoosse gutt Nouvelle ginn, wéi den OGBL konnt matdeelen, datt si als Gewerkschaft a Concertatioun mat hire Partner, Léisunge fonnt haten. Esou waren nach just 62 Salariéeën, fir déi et keen Echappatoire hat. Well d‘Gewerkschaft awer och dës Leit op kee Fall wollt am Ree stoe loossen, hate Gewerkschaft a Personaldelegatioun ëm méi Zäit gebueden.

Zäit awer ass bekanntlech Geld, an dees huet d‘Guardian keent, datt gouf a Polen an ee fuschneie Produktiounsstanduert gestach. Zudeem wëllen si sech dësem däregen Dossier entleedegen, a wéi et sech nu emol fir eng Entreprise mat US-Aktionäre gehéiert: Mataarbechter, déi iwwert Joren dem Betrib loyal gedéngt hunn, solle frou do dierfe geschafft ze hunn. Ee Merci kann et hei net ginn.

Den 19. Oktober dann, sinn den OGBL an d‘Personaldelegatioun informéiert ginn, datt ee elo zur kollektiver Entloossung géif iwwergoen. Dat trëfft nach 49 Salariéeën, déi een, wann et eppes méi Zäit ginn hätt wuel och nach kënnen an Aarbecht halen. Streng geholl, an dat gesäit een esou och beim OGBL an der Personaldelegatioun, ass esou ee Beholl e richtege Schlag matten an d‘Gesiicht.

Fir d‘Gewerkschaft stellt d‘Direktioun vu Guardian hei de sozialen Dialog an der Entreprise, wéi och de Lëtzebuerger Modell a Fro. OGBL a Personaldelegatioun kënnen dësen Affront net einfach zur Kenntnis huelen, a si folgerichteg gefuerdert. An enger éischter Kommunikatioun gëtt dann och däitlech gemaach, datt een esou eng Mesure net kann unhuelen, an een eng Äntwert wäert ginn.

Ob et méiglecherweis esouguer zum Streik, nieft anere gewerkschaftlechen Aktioune kënnt, dat huet d‘Direktioun vu Guardian an der Hand. Si kéinten, ugesiichts der ugespaanter Wirtschaftslag, op déi kollektiv Entloossung verzichten, dem OGBL eppes Zäit ginn an esou d‘Ausenanersetzung bäileeën. Dat schéngt leider net de Wëlle vun der Direktioun ze sinn, wat bedauerlech ass.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Diddeleng, Guardian Europe, Käerjeng, Luxguard, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post