Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren
Neiegkeeten

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

Nodeems 2017 dem Tupoka Ogette säi Buch exit RACISM: rassismuskritisch denken

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun
Neiegkeeten

Ugrëff op Uelegtanker an der Golfregioun

Sabotageaktioune kréien d‘Iraner regelméisseg ënnerstallt an elo sollen si sech

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht
Neiegkeeten

Italien: Manifestatioune géint e Gesetzprojet zur Reform vum Familljerecht

E Samschdeg ass et an Italien a enge 60 Stied

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun

Guidéiert Visitt duerch d’Schlammwiss an d’Beringungsstatioun

Dir wollt schonn ëmmer méi zum Naturschutzgebitt Schlammwiss, seng Flora a Fauna wëssen? Um Sonndeg, den 12. Juli 2020 proposéiert d’Beringungsstatioun Kleng a Grouss op eng Visitt an der Natur. De Fokus läit virun allem um Prozess vun der Beringung vun de Villercher.

Start ass um 9:00 Auer um Parking vum Fussballterrain zu Iwwersiren. Den noosten Arrêt, fir all déijéineg, déi mam ëffentlechen Transport kommen, ass d’Gare Mënsbech. Denkt drun déi passend Schong a Kleedung fir dës Visitt dobaussen unzedoen. Hënn sinn net erlaabt.

Beringungsstatioun

www.birdringingstation-schlammwiss.com

Umelle muss ee sech via Telefon (621 293 695) oder E-Mail (j.p.schmitz@luxnatur.lu). Dat lokaalt Naturschutzgebitt a seng Projeten kënnt Dir donieft och mat engem Don ënnerstëtzen:

  • CCP LLULL
  • IBAN: LU89 1111 0789 9941 0000
  • Mentioun: Don Schlammwiss

Opmaacherbild: © Jan Meeus / Unsplash

Ähnlech Sujeten Beringungsstatioun, Flora a Fauna, Iwwersiren, natur&ëmwelt, Naturschutzgebitt, Schlammwiss, Villercher, Visitt, Vullen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel