Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vun zwee Buergermeeschteren a véier Schäffen
Kultur Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Buergermeeschteren a véier Schäffen

Um 25. Oktober 2019 hunn um Inneministère a Presenz vun

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
Kultur Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften
Kultur Neiegkeeten

Wisou et an Amerika esou laang dauert ee Polizist ze verhaften

Wou lescht Joer ee Polizist d’Atatiana Jefferson an hirem Doheem

Guidéiert Visitten um Plateau Kierchbierg

Guidéiert Visitten um Plateau Kierchbierg

Zënter der Installatioun vun den éischten europäeschen Institutiounen ass de Plateau Kierchbierg am stännege Wandel. Vu Gréngfläche bis zu administrative Gebaier ass wuel alles vertrueden, woubäi aktuell eng Entwécklung zum gemixten an enke Quartier stattfënnt, bei der Aarbecht a Wunne kombinéiert ginn.

Fir dës urban Evolutioun besser kennenzeléieren invitéiert de Fonds Kirchberg de Public op eng Serie vu guidéierte Visitten. Dobäi gëtt als éischt de Sëtz vu Fonds Kirchberg presentéiert, uschléissend geet et mam Bus duerch de Quartier.

Folgend Rendez-Vousen stinn fest:

  • Samschdes, de 14 September 2019 (LU)
  • Samschdes, den 21. September 2019 (FR)
  • Samschdes, de 5. Oktober 2019 (LU)
  • Samschdes, den 12. Oktober 2019 (DE)
  • Samschdes, den 19. Oktober 2019 (LU)
  • Samschdes, den 26. Oktober 2019 (FR)

D’Visitte fänken um 10:00 Auer un an daueren ongeféier 2 Stonnen. Treffpunkt ass beim Fonds Kirchberg (4, rue Erasme 1468 Lëtzebuerg). D’Participatioun ass gratis, allerdéngs sollt ee sech op mannst eng Woch am viraus umelden.

Heivir soll ee sech per E-Mail ënnert info@fondskirchberg.lu oder Telefon ënnert der Nummer 26 43 45 10 (Méindes bis Freides 8:00 bis 12:00 Auer a 14:00 bis 17:00 Auer) mellen, de gewënschten Dag an d’Unzuel u Participanten uginn.

Ähnlech Sujeten Europäeschen Quartier, Fonds Kirchberg, Guidéiert Visitten, Plateau Kierchbierg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel