Search

You may also like

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes
International Neiegkeeten

Europa a Groussbritannien op der Sich nom Handelsofkommes

D‘Scheedung ass vollzunn, de Brexit ass Geschicht… elo geet et

Si hunn eng Missioun a sollten ënnerstëtzt ginn
International Neiegkeeten

Si hunn eng Missioun a sollten ënnerstëtzt ginn

Sea-Watch e.V. ass eng gemengnëtzeg Initiative, déi sech der ziville Séinoutrettung

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
International Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

Frachtschëff viru Japan ënnergaangen

E Member vun der Besatzung konnt gerett ginn, en zweete gouf och aus dem Waasser gefëscht ass awer spéider verstuerwen

Frachtschëff viru Japan ënnergaangen

Virun der japanescher Küst ass ee Frachter mat iwwer 40 Mann a ronn 5.867 Randbéischte wéinst staarkem Wellegang gekentert an Ënnergaangen. Déi rau Séi war d‘folleg vun engem Taifun, an den eenzegen Iwwerliewende Matrous, Edvardo Sareno, huet no senger Rettung uginn, datt ee Motor ausgefall war. Dat konnt awer zu Stonn net vun de japaneschen Autoritéite bestätegt ginn.

Livestock

Laut dem éischte Bericht, hätt sech de philippinnesche Matrous vun der Gulf Livestock 1, déi ënnert panamaeschem Fändel ënnerwee war, konnt sech an enger Rettungsinsel a a Sécherheet bréngen. Hien hätt zanterhier keen anere Membere vun der Crew gesinn. De Mann war vun de Rettungskräften op ee gréissert Schëff bruecht ginn, wou hien éischt Froe beäntwert huet.

D‘Gulf Livestock 1 hat seng Fracht an Neiséiland opgeholl a war Mëtt August a Richtung China lassgefuer. Zu de Kolleege vum Edvardo Sareno, déi zur Stonn nach als Vermësst gëllen, gehéieren 38 Philippinner, 2 Australier an 2 Neiséilänner. E weidere Mann vun der Besatzung war eppes éischter fonnt ginn, ass awer no senger Rettung verstuerwen. D‘Sich no weideren Affer leeft nach.

Laut der japanescher Küstewaach sinn d‘Chance geréng nach weider Iwwerliewender ze fannen. Zudeem suergt aktuell den Taifun Haishen iwwert dem ostchinesesche Mier fir onméiglech Wiederkonditiounen. D‘Schëff hat ee Mëttwoch aus de Gewässer westlech vun Amami Oshima en S.O.S. ofgesat, wéi et vum Taifun Maysak getraff gouf.

Déi japanesch Küstewaach bestätegt, dann si am Kontext vun der Sich no weideren Iwwerliewenden Spuere vu Schëffsdiesel um Mier lokaliséiert hunn. Och eng Rei Carcasse vu Randbéischte waren um Mier gesi ginn. All dës Indizie géifen drop hiweisen, datt Gulf Livestock 1 tatsächlech wéi vum Matrous uginn, ënnergaangen ass. D‘Sich gouf vun anere Schëffer an aus de Loft ënnerstëtzt.

mat indymedia/fuk/osa

Illustratioun: D‘Frachtschëff Gulf Livestock 1, hei nach ee Bild wou d‘Schëff ënnert sengem fréiere Numm „Rameh“ um Quai am Hafe vu Freemantel (West-Australien) festgemaach ass. Dat war de 16. Abrëll 2016. ( Bahnfrend – cc by-sa 4.0)

Related topics Frachtschëff, Japan, Küstewaach, ostchinesescht Mier, Séinout, Taifun Haishen, Taifun Kaysak
Next post Previous post