Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ASTI fuerdert däitlech Mesure fir d‘Integratioun
Kultur Neiegkeeten

ASTI fuerdert däitlech Mesure fir d‘Integratioun

An engem oppene Bréif huet sech d‘ASTI (Vereenegung zur Ënnerstëtzung

Rambazamba fir d‘Ursula
Kultur Neiegkeeten

Rambazamba fir d‘Ursula

Da mengs de du häss alles am Grëff, an da

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren
Kultur Neiegkeeten

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen

Dir gitt gäre wanderen, mä eleng mécht et nëmmen hallef esou vill Spaass? Mat der Initiative „Guide fir een Dag“ bidde Fräiwëlleger – onofhängeg vun den Tourismusbüroen – eenzegaarteg an authentesch Féierungen op Plaze un, déi hinnen um Häerz leien.

Dobäi betreien d’Guide Gruppe vu bis zu 6 Persounen. Eng Féierung dauert ongeféiert 90 Minutten, kaschten näischt an huet e perséinleche Charakter. Duerch d’sanitär Kris verflicht jiddereen sech, d’Gesondheetsmoossnamen ze respektéieren.

D’Initiative „Guide fir een Dag“ ass Deel vun engem nohaltegen Tourismus, deen d’Ëmwelt respektéiert an zum positiven Image vu Lëtzebuerg bäidréit. Jo, de Respekt viru Mënsch, Landschaft an Natur steet op éischter Stell, Virsuerg a Sécherheet mussen zu all Moment garantéiert ginn. Si stellen keng Konkurrenz zu den Offere vum Touristebüro duer.

Guide

De Projet ass am Kader vum Nation Branding entstanen, woubäi d’Iddi jo ass d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg auszebauen an déi vill Facettë vun eisem Land ervirzehiewen. D’Land huet vill ze bidden, an dat well ee mat aneren deelen. Mat „Guide fir een Dag“ huet ee sech genee dëse Gedanken zu Häerz geholl huet, an de Nation Branding erliefbar mécht.

D’Generaldirektioun fir Tourismus huet matgedeelt: De „Guide fir een Dag“ ass entre-temps en Deel vun der Campagne « Lëtzebuerg, dat ass Vakanz ». Mir hunn eis Tourismusstrategie an de leschte Jore verstäerkt op déi no Mäert orientéiert. Dës regional Approche ass e bewosste Choix fir op e méi qualitativ héichwäertegen Tourismus ze setzen. Eis nei Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz !“, cibléiert virun allem Residenten a Leit aus der Groussregioun, deene mir déi villfälteg Facettë vu Lëtzebuerg wëlle méi no bréngen. Do ass de “Guide fir een Dag” eng interessant Méiglechkeet. Mam “Guide for one day” ka jiddereen zum Hobby-Guide ginn a säi perséinlecht Lëtzebuerg virstellen. Esou entdecken Touristen a Residenten nei Facettë vun eisem ofwiesslungsräiche Land. Dëse Summer wäert eng weider Editioun vum Guide fir een Dag vum 20. Juli bis de 13. September 2020 stattfannen. D’Umeldungen als Visiteur si bis zwee Deeg virun engem Tour méiglech.

Méi dozou

44 Guiden sinn ageschriwwen. Insgesamt ginn 135 Visitten (inclus 2 digital Tier) ugebueden a verschiddene Sproochen an op verschiddenen Datumer. Stand 3ten August : 980 Participanten (dorënner 297 bei den digitalen Tier).

 Am August a September sinn ënnert anerem nach dës Touren méiglech:

  • City Safari
  • Zu Fouss duerch d’Parken an d’Alstad
  • 1000 Joer Geschicht a 90 Minutten
  • The Walking Esch
  • Lost Places
  • Op der Sich nom Melusina
  • Féierung duerch d’Stad aus polizeilecher Siicht

All Informatioune ginn et op guideforoneday.lu.

Opmaacherbild: Am Kader vun “Guide fir een Dag” huet den Zäitzeien Marcel Hilbert bei engem Trëppeltour duerch Dummeldeng seng Andréck vun der Naziokkupatioun an der Befreiung 1944 unhand vun perséinlechen Ënnerlagen an Anekdoten erzielt © Guide for a day / Facebook

Ähnlech Sujeten #VakanzDoheem, Authentizitéit, Erliewen, Féierung, Guide fir een Dag, Guide for a day, Guidéiert Visitt, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg – Dat ass Vakanz!, Nationbranding, Tourismus, Tourismusstrategie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel