Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer
Am Schlass vun Artigny bei Tours (F) kënnt haut den
Am Schlass vun Artigny bei Tours (F) kënnt haut den
Bis virun d’Dier muss de mam Auto kommen. Direkt virum
Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler
Den amerikanesche Freestyle Schi-Fuerer Gus Kenswourth gouf – zu senger Freed! – bei engem Kuss mat sengem Frënd gefilmt. Dëst war gëschter no senger Ronn am Slopestyle geschitt. Hien ass ee vun de rare Sportler vun dësen olympesche Spiller, déi oppen homosexuell sinn.
Den Amerikaner (26) war nëmmen op déi zwieleft Plaz an der Finall komm. Mee mat dësem Kuss huet e fir vill Opreegung gesuergt. Vill Leit mengen, datt dëse gefilmte Kuss en historesche Moment fir d’Olympesch Spiller sinn.
“Mir war net bewosst, datt mer gefilmt géife ginn. Mee ech sinn esou glécklech, datt dat geschitt ass”, esou de Kenworthy op Twitter. Hei huet hien och e Screenshot vum Kuss gepost, wat vill Ënnerstëtzung fonnt huet. “A menger ganzer Jugend hätt ech mir ni virstelle kënnen, datt zwee Männer sech fir déi éischte Kéier bei den olympesche Spiller op der Tëlee géinge kusse. Mee elo kann e Jonken, deen d’Tëlee kuckt, et gesinn. +Love is love+.”
“Déi eenzeg Méiglechkeet fir eppes ze änneren ass Maueren ofzerappen. Géint Homophobie ze kämpfen kann nëmmen duerch Representatioun geschéien”, huet de Sportler gesot. “Dat huet et sécherlech net ginn, wéi ech nach e Kand war. Ech hu mat Sécherheet kee schwulen Athlet gesinn, dee säi Frënd kusst. Wier dat de Fall gewiescht, wier et fir mech vill méi einfach gewiescht.”
Dat huet et sécherlech net ginn, wéi ech nach e Kand war. Ech hu mat Sécherheet kee schwulen Athlet gesinn, dee säi Frënd kusst. Wier dat de Fall gewiescht, wier et fir mech vill méi einfach gewiescht.
“Et ass eppes, wat ech gäre scho bei de leschter Olympiad gemaach hätt. Mee ech hat ze vill Angscht, fir et ze maachen”, sot en. “Et maachen ze kënnen, an dëst Zeeche vun der Léift op der Tëlee fir d’ganz Welt veréiwegt ze hunn, ass net ze faassen!”
Um Ufank vun de Spiller vun dësem Joer huet de kanadesch-süd-koreaneschen Schlittschongfuerer Eric Radford vir Schlagzeile gesuergt. Hie war den éischten oppe schwulen Olympionik, deen eng gëlle Medail bei de Wanterspiller gewonnen hat.
Mat AFP – pst/alh/dif/cto
Foto: De Gus Kenworthy bei der slopestyle Final. AFP PHOTO / Martin BUREAU
0
3
0
0
0
0
2