Search

You may also like

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad
International Neiegkeeten

41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad

„Et gëtt kee schlecht Wieder, et huet ee just déi

Kinepolis: Hei rullt de Rubel
International Neiegkeeten

Kinepolis: Hei rullt de Rubel

Mat dräi Standuerter ass Kinepolis esou eppes wéi de Plazhalter

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!

A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach

Si hunn dat Guatemaltekescht Parlament a Brand gestach

Am Guatemala reegt sech de Widderstand géint de Budget 2021, well dëse stramm Kierzungen an de Beräicher „Soziales & Bildung“ virgesäit. Bei de leschte Protestaktioune géint de Staatsbudget, hunn Aktivisten d‘Parlament a Brand gestach.

Esou ass et engem Grupp Aktivisten um Samschdeg gelongen sech Zougang zum Parlament am historeschen Zentrum vu Guatemala-Stad ze verschaffen a Feier ze leeën. Op der Tëlee war ze gesinn, wéi d‘Flamen aus de Fënstere vum Parlamentsgebai geschloen hunn. D‘Police bestätegt, datt d‘Féier vun de Pompjeeë konnt ënner Kontroll bruecht ginn. Och soss wat et Mouvementéiert.

Wann d‘Demonstratioun generell friddlech verlaf ass, esou gouf et ënnert der Bedeelegten och méi aggressiv Participanten, déi mat Steng op d‘Poliziste geworf hunn. Déi huet esou eppes net gären a mat Tréinegas zeréckgeschoss. De President Alejandro Giammattei, huet via Twitter reagéiert a versprach, datt déi kriminell Aktivisten déi ganz Häert vum Gesetz wäerten ze spiere kréien.

D‘Demonstranten hunn hirersäits de President opgeruff, säi Veto géint dëse Budget anzeleeën. Dëse war am Parlament ouni ëffentlechen Debat duerchgeboxt ginn. Dobäi war an ass den Entworf scho massiv kritiséiert ginn. D‘Zivilgesellschaft, Entrepreneuren an esouguer déi kathoulesch Kierch hu kee gutt Hoer un dësem Budget gelooss. D‘Grënn si liicht verständlech an novollzéibar.

Esou sollen nei Scholde gemaach ginn, déi iwwert Kierzungen an de Beräicher: Soziales, Bildung a Gesondheet solle finanzéiert ginn. Doriwwer eraus gëtt dem Parlament an der Regierung virgeworf net Transparent ze kommunizéieren. Et gëtt och net appreciéiert, datt esou Decisioune geholl ginn, wou d‘Leit nach mat de Folge vun den Tropestierm „Eta“ an „Iota“ schwéier ze kämpfen hunn.

Wat ee wësse muss:

  • Laut engem Rapport vum Weltwährungsfong (IMF) hunn 30% vun den Entreprisen aus der industrieller Landwirtschaft massiv Entloossunge virgeholl;
  • 80% vun den Hoteller hunn zanter Mäerz guer keng Cliente méi an och déi fir d‘Land esou wichteg „Call Zenter“ sinn net méi ausräichend ausgelaascht;
  • Wéinst dem Confinement an den Abousse beim Akommes vun de Menagen, ass de Konsum zanter Abrëll ëm gutt 40% zeréckgaangen. Fir den Eenzelhandel ass dat Existenzbedreeënd;
  • de Welternierungsprogramm vun de Vereenten Natiounen (WFP) an OXFAM warne virun enger Hongerkris,
  • 80% vun der aktiver Bevëlkerung verdéngt hire Liewensënnerhalt am sougenannten „informelle Secteur“, also vollstänneg ouni sozial Ofsécherung;
  • déi allermeeschten am „informelle Secteur“ beschäftegt hu wéineg oder guer keng Bildung;
  • d‘Hallschent vun dëse Lounofhängege verdéngen am Mount ëm déi 125 Euro, woubäi ee Mënsch fir sech eenegermoossen ernieren ze kënnen, ronn 500 Euro opbrénge misst.

mat indymedia/gua

Foto: © Rosario Espinales

Related topics Alejandro Giammattei, Feier, Guatemala, Parlament, Protest, Staatsbudget
Next post Previous post